Commentaire vum Claude ZeimetzEuropäesche Bols

Si wëlle Sonndegmëtteg fir Sonndegmëtteg weisen, datt den europäesche Gedanken nach lieft. De Mouvement „Pulse of Europe“ ass zanter November am Gaang, sech ëmmer weider auszebreeden. Eng proeuropäesch Beweegung, déi sech dem latente Populismus an Nationalismus entgéintstelle wëll. Den Usaz stëmmt, mengt d'Claude Zeimetz haut am Commentaire.

E weist op d'mannst, datt den europäesche Bols nach schléit. Op d'mannst mol op verschiddene Plazen.

7.500 Leit hu sech e Sonndeg um Punkt zwou Auer zu Berlin um Gendarmenmarkt versammelt. 4.000 zu Frankfurt, 300 zu Wien an zu Paräis an 125 um Parvis vun der Philharmonie um Kierchbierg. Fir nëmmen déi ze nennen. D'Lëscht gëtt vu Sonndeg zu Sonndeg méi laang. Alles an allem hu sech eegenen Aussoe vun den Organisateuren no virgëschter 45.000 Bierger a Biergerinnen ënnert dem Europafändel  zesummefonnt, fir der proeuropäescher „schweigenden Mehrheit“, wéi se an Däitschland soen,  eng Stëmm ze ginn. Eng proeuropäesch Stëmm an Zäite vu Brexit, Donald Trump an de Presidentiellen a Frankräich. Alles organiséiert via déi sozial Netzwierker. Op Initiative vun enger däitscher Affekotekoppel vu Frankfurt.

Antëscht geet de Mouvement vun Däitschland, iwwer Frankräich, Holland, Schweden, Portugal bis an Irland. Et gëtt net gehetzt oder gejaut. D'Grondstëmmung soll positiv, partizipativ sinn. D'Mësstraue gëtt wuel eescht geholl, ma déi europäesch Grondwäerter stinn net zur Dispositioun. E bësschen naiv heescht et an den 10 Grondthesen vu „Pulse of Europe“, jidderee kéint matmaachen. A sollt et och maachen.

Discoursen¨ vu Politiker sinn deemno onerwënscht.  Den oppene Mikro ass  fir den Autonormal-Bierger reservéiert. Freet sech just, wéi laang dat nach garantéiert ass.

Natierlech ass déi proeuropäesch Beweegung bei de Beruffspolitiker gär gesinn, gouf dowéinst och hei an do schonn explizit ernimmt.

An der Stad stounge beispillsweis Viviane Reding, Charel Goerens a Marc Angel op der Clairefontainesplaz tëscht de bloe Loftballonen mat vir bäi.  D'Sonndesnomëttes-Maniffe sinn natierlech eng wëllkommen Ofwiesselung zu der Dauerkritik  an der Dauerskepsis vis-a-vis vu Bréissel. Mä  „Pulse of Europe“ fuerdert och Reformen.

En all ze vill groussen Drock dierft vun der Strooss awer net entstoen. Vläicht ass de Mouvement de Politiker och dowéinst sou sympathesch.

Bis ewell ass nämlech net gewosst, wéi déi Reformen sollen ausgesinn. Vill Prinzipielles also, awer nëmme wéineg Konkretes.
Dat, wat bis ewell de Succès vun der Mobilisatioun ausmécht, kéint op Dauer zum Problem ginn. E Problem, mat deem sech d'Initiateure fréier oder spéider auserneesetze mussen, sollt d'Beweegung, iwwert d'Presidentiellen a Frankräich eraus, weider bestoen bleiwen. Ma gemeinsam konkret Fuerderunge fir d'Bierger aus verschiddene Länner stellen, dat dierft ganz schwéier ginn an engem Europa zu nach ëmmer 28. Firwat géif soss zu Bréissel un enger EU vun de verschiddene Vitesse gedoktert.

Si mer éierlech.

„Pulse of Europe“ bréngt et wuel fäerdeg, e punktuellen, duerchaus sympathesche Statement géint Politikverdrossenheet ze setzen. Laangfristeg Europa-Euphorie an e regelrecht Bekenntnis zu der europäescher Politik gesäit anescht aus. Ëmmerhin si mer an der EU antëscht zu méi wéi 510 Milliounen.

De  Mouvement huet sech bis ewell eenzeg an eleng op Westeuropa limitéiert. Vu Warschau oder Budapest huet ee bis elo nach näischt héieren. Bon, Bréissel war bis ewell och nëmmen eemol derbäi. D'Konscht wäert op alle Fall ginn, grad wéi an der EU och, sou vill wéi méiglech Leit mat an d'Boot ze kréien an engems d'Cacophonie ze verhënneren.

Fir datt de Bols op der Strooss weider schléit.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.