Commentaire vum Guy WeberLëtzebuerg: e Vëlosland?

De Chefredakter vun der Tëlee, Guy Weber, gëtt eng kloer Äntwert a schwätzt aus Erfarung.

Lëtzebuerg: e Vëlosland? (27.03.2017)
E Commentaire vum Guy Weber

Ech war dës Lescht an der Mëttesstonn mam Vëlo tëscht Neihaischen an dem Senningerbierg ënnerwee. Et war kal. Et huet gereent. Ech hu mech méi zur Mëtt vun der Strooss gehalen, fir den Dreck um Rand vun der Strooss ze evitéieren a kee Platten ze riskéieren.

Do kënnt en Auto vun hannen ugerast. De Chauffer tut ganz aggressiv. Eng éischte Kéier. Duerno eng 2. Kéier. An nach eng 3. Kéier, ewéi den Automobilist laanschtfiert.

Et war mer bewosst, ech hunn op der Strooss gehënnert. Wéi konnt ech och net wëssen, dass d'Strooss dem Auto gehéiert an dem Auto eleng. Wa Chauffere mat hiren 200, 300 a 400 Päerd staarke Gefierer ugebraust kommen, da solle Vëlosfuerer, déi nëmme mat 30 fueren, Plaz maachen.

Ma, léif Automobilisten, d'Strooss gehéiert NET eleng den Autoen. Et ass Plaz fir jiddereen. Denkt wann ech gelift och drun, dass och e Vëlosfuerer Plaz brauch an iwwerhuelt mat engem gewëssen Ofstand.

Ech weess, dass mer als Vëlosfuerer dacks niefteneen amplaz hannertenee fueren. Mer maache Feeler. Ma wat wär et schéin, wann elo beim schéine Wieder, wou nees méi Mënschen op 2 Rieder ënnerwee sinn, Autofuerer a Vëlosfuerer een deen anere géife respektéieren? Wat wär et schéin, wa mer eis un de Beispiller vun Amsterdam a Kopenhagen och nëmmen e bësse kéinten inspiréieren?

Ech fueren elo 28 Joer sportlech als Hobbyfuerer Vëlo. D'Aggressivitéit vun den Autofuerer huet zougeholl. Jiddereen ass presséiert. Vu Respekt keng Spur méi. Schued. Fir mech steet fest: Mer si vun der Mentalitéit hier KEE Vëlosland. Trotz allen Efforte fir eng douce Mobilitéit. Mer hu super Landschaften, vill Vëlosweeër a gutt Stroossen. Et feelt nach den néidege Respekt ee vis-à-vis vun deem aneren. Leider.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.