Commentaire vum Roy GrotzWien héich erop klëmmt ...

D'CSV-Politiker kënne sech komfortabel op der Päischtcroisière ausrouen - d'Sonndesfro weist, datt d'Partei aus der Oppositioun eraus, d'Tendenz huet, et bis zur absoluter Majoritéit ze bréngen ... mee opgepasst, mengt de Chefredakter Roy Grotz ...

... well deen, deen héich erop klëmmt, kann och mol genee esou héich eroffalen. Dat gëllt och fir d'CSV, där an de Sonndesfro-Sondagen e Plus vun all Kéier engem Sëtz am Norden an Osten an nach emol e Plus vun esouguer 2 Sëtz am Zentrum virausgesot gëtt.

Commentaire: Roy Grotz (1. Juni)


Wa mer den Owend de Süde publizéieren, da sinn ech elo kee groussen Prophéit, dee wuel ka soen, datt och an deem Wahlbezierk nach emol Sëtzer dobäi kommen - dat op d'Käschte vun DP an LSAP, déi am Cumul an an der Moyenne wuel bis zu 4 Sëtz fir all Partei kënnten hänken loossen. Déi Gréng hale sech roueg, schaffen hir Dossieren of a preparéiere sech, fir an all Faarwen-Konstellatiounen nees dobäi ze sinn - esou eng gedige Politik wëssen d'gefrote Wieler wuel ze schätzen - genee sou wéi och d'Wieler vun Déi Lénk, déi de proposéierte Konzepter vun dëser Partei trauen a se och entspriechend ënnerstëtzen, wat sech wuel wäert an engem Plus vun engem Sëtz ausdrécken och ... där doudgesoter ADR mécht de Joé-Thein-Intermezzo näischt weider aus- au contraire: Gibéryen, Kartheiser a Reding hale sech fest am Suedel an och an den Tauxen, wann d'Sonndesfro gestallt gëtt.

Wat maache mer elo mat deem Wëssen?

Ech denken, dass déi aktuell Koalitioun gutt berode wier, a Rou a mat Fläiss a Gewëssenhaftegkeet weider ze schaffen - grouss Revolutioune verdroen d'Wieler net all ze gutt a wëllen net kal erwëscht ginn a sech an hirem Choix respektéiert fillen. D'CSV muss natierlech och weider schaffen a weisen, datt si e glafwierdege Programm fir d'Zukunft huet; e Programm dee konsensfäeg ass, an net aus purem Blockéiere besteet. Schued, dass et grad dës Partei ass, déi eng MatMaach-Këscht lancéiert, an et dann awer genee SI sinn, déi bei der Verfassungsreform de Fouss op der Brems halen an hei déi néideg Reformen net méi wëllen an dëser Legislaturperiod stëmmen. Hei hätt ee weider Pluspunkten kéinten sammelen. Gespaant waarden ech och op déi innovativ Konzepter a Saache Logement, Digitaliséierung vun der Aarbecht an d'Zesummebrénge vu Lëtzebuerger, Frontalieren, Flüchtlingen an Allen, déi an eisem Land liewen. Ech sinn och virwëtzeg, op d'CSV et dann elo fäerdeg bréngt mat jonken, modernen Iddien ze punkten, well nëmmen esou wier de Virsprong aus dëser Editioun vun der Sonndesfro an d'nächst Joer eran ze retten.

D'DP-LSAP-Déi Gréng Regierung mécht et vir, wéi reforméiert a geschafft gëtt: et war en holperegen Depart, elo ass eng gutt, gesond Vitess erreecht, wa se bäibehale gëtt, da sinn d'Tauxen och nees an d'Positiivt ze dréinen ... mee elo entspane se mol all op der Päischtcroisière, da gëtt de Fändel erausgehaangen, an duerno ass d'Vakanz ... an da gi mer wielen ... Käpp natierlech, keng Parteien ...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.