Commentaire vum Annick GoerensWahlkampf-Ofkommes: Fair oder Farce?

Lescht Woch hu sech déi meescht Parteien am Virfeld vun de Gemengewalen den 8. Oktober engagéiert ee fairen a sachleche Ëmgang während dem Wahlkampf mateneen ze fleegen. Dofir goufen zwee Accorden ënnerschriwwen, ma net all Parteie souze mat am Boot. Déi Lénk hunn déi zwee Deeler net mat signéiert, d'ADR huet just een Deel ënnerschriwwen an d'KPL war guer net mat um Dësch. Sou een Ofkommes ass trotzdem e Schrëtt an déi richteg Richtung, mengt d'Annick Goerens, ma mat e bëssi méi Courage hätten d'Parteien ee richtegt Zeechen setze kéinten.

Scho bei de leschten Nationalwahlen 2013 hate sech d'Parteien op Fairness, Objektivitéit a Respekt am Ëmgang mat de politesche Géigner gëeenegt. Et ass awer elo déi éischte Kéier, dass ee sech och kloer Regele gëtt am Virfeld vun de Gemengewalen.

Fir d'Wahlkampagne, déi vum 11. September un offiziell fir 4 Woche lancéiert gëtt, gëllt deemno, dass ee sech net géigesäiteg beleidegt, dass een net d'Affichen vun der Konkurrenz vandaliséiert an dass all Partei maximal 75.000 Euro fir Pub an de Medien dierf ausginn.

Dass een hautdesdaags wuel een Ofkommes brauch, fir sech net géigesäiteg ze beleidegen oder ze sabotéieren, ass traureg, mee gehéiert zum politeschen Alldag. Behuelen dat um politeschen Terrain am Fong als Acquis misst gëllen, gëtt haut ausformuléiert. Een Ofkommes ass also ee logesche Schrëtt an ass och sënnvoll an enger Gesellschaft, wou et ëmmer méi normal gëtt, een den Aneren erofzemaachen.

Ee Wahlkampf-Ofkommes sollt am Fong jo fir Chancëgläichheet an een demokratesche Wahlkampf suergen an een onsënnegt Erausgeheie vu Sue limitéieren. Ma déi 75.000 Euro, vun deenen am Accord geschwat gëtt, déi bezéie sech just op d'national Press, Reklammen op den Internetsäiten vun den nationale Medien,  zousätzlech Radio- an Télés-Publicitéiten (zousätzlech well all Partei souwisou ee Minimum ze gutt huet) an op Spotten am Kino.

Do ass weder riets vun de sëlleche Gadgeten, dat heescht Bicer, Magnéiter, Fläschenëffner, etc., nach vun den Deplianten, där ee während de leschte 4 Woche virun de Wahlen all Dag an der Bréifboîte fënnt. Och Loftballonen, Iessen a Gedrénks falen net ënnert dës Regelung an och d'Reklamm am Internet an op de soziale Medien zum Beispill op Facebook ass net geregelt.

Donieft ass et och net kloer, wéi dat soll kontrolléiert ginn. D'Parteie verflichte sech zwar am Sënn vun der Transparenz bis den 31. Mäerz 2018 hir Wahlkampf-Bilanz oppen ze leeën, ma wat geschitt mat enger Partei, déi sech net drun hält? Si Sanktioune virgesinn a wa jo wéi sollen dës ausgesinn? Wann een dann un all dës Saachen denkt, da kënnt engem dësen Accord scho wéi eng Farce vir, eng schéi Fassade fir d'Wieler no baussen, ma bannendra steet d'Haus op wackelegem Fundament.

Donieft ass d'Zomm vu 75.000 Euro zwar de Maximum, dee sech gesat gëtt, kleng Parteie wéi d'KPL, déi Lénk oder d'ADR, wa se dat dann iwwerhaapt wéilten, hätte wahrscheinlech vill Krämpes, sou Fongen ze mobiliséieren. Wann déi eng Partei also méi Reklamme schalte kann, wéi eng Aner, dann huet wierklech net all Partei déi nämmlecht Chancen.

Mam Wahlkampf-Ofkommes sëtzen d'Parteien also een Zeechen, d'Wieler sollen net ze vill mat Plakater a Reklammen geblent ginn an awer traue si sech net, sech selwer méi konsequent ze limitéieren. Sanktioune wäre schwéier ze definéieren, sou heescht et vun de Parteien, d'Responsabilitéit léich bei de Kandidaten an de Parteie selwer. Den Accord gëtt also Guidelines, ouni den Usproch ze hunn, komplett ze sinn. Schued, dass net méi Courage do war, fir selwer den Toun unzeginn.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.