Commentaire vum Ben FrinKatar - Merci Mister Trump fir Är responsabel Politik

Virun 2 Deeg hu 4 Nopeschlänner de Katar zesumme mat Ägypten politesch isoléiert an all d'Relatiounen op Äis geluecht. Offiziell soll d'Ënnerstëtzung vum Terrorismus duerch de Katar a Syrien an am Jemen domadder sanktionéiert ginn. De Ben Frin gesäit an sengem Kommentar nach aner Hannergrënn.

Ech traue mengen Ouere jo kaum wann ech héieren, dass e Land wéi Saudi Arabien de Katar beschëllegt den Terrorismus ze ënnerstëtzen. Net dass de Virworf falsch wier, de Verdacht héiert ee jo elo net fir d'Éischt. Mee, just fir ze soen, wien am Glashaus sëtzt soll dach net mat Steng geheien, seet een dach ëmmer, well och Saudi Arabien steet zanter Joren ënnert ähnlechem Verdacht, och wann Experte soen de Katar géif di häertsten Extremiste finanzéieren, Saudi Arabien déi éischter moderat Islamistefraktiounen.

Mee et ass méi wéi dat, et geet ëm deen eenzeg richtege Glawen, obwuel se jo all Mosleme sinn, an d'Virmuecht an der Regioun. Schiite géint Sunniten, Saudi Arabien géint den Iran, eng al Feindschaft déi wuel ëmmer wäert existéieren. An hei klëmmt e gudden ale Bekannten, deen aus de Schlagzeilen net eraus ze kréien ass, mat op d'Schachbriet, den US-President Donald Trump. Viru gutt 2 Wochen nach hat deen dem Katar d'Frëndschaft vun den USA zougeséchert, e Mëttwoch da schéisst e per Twitter aus der Hëft, wéi de Cowboy mam Revolver a beschëllegt de Katar indirekt mat a stellt sech op d'Säit vu Saudi Arabien. Mir erënneren eis nach wéi e virun e puer Wochen a Saudi Arabien de Schwäerterdanz opgefouert huet, do gouf et jo och eppes ze feieren: fir ganzer 350 Milliarden Dollar gouf e mega Waffendeal mat Riad ënnerschriwwen.

Ass jo da wuel kloer op wellechter Säit mer sti, wéi? Super, d'Spiral vun der Oprëschtung gëtt fein weider ugedriwwen, mam Iran maache mer en Atomofkommes a setzen ëm dofir, als kleng Zousazmotivatioun sou ze soen, Waffen am Wäert vun honnerte Milliarden Dollar virun d'Nues. Esou funktionéiert Diplomatie à la Trump. Ca promet! De Konflikt geet natierlech och direkt op de nächsten Niveau: scho mécht den Iran d'Saudien an d'Amerikaner fir d'Attentat vun en Dënschdeg zu Teheran responsabel, a wat kënnt duerno? Si mol gespaant op den Trump scho nees den Handy gezunn huet fir weider Ueleg an d'Feier ze twitteren.

Merci Mister Trump fir Är responsabel Politik, eng politesch a virun allem militäresch Eskalatioun am Noen-Oste brauch wierklech keen, mir op d'mannst net.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.