Commentaire vum Nico GrafWat e Geplënners

„Wéi ass et gaang?“ War gëscht déi meeschtgestallte Fro bei eis hei uewen um Kierchbierg. A Merci, d'Äntwert war „ma gutt“ a mir paken Holz un, datt et esou bleift, no all deem Geplënners. E Commentaire an eegener Saach vum nico graf.

Wéi sot eise Chef: an Zukunft wëll ech kee Pizza-Kéis méi an enger Tastatur gesinn, wollt soen: am neie Gebai ginn aner Säiten opgezunn, do gëtt sech geschéckt an net am Bureau gejickt, a scho guer kee Fingerfood.

Okay, okay, et sinn nëmmen zweehonnert Meter gewierscht a gëscht war et definitiv esouwäit: mir sinn an dat neit Gebai geplënnert. Dat sinn der zwee, hannenaus um Kierchbierger Horizont déi zwee Tierm, déi zimlech verpixelt ausgesinn. Do si mir elo dran. Am hënneschten, bal am Gréngewald.

Plënnere muss etymologesch iergendeppes mat plündern ze dinn hunn. Well am ale Gebai sinn d'Hemmungen op emol all gefall, déi eng hu Schëlder ofgeschrauft, wou „on air“ drop steet, anerer hu Football um Korridor gespillt a Lächer an de Plafong geschoss an en aneren huet d'Schëld vum Raum 167a matgeholl (pësper-op: dat war dee Raum, wou de jcj 2005 de faméisen RTL-Zeien aus der Bommeleeër-Serie begéint huet. Pësper zou). An et wor net keen, deen dat Schëld geklaut huet.

Bon, méi Numm ass Amnesio, ech ka mech u näischt erënneren.

Déi eng schwätze vu 14-18, déi aner soen pépé raconte Verdun. Et sinn der nach e puer ënnert eis, esou richteg Fossilien, déi sech nach drun erënneren, datt d'Kanal-18-Reporter vun dobaussen ëmmer „zeréck an d' Villa Louvigny“ soten, wa se sech ofgemellt hunn. An den Hugo erzielt aus der Villa am Parc, déi laaangeg Couloiren an de Lift fir op den zweete Stack, deen ass zwee Drëttel vun der Zäit hänkebliwwen an am Orchester-Raum stoung dee grousse Gong, wou hien ëmmer drop schloe wollt an d'Nouvellen sinn iwwer den Ticker komm an de Jacques Santer ass um Briefing mat der Nagra opgeholl ginn, 19 Bobine voll, an déi hu misse vun Hand zerschnëppelt ginn. Ech soen Iech, wann déi Al ufänke mat Erzielen.

An du goung et vun der Villa fort, fir déi eng op Bartreng a fir déi aner op de Kierchbierg. Ech selwer si jo hei e Spätankömmling, e Noziggeler (giff den Eric soen) an ech hunn eréischt zwee Deeg virum Geplënners geléiert, datt eis aalt Gebai, de KB1, datt dee KB1 eng Ofkierzung vu Kierchbierg 1 ass, dat Gebai, dat als éischt do stoung. Do iwwer ass de KB2, do sinn déi vun der Télé dran, déi berühmte Leit, bei deenen een och d' Gesiichter a net nëmmen d'Stëmme kennt. Mir Radios-Leit veruechten déi, well si sinn net esou puristesch wéi mir. Oder soe mer esou: mir hu se mepriséiert, fréier, well mat all deene neien Techniken gesäit een och eis Binetten elo ëmmer méi, um Internet an iwwer d'Studio-Kameraën.

An hei iwwer an deem neie Gebai, an der RTLCity ass elo alles vill méi besser gutt. Alles awer och alles ass digital, nix méi analog, ech fille mech selwer schonns ganz schummerech verpixelt, heiansdo 0 an heiansdo 1, dat wiesselt of. Mir sinn elo d'Pointe vum Computer-Progrès, et ginn nach just Données-Päckelcher dorëmmer verschubst, alles – sot déi Deeg en Techniker mer – alles ass Netzwierk, an all déi Firewallen, déi een do brauch, an déi neisten Telefonie an déi vill Appen, jee, ech verstinn näischt vun deem, wat déi digital-native-Kollegen mer do erzielen. An alles soll dann och paperless sinn. Fir eis stierft an Zukunft kee Bam méi, mir schaffen nach just mat bits and bytes, mega dat alles. An d'Kollegen hu mech méintlaang gezèckt, wat méchs Du da mat dengen Dossierën, eleng 5 Dossiere voll mat Noten aus dem Bommeleeër-Prozess. A wat soll ech soen, dat Pabeier-Geméchs ass elo a Këschten an ass mat eriwwer komm an dat neit Gebai. Ech kann et bal net gleewen. Wéi ech d' Këschten fir d' Lescht gesinn hunn stunge se beim Scoute-Chef- Roy am neie Bureau. Ech hoffen dee versuergt se gutt. E klenge Secret: am Fong si mer schonn zanter Méint geplënnert, virtuel, ne, genee wéi dee Prozess scho laang erëm misst am Gaang sinn, also reell, ne. Mä vläicht huet de Juge d' instruction Nilles och alles misse scannen an digitaliséieren an huet dat refuséiert an elo stinn zeg Këschten mat deem Dossier - am Teppechlager vun der Cité judiciaire.

Pardon, dee Commentaire divagéiert grad.

Vläicht sollt een iwwer seriö Saache schreiwen, also iwwer déi Leit, déi dervun dreemen, datt et erëm esou gëtt, wéi  et nach ni war, den Trump oder d' CSV an hire putativen nächsten analog-debile Reformpartner.

Ech selwer verschwannen an der schéiner neister Radios-Welt. Digital – dat kënnt etymologesch jo da wuel vun digitus, wat Fanger heescht op Latengesch.

Esou eng gutt Bureaus-Pizza, dat ass jo wuel och Fingerfood, ne, also iergendwéi digital: ech fuerderen Asyl fir d'Pizza. Mä de Pabeier, versprach, deen iesse mer net mat. An déi jonk Kollege vun haut, déi sammelen Geschichten a Geschichtercher aus dem Joer '17. Déi erzielen se de jonke Kollegen an 20 Joer.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.