Commentaire vum Dany RasquéWann eng gutt gemengten Aktioun an den Eemer geet

"Wann eng Aktioun, déi wahrscheinlech gutt gemengt ass, an den Eemer geet". Mat deene Wierder iwwerschreift d'Dany Rasqué säi Commentaire vun de Moien.

No der LSAP ass et dës Kéier d'CSV, déi de Präis fir déi beschten Anti-Fraen-Aktioun kritt:
Den Ament kënnen d'Membere vun der Partei sech nämlech fir d'CSV-Akademie umellen, eng Rei Formatiounen, wou een als méi oder manner Newcomer bäibruecht kritt, wéi ee Politik mécht. Dëst Joer gëtt de Fokus op d'Gemengewahle geluecht an do gëtt et eng Formatioun vun der CSF Süden an der CSF Réiserbann (dat sinn déi chrëschtlech -sozial Fraen) déi besonnesch "intressant" ass.
Si huet den Titel "Vu Fra zu Fra - Wéi verhalen ech mech als Fra, wann ech Politik maachen?"

CSV-Akademie / E Commentaire vum Dany Rasqué


 
Et geet ëm 4 kruzial Froen an deem Zesummenhang, nämlech wéi Fra fräi schwätzt, wat Fra seet, wat Fra undeet a wéi Fra op een duer geet.
Alles dat kritt d'CSV-Madame an engem Crash Cours vun dräi Stonne bäibruecht.
 
Et ass zimlech amüsant ze gesinn, wéi d'Parteie sech all Kéiers bei sou pseudo Fraenaktiounen selwer an de Knéi schéissen. Sécher, wann een um Ufank vu senger politescher Carrière steet an och nach fir d'éischte Kéier op enger Lëscht ass, sinn e puer praktesch Rotschléi net vu Muttwëll. Dat gëllt awer sou gutt fir Fraen, wéi wahrscheinlech och fir Männer.
 
Mä léif Männer, keng Angscht och fir Iech ginn et Formatioune bei der CSV, just ebe keng, déi spezifesch fir Iech sinn an och keng, wou der léiert, wéi der Iech unditt.
 
Bei Fraen ass dat och méi sënnvoll, schliisslech si mir et jo, déi all Moies eng hallef Stonn virum Kleederschaf stinn, bis mer eis eng Tenue erausgesicht hunn an dann trotzdeem nach net richteg ugedoe sinn, fir bei der CSV Politik ze maachen.

D'Clicheën loossen alt erëm eng Kéier gréissen.
 
Ech wonnere mech eigentlech och, datt verschidde Parteien sech nach ëmmer wonneren, datt net méi Fraen wëlle Politik maachen.
Sou e Kandidatinneliewen ass schliisslech enorm ustrengend. Knapps huet d'Fra all hier Iddien an hir rosa-rout Posch gepak, scho kritt se de schwaarz-orangen Dresscode inklusiv Knigge ronderëm d'Ouere gehae.

An Dee beschte Message vum CSF-Akademie-Flyer hat ech bal vergiess. Do steet ganz am Eescht drop "et ass net WAT ee seet, mä Wéi een et seet."
Ganz nom Motto "mir weisen Iech wéi der äre Kabes a Sëlwerpabeier wéckelt".

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.