Commentaire vum Nico GrafScho Schluz?

D'CDU gewënnt haut-la-main, d'SPD verléiert. ROT-Rot gëtt et net – trotz Martin Schulz an Oskar. Am Saarland ware Wahlen an déi grouss Koalitioun regéiert do wuel weider. E Commentaire vum Nico Graf.

Scho Schluz? E Commentaire vum Nico Graf.



AKK nenne si hir Ministerpresidentin, do iwwer bei eisen Noperen. AKK – dat kléngt neelech wéi den Numm vun engem Maschinegewier vun der Bundeswehr an ongeféier esou huet si d'Hoffnunge vun der SPD zerballert.

Et wier den AKK-Effet, deen d'CDU am Saarland gewanne gedoen hätt, soen elo d'Wahlfuerscher. Et also déiselwecht Mëschung à la Merkel aus Seriositéit a Somnolence, assortéiert mat engem zolitten Amtsbonus, an da geet et ebe weider wéi et bis ewell gaang ass.

Woubäi een net vergiessen däerf, datt d'Saarland virum Oskar gefillte joerdausendelaang vun der CDU regéiert ginn ass an datt am Saarland Paschtéier béider Couleur an d'Patrone vu Stol a Kuel traditionell de Leit hir Velléitéiten, hiert Liewen ze veränneren, ausgedriwwen hunn. A wann d'AKK dann ouni Nout och nach op déi türkesch Referendumskämpfer schéisst an hinne verbitt, am Saarland opzetrieden, ouni datt si dat iwwerhaapt wëlles haten – jo dann dreift dat nach e puer Wieler vun der AFD eriwwer bei d'CDU. Erdogan an AKK, même combat, Burka driwwer.

D'SPD iwwerdeems, déi ka sech – wéi soen se doiwwer ëmmer, wann se e Futtballsmatch blöd verléieren – de Mond ofwëschen a weidermaachen. War wohl nix mam Schulz-Effet. Oder dach oder wéi? Well si vergläichen elo hiert Resultat vum Sonndeg mat de Sondagë vu virun e puer Méint oder se rechnen aus, datt se absolut méi Stëmme krute wéi déi leschte Kéier – se päifen am Bësch.

An dee saarlännesche Fouss hannebäi ass vläicht hir Chance. Well et geet jo net duer, datt een e parteiinternen Hoffnungsdréier huet, deen SPD-Erléiser, dee Mister-100% muss och nach d'Wieler iwwerzeegen. An do hëlleft dach dann awer vläicht e bësse schaffen, Programmer weisen oder wat Politiker esou man, fir de Wieler op hir Säit ze zéien. De Martin Schulz, dee kokettéiert jo ëmmer gär dermat, datt hien en normale Mënsch mat normalen Defiziten an Defaiten am Liewe war. A bé – ofgesinn vun der Defaite géint eise Jean-Claude – kann hien dann elo mat engem weidere bloen A glënneren. Dat ass mënschlech an attraktiv an aktivéiert bei jiddwer Wieler den Infirmiers-Reflex. Schön wär's, mä net onbedéngt realistesch.

Wat mer bei deem Wahlresultat am beschte gefält, dat ass déi héich Participatioun, bal 5%-Punkte méi, dat ass eng gutt Saach an heescht, datt et de Leit guer net egal ass, wat en hirem Land geschitt.

An déi aner fei Saach ass, datt dat Parlament un der Saar net zersplittert ass. Nëmme 4 Parteien, eng sécher Majoritéit fir déi, déi regéieren, och dat ass gutt. Ëm déi komesch FDP muss et engem net leeddoen. Schonn éischter ëm déi Gréng, déi net an de Landtag komm sinn. An zwar net wéinst hinnen, mä wéinst dem Land. Well dat Saarland ass ënner anerem e Land mat zéch Frichen, untertage an übertage, an eng staark wierklech gréng Partei wier néideg, fir do mat ze botzen. Och do Parallellen mat deem anere Mini-Nopeschland.

Datt d'AFD am Verglach mat anere bundesdäitsche Regionalwahlen halbéiert ginn ass – tipptopp. An datt déi sech elo am Landtag blaméiere kënnen – reng polithygienesch ass et gesond a besser, wann esou honorabel Leit siichtbar sinn.

D'AKK gëtt no hirer Victoire schonn als Mutti-Nofolgerin gehandelt – dat seet mir genuch iwwer d'Merkel-Flemm an der CDU. Och si päife scho ganz haart am Bësch, wa se eng Langweilerin duerch eng aner ersetze wëllen.

Mä datt ass vläicht dat Allerbescht um saarlännesche Wahlresultat, datt et langweileg weidergeet. An dësen opgereegten Zäiten. Op "weider-esou" eppes Guddes fir de Bund wier, no de soporifiquë Merkeljoer – dat ass déi aner Fro.

Zu Senneng steet e komescht Denkmal an enger Kapell, wou Vullen engem hellege Mann op de Kapp man, an do steet geschriwwen "Sanctus Martinus ab angelo consolatur" - de Martin Schulz, dee muss sech elo op de Kapp späize loossen a vläicht gëtt hien och doiwwer vun zwee Engele getréischt, deemnächst an Rhein und Ruhr an zu Kiel.

A wann net: Stëmmunge si keng Stëmmen, soen se - elo scho schlau - bei der SPD.

Jidder Wett, datt eis pré-succès-besoffen CSV sech déi Lektioun ofkuckt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.