Commentaire vum Eric EwaldWeltmeeschtere vum Feigen

Wéi déif kann eng Gesellschaft - oder Deeler dovun, wann een Attentäter wéi dee vun der leschter Woch zu Manchester dann iwwerhaapt sou betitelen däerf - falen? Dat freet sech den Eric Ewald de Moien a sengem Commentaire:

Commentaire vum Eric Ewald



Do soutzen also an de leschte Méint a Wochen eng Rëtsch där ganz Kinger zu Manchester an England a wuel och a Libyen beieneen, fir en Attentat op e Popconcert ze preparéieren, en Attentat, dat 22 Leit, an der Haaptsaach Kanner, net iwwerliewe sollten! Dat muss ee sech mol iwwerleeën: Sou wéi anerer beienee sëtzen, fir Monopoly, Mensch ärgere dich nicht oder Kaarten ze spillen, treffe sech Mënschen, wann ee se sou nennen däerf, fir Jugendlecher a Kanner zum Zil vun hirem reliéisen oder net-reliéise Wahn ze maachen! Et stierft dowéinst, stellvertriedend fir all déi aner Affer, z.B. e Kand vun 8 Joer! Wat ass deen nächste Schrëtt, freet ee sech do: Soll dann eng Crèche oder eng Maternité dru gleewe mussen? Kee weess et, ausser vläicht een, deen denkt, mat Jongfrae misse belount ze ginn...

Wann ee mengt, et hätt ee vum Mënsch ewell dat Schlëmmst gesinn, dann ass ëmmer nach en Niveau drënner méiglech, ass deen eenzege Constat, deen engem, leider, dozou afält! Mä wéi kann ee géintsteieren? Well dat ass jo u sech d’Fro, déi eis all bewege muss, déi mer, wéinst eisem Liewensstil, d’Feinde vun deenen Hardien do sinn, déi d’Feigheet a ganz nei Dimensioune bréngen! Mä andeems mer, trotz aller Trauer, déi mer op Grond vu sou Nouvellen ëmfannen, net “Auge um Auge, Zahn um Zahn” zréckschloe géint dës Weltmeeschtere vum Feigen.

Fir an de leschten zwou Wochen, zesumme mat anere Benevollen - déi iwwregens eng Aarbecht leeschten, virun där een den Hutt net genuch kann zéien -, mat v.a. Flüchtlingen aus dem Irak zesumme gesiess ze hunn, ergëtt sech fir mech nëmmen eng Äntwert: Géintsteieren duerch Integratioun. Dës Leit (ë.a. eng Mamm mat hiren zwee groussjärege Bouwen - deen ee spillt hei Fussball, deen anere wëll Ingénieur ginn - a mat hirer mannerjäreger Duechter) maache sech keng Illusiounen iwwer hir Zukunft: An hiren Aen ass Lëtzebuerg fir déi nächst Joren a vläicht Jorzingten hir nei Heemecht! Wéinst dem Haass tëscht Sunniten a Schiiten an hirem Land menge si, dass souguer op Honnerte Jore kee Fridden an hirer Heemecht méiglech ass! Si bleiwen also hei, de Fall gesat, si ginn als Flüchtling unerkannt.

An da verzweifele se bal drun, dass se dee Statut, dee Leit aus deem Raum an hirer grousser Majoritéit kréien, net séier genuch kréien! Wat gëtt et méi Frustréierendes wéi a Containeren ze sëtzen an drop ze waarden, dass sech um Ministère an der Stad hires Schicksals ugeholl gëtt? An deem dote spezifesche Fall ass de Mann net hei, mä nach dohannen; ma och dee géif versaueren duerch d’näischt-maachen! D’Prozedur, fir als Flüchtling unerkannt ze ginn, muss einfach vill méi séier ginn; dat ass net nei als Fuerderung, mä muss vläicht mol nees widderholl ginn. Doduerch, dass ee weist, dass dës Mënschen hei wëllkomm sinn, déi doheem zum Deel schrecklech Saache gesinn an um Wee fir an Europa vläicht weider Schreckleches erlieft hunn, mécht een, dass se net deen Haass entwéckele wéi anerer. Och wann een - dat ginn ech gär zou, a riicht eraus geschwat - kengem an d’Panz kucke kann

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.