Tëscheruff vum Jeff KettenmeyerKleng, ma wichteg Schrëtt fir d'Promotioun vum Basket

Trotzt dem Out an der Halleffinale gehéiert d'Etzella Ettelbréck fir de Jeff Kettenmeyer zu de Gewënner vun dëser Saison.

Am nationale Basket leeft den Ament déi decisiv Phase vum Championnat. Bei den Damme steet d'Finale mat der Amicale Steesel géint d'Musel Pikes schonns fest, ma bei den Hären decidéiert sech en Dënschdeg den Owend, ob d'Musel Pikes et mat Steesel oder awer dem T71 Diddeleng ze di kréien.

Déi Miseler Hären hate jo e Samschdeg zu Ettelbréck de Sack zougemaach an den Ticket fir d'Finale gebucht. Trotz dem Out, dierft d'Etzella sech awer och zu de Gewënner zielen, dat mengt de Jeff Kettenmeyer an engem Tëscheruff.

Basket Promotioun fir de Sport / Tëscheruff Jeff Kettenmeyer



An zwar a puncto Promotioun fir den eegene Veräin an och de Basket am Allgemengen. Déi Ettelbrécker hunn déi lescht Joren, wat d'Spectateuren ugeet, en Op a Of erlieft.

Ugangs 2000 war de Support enorm, wéi awer dunn no villen Erfolleger d'Victoiren op emol manner goufen, sinn och d'Supporter an de Fan Club lues a lues verschwonnen. Elo, stand haut, deet sech nees eppes zu Ettelbréck.

Dacks gëtt jo am Basket oder souwisou allgemeng am Lëtzebuerger Sport, deelweis mat Recht, kritiséiert, datt d'Matcher zu kengem richtegen Event gemaach ginn. Der Etzella, an iwwregens nach e puer anere Baskets-Veräiner, kann een dëse Virworf net maachen.

Zu Ettelbréck hänken an der Entrée vun der Hal an an der Buvette Panneauen, wou d'Hären an Damme vum Veräin ze gesinn sinn, an et gesäit professionell aus. Op der Tëlee nieft dem Comptoir lafen d'Fotoe vun de Spiller ee nom aner of.
An der Hal gouf et während dem Match bei verschidden Ënnerbriechungen oder Kierf vun der Lokalequipe kuerz musikalesch Téin, wéi een et zum Beispill aus der NBA kennt. An op der Tribüne gouf getrommelt, datt ee sech zu Ettelbréck bal nees 15 Joer zeréck versat gefillt huet.

Dat alles ass och de Verdéngscht vun den Elteren, déi duerch hiren Asaz zesumme mat de Kanner, déi an der Jugend spillen, ee Gefill fir de Veräin entwéckelen. An och d'Supporter vun de Musel Pikes dierf ee net vergiessen, déi hunn nämlech e Samschdeg och hiren Deel dozou bäigedroen, datt laangjäreg Spiller, wéi de Nelson Delgado, trotz der Néierlag um Enn vun engem flotten Erliefnis geschwat hunn.

Bei engem anere groussen Event war zwar och munches gutt, ma awer een Haaptpunkt bleift mer do bis haut ee Rätsel. Wisou bei de Coupe-Finallen am Mäerz d'Presentatioun vun de Spiller a Spillerinne bei den Dammen an Hären ouni musikalesche Support gelaf ass, huet deemools sou gutt wéi kee verstanen. Och hei huet een awer am grousse Ganze probéiert, een Event draus ze maachen, wat och mat der Hëllef vun de Supporter gegléckt war.

De Basket muss a wëll sech eppes afale loossen, fir nees méi Leit an d'Halen ze kréien. Zu Ettelbréck an definitiv och op anere Plazen am Land hu se d'Klacken héieren, op verschidden anere Plaze loosse mer se alt nach e bësse lauden.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.