Commentaire vum Dany RasquéAlleng am Réckgang

Stellt Iech vir, Dir gitt op d'Sprangprëssessioun a wëllt hannerzech sprangen, mä kee spréngt mat!

Bëssen esou dierft et och dem Donald Trump goen. Hie wëll och hannerzech sprangen, a grousse Schrëtt - a steet ze soen mutterséilen alleng do. Zum Gléck.

Allerdéngs behëlt e sech, wéi wann him déi ganz Welt géif gehéieren, denkt net u Länner, déi elo scho massiv ënnert dem Klimawandel leiden. Denkt net un déi nächst Generatiounen, deene Generatiounen, deenen hien de Planéit amgaang ass, ze ruinéieren.

Nee, den Donald Trump gleeft mol net drun, datt et de Klimawandel gëtt, gesäit dat als Spinnerei un, als Verschwörung vun de Chinesen.

Staark Stierm, Iwwerschwemmungen, Caniculen, de Mieresspigel, dee klëmmt, an d'Gletscheren, déi schmëlzen. Alles längst eng batter Realitéit, ënnert där virun allem déi äermste Mënschen op der Welt leiden, eng Realitéit, déi fir den US-President awer keng ass.

Fir hie sinn dat Fake News, Informatiounen, déi erfonnt goufen, fir den Amerikaner ze schueden an dofir kënnt en Donald Trump dann och op d'Iddi, datt een esou e Klimaaccord ganz nei verhandele kann. En Accord, dee vun 194 aneren Natiounen ënnerschriwwe ginn ass, soll elo wéinst der Megalomanie vun enger eenzeger Persoun no verhandelt ginn. 194 Natiounen, déi den Eescht vun der Situatioun erkannt hunn an no Vir wëlle goen, sollen elo wéinst engem Trampeldéier gebremst ginn.

Déi däitsch Kanzlerin huet schonn de virleschte Weekend virdru gewarnt, datt op d'USA kee Verlooss méi ass an dat huet sech definitiv confirméiert. An der Rei vun de Länner, déi de Klimaaccord och net ënnerschriwwen hunn, stinn der nach zwee, Syrien an den Nicaragua. Alleng dat seet genuch, d'USA stelle sech an déi selwecht Rei.

Ënnert "America first", hätt ee sech och kënnen eppes ganz anescht virstellen, wéi dat, wat den Donald Trump eigentlech domadder mengt. Et hätt ee sech kënne virstellen, datt d'USA mam gudde Beispill virginn, eng Virbildfonktioun iwwerhuelen a probéieren, aneren Natiounen de Wee ze weisen. Datt dat definitiv net d'Absicht vum Donald Trump ass, ass längst ee fir alle Mol kloer.

Datt him de Rescht vun der Welt net immens wichteg ass, fir net ze soen, komplett egal, ass och gewosst. Seng Decisioun weist anengems, datt hien net virun engem kollektive Suicide zeréck schreckt an iwwerhaapt keng Bedenken huet, sech international ee fir allemol z'isoléieren.

Wann een elo de positiven Aspekt un deem Ganze wëll sichen, kann een drop hoffen, datt en Ofkommes, dat bal vum ganze Rescht vun der Welt ënnerschriwwe ginn ass, méi staark ass, wéi en Donald Trump.

Ze begréissen wier och, wann Europa méi no géif beienee réckelen, méi géif zesummenhalen, ma dat sinn den Ament éischter verzweiwelt Appelle vu Staats- a Regierungschefen, déi nom Trump senger Annonce musse reagéieren.

Wéi realistesch esou Appelle sinn, léisst sech an Zukunft just un Dote moossen, net un Aussoen, déi elo à chaud gemaach ginn. Ze hoffen wier, datt dës Appelle Realitéit ginn, wann een awer driwwer nodenkt, wéi zerstridden Europa den Ament ass, fält et schwéier, esou Aussoe fir boer Mënz ze huelen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.