Commentaire vum Eric EwaldZoustëmmung vum Vollek heescht nach net Support vun der Assemblée nationale

Sozialliberal géint ganz riets, pro Europäesch Unioun géint anti EU, bal onverbraucht géint mat Affäre belaascht: Sou kann een a kuerze Wierder d'Resultat vum 1. Tour, e Sonndeg, vun de franséische Presidentewahle resuméieren.nE Sonnden 8 Deeg sti sech den Emmanuel Macron an d'Marine Le Pen am decisiven zweeten Tour géintiwwer. Och wann d'Mass u sech scho gelies ass, wéi den Eric Ewald de Moien a sengem Commentaire mengt ...

An deem Ballottage dierft - a wäert - et, sauf miracle, net anescht goe wéi 2002, wéi sech all d'demokratesch Parteien hannert de Kandidat Jacques Chirac a géint de Jean-Marie Le Pen, de Papp vum Marine, gestallt hunn. Ronn 80 zu 20 goung deen zweeten Tour deemools aus: Dës Kéier dierft et éischter 2 Drëttel zu engem Drëttel ginn, mä d'Haaptsaach ass, dass d'sougenannt Kandidatin vum Vollek net an den Elysée kënnt.

Woubäi fir de wahrscheinlech nächste Locataire do d'Problemer spéitstens den 8. Mee, den Dag nom zweeten Tour vun de Presidentiellen also, ufänken, well de Leader vun "En marche" den néidege politesche Support an der Assemblée nationale zu Paräis muss fannen, e Support, deen hie bis ewell just um Pabeier huet. Wuel hunn him wichteg Politiker vun de Sozialisten a vun de Republikaner hir Zoustëmmung zougesot: Wéi déi awer ënnereneen an enger Zort grousser franséischer Koalitioun wëllen eens ginn, bei all hiren u sech oniwwerbréckbare politeschen Differenzen, ass elo a wuel och a knapp zwou Wochen net ofzegesinn! Kuerzzäiteg Schwéiergewiichter wéi de viregte Premier Manuel Valls hunn erkläert, un der Säit vum Emmanuel Macron ze stoen: Just wëll deen näischt dovu wëssen an neie Wand, spréch nei Gesiichter, an d'Verantwortung bréngen! Ma a senger Bewegung dierfte sech soubal nach net genuch gewielte Vertrieder fannen, och net no de Parlamentswale vum 11. an 18. Juni!

Fir de Rescht sinn d'Verléierer vu virgëschter am Gaangen, hir Wonnen ze lecken, oder schonn doriwwer eraus! Dem PS, deen op Zwergegréisst reduzéiert gouf, kann een d'Doudesannonce getrouscht schreiwen an d'Gerbë fir op d'Graf bestellen: Eppes méi wéi 6% bedeiten nämlech d'Enn vun enger Vollekspartei. An de schonn ernimmte Manuel Valls wäert, mat de groussen Ambitiounen, déi hien huet, sécher séier eng eege Bewegung grënnen!

Bei de Republikaner, déi de Schued trotz all den Affäre vun hirem Kandidat François Fillon a Grenze gehalen hunn, kann zanter gëschter wuel mam Après-Fillon ugefaange ginn: D'potenziell Successeure stinn allzäit schonn an de Startlächer a wäerte séier, d.h. nach virun de Parlamentswahle vun a manner wéi zwee Méint, nei Hierarchien op d'Bee gestallt hunn.

Bleift nach de Fall Jean-Luc Mélenchon, deen e wierkleche Fall riskéiert ze ginn! Wann ee bal 20% vun de Stëmme kritt, dann huet een eng Responsabilitéit, ma däers schéngt sech de Mann mat de Mao-Col-Hiemer net sou richteg bewosst ze sinn! Wéi kann een et soss erklären, dass sech de fréiere Sozialist net, wéi et d'Selbstverständlechkeet misst sinn, hannert den Emmanuel Macron stellt, mä keng Consigne de vote gëtt, d.h. d'Marine Le Pen net vu vir eran ausschléisst. Dat ass e Spill mam Feier, dat der soi-disant Grande Nation net wierdeg ass, eng Grande Nation, déi ënnert dem zukünftege jonke President och déi Reforme muss ugoen, déi d'Land batter néideg huet, fir net d'Lokomotiv vun de féierenden EU-Memberlänner zerguttst ze verpassen. Well déi Lokomotiv ass de Moment éischter ouni Paräis ... en marche!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.