Commentaire vum Guy WeberFlüchtlingen

De Chefredakter vun der Tëlee, Guy Weber, mat engem Commentaire iwwer déi journalistesch Ausernanersetzung mat enger schwiereger Realitéit.

Commentaire vum Guy Weber: Flüchtlingen (05.04.2017)
De Chefredakter vun der Télé, Guy Weber, mat engem Commentaire iwwer déi journalistesch Ausernanersetzunge mat enger schwiereger Realitéit.
Mer si momentan an enger schwiereger Situatioun. Mer si mat villen Realitéite confrontéiert.

Ech schwätzen vun de Flüchtlingen.

Mer hunn an eiser Redaktioun dacks driwwer diskutéiert, wéi mer d’Thematik richteg uginn.

Mer wëllen net e sougenannten “Gutmensch” spillen. Mer wëllen awer och keng Panik verbreeden.

Mä ech muss Iech als Chefredakter soen, dass ech och selwer nach keng zefriddestellend Léisung fonnt hunn, fir komplett an objektiv z'informéieren.

D’Beispill vum Flüchtlingsheem vu Monnerech/Lalleng huet eis nees eng Kéier drun erënnert, dass et keen einfachen Wee gëtt, fir esou z'informéieren,dass jiddereen d’Gefill huet, objektiv am Bild ze sinn.

D’Police, d’Politik, d’Bierger a mer Journaliste liewen an erliewen dacks aner, grondverschidde Realitéiten.

Sécher ass: et gëtt op Plazen e grousst Mësstrauen an Ängscht an der Populatioun.

D’Bierger, déi direkt nieft enger Flüchtlingsstruktur liewen, wëssen net méi, wiem se wat gleewe sollen. Si fille sech am Stach gelooss.

De Problem ass: et gëtt vill geschwat. Et dréit sech villes ëm…et héiert een…

Mä geséchert Informatiounen si rar geséit.

E Beispill:

Wat bedeit et wierklech, wa regelméisseg Policepatroullen an e Flüchtlingsheem geruff oder geschéckt ginn ?

Do mengt esou muenchereen, et géif eppes ënnert den Teppech gekiert ginn.

Sinn et Eenzelfäll? Ass et net normal, dass et zu Spannungen kënnt, wann 100 Männer an engem Heem zesummenliewen ?

D’Beispill vun Monnerech/Lalleng huet allerdéngs och gewisen. Et féiert kee Wee derlaanscht, dass de Bierger vun Ufank u muss matabezu ginn, wa Flüchtlingen an enger Struktur an enger Uertschaft ënnerbruecht ginn.

Mer mussen alleguerten e Wee fannen, fir zesummen ze liewen.

Well et dierften och an Zukunft weider Mënsche kommen, déi op der Sich no engem bessere Liewe sinn.

A bei allen Meenungsverschiddenheeten däerf en ni vergiessen. Et geet ëm Mënschen.

 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.