Commentaire vum Nico GrafFréijoersbotz beim SREL

De Premier am Bulli, de Xavier Bettel an der SREL-Fal – wat gëtt net alles gesot iwwer den neisten Ecoute-Skandal vum Geheimdéngscht, eeen elo op alle Niveaue soll opgekläert ginn.

An der Saach ass dës Affairchen et net wert, datt sech esou onmoosseg opgereegt gëtt. Well an der Saach geet et drëms, datt et wuel e Mënsch am Land gëtt, deen zanter Joren iwwerwaacht gëtt, well en als islamisteschen Terrorist kéint aktiv ginn. Preventiv gëtt also säin Telefon ofgelauschtert an d'Autorisatioun duerfir bleift eng Kéier – blöderweis – am Tirang leien. Wat illegal ass.

De SREL mécht dowéinst en interne Conciliabul, Premier a Geheimdéngscht-Kontroll-Kommissioun ginn informéiert, d'Operatiouns-Cheffin gëtt degradéiert a versat an - koppeg genuch - d'Saach geet net un de Parquet.

Nodeems d'tageblatt se du bruecht hat, ass dat elo en vitesse nogeholl ginn.

Fréijoersbotz beim SREL / Commentaire: Nico Graf

An och den desagreabelen Akt vum Stéck huet ugefaangen, en Akt, deen nach ferm am gaangen ass.

Datt d'CSV – déi jo nach ëmmer un der Legend bastelt, hiren aarme jcj wier ewechgeputscht ginn – datt déi elo probéiert dem Premier Bettel eng analog Affär un den Hals ze hänken – dat ass de mauvaise guerre, revanchard an domat geschenkt. Well an der CSV vergiesse se allègrement, datt illegal Ecouten nëmmen e ganz klengen Deel vun de sëlleche SREL-Skandaler waren, an datt dee Service iwwer Joren aus dem Rudder gelaf war. An datt den deemolege SREL-Skandal en dernière analyse eng Suite vun der nach ëmmer net ganz opgekläerter Bommeleeër-Affär war an ass. An domat ass ee wahrscheinlech am Kär vun dëser Affärchen. Well datt ausgerechent déi hyper-korrekt Doris Woltz SREL-Cheffin ginn ass, dat huet op den éischte Bléck no engem immens gudde Coup ausgesinn, ass op den zweete Bléck awer vläicht eng enorm Erreur gewiescht. Well et ass jo kloer, datt esou en Déngscht net vergësst. Net vergësst, datt et d'Doris Woltz an de Robert Biever waren, déi déckkäppeg an zéi Dysfonctionnementer an de forces publiques - Gendarmerie a SREL, vläicht och Arméi - opgedeckt hunn, datt also elo déi héchst Gendaarmen, déi d'Land hat op en eventuelle Prozess waarden, datt de SREL-Chef Hoffmann an der Chamber an am Prozess huet missen äntweren, datt de Marco Mille huet misse goen, datt Enquête lafen géint d'SREL-Leit Kemmer, Schneider a Mille, also alles gravest Fauten aus der Vue vu Geheimdéngscht-Hardliner.

Et kéint also emol sinn, datt d'Doris Woltz am SREL eng Fal gestallt krut, an déi si prompt getrëppelt wier. Dozou passt, datt d'CSV sech an der Chamber-Kommissioun manner op de Premier a villvill méi op d'Doris Woltz acharnéiert huet – kee Wonner, well si war et, déi den deemolegen Espoir Luc Frieden als Bremser an der Bommeleeër-Affär denoncéiert hat.

Time fir Vendetta also, an déi ass och hei am Land e kale Plat.

A well gestëbst soll ginn an deem SREL gëtt dann elo net nëmme vum Parquet mä och op héchstem politeschen Niveau enquêtéiert, wien der béiser, béiser Press d'Informatioune gestach huet. Banal Plainte sinn ënnerwee, mä och Deputéiert als Commissairen an e-Maile mat Gebiedels ëm Informatiounen – Orthodoxes an, hm, Kreatives gëtt probéiert fir erauszefannen wat – iwwer déi illegal Ecouten eraus – am SREL schif gelaf ass a leeft. Eng hektesch Fréijoersbotz ass am gaangen.

Déi wichtegst grouss Botz leeft awer schonn zanter Joren – déi vun der Bommeleeër-Affär an déi vun hirem klengen Tirang SREL-Affär. An et wier net vu Muttwëll, wann een endlech Resultater géing gewuer ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.