Commentaire vum Nico GrafDuerch-Marche

Duerch-Marche – dat ass d'Wuertspill vun de Sonnden den Owend gewiescht, wéi d'Wahlresultat aus Frankräich komm ass. Dem President Emmanuel Macron seng LRM, seng République en marche, huet am éischten Tour haut-la-main gewonn. Si sinn awer net déi eenzeg, déi duerch Frankräich marschéiert sinn. E Commentaire vum Nico Graf.

De Mann ass gaang. Queesch duerch ganz Frankräich. Vun ënne riets no uewe lénks. Méintlaang war hien en marche. An nëmmen op ganz klenge schmuele Weeër, déi hien Chemins noirs nennt, déi hien op de 25 000er-Kaarte vum IGN fonnt huet a wou hien ëmmer ganz begeeschtert war, wa se op eemol an der Brousse opgehéiert hunn. Fir hien de Summum vun der Anarchie. Well et einfach bedeit huet, datt et do kee Rond point gouf, keng ZACen a keng ZICen – also keng Supermarchéen, keng Fabricken a keng Parkplazen – an och keng Autoroutten a keen TGV a keng Iwwerwaachungs-Kameraen. Hien war op der Sich nom Frankräich vun deene Leit, déi extrem wäit ewechwunnen vun Decisiouns-Zentren, Administratiounen,  grousse Stied, wou de Buedem am geologesche Sënn wichteg ass, Kallek, Granit oder Vulkangesténgs am Massif central. E Frankräich, dat fort wier, dat am Schied wier, dat obskur wier, dat verluer wier, mengt deen, deen en marche war.

An dat ass natierlech net de Macron mat senge Leit. No de Presidentiellen hat dee säi Mouvement séier ëmgedeeft, aus en marche ass La république en marche ginn, et ass also a seng REM-Phas agetrueden an déi ass keen Dram bliwwen, mä zanter virgëscht ebe republikanesch politesch Realitéit – wäit ewech vum einfachen Zu-Fouss-Goen, ass Tsuna-marche ginn, raz-de-marche an d'assembléee nationale. OPA schreift - méi ekonomesch-prosaesch - d'Libération. Dat Bescht, wat iwwer dee Succès ze soen ass, dat ass wuel, datt, wann d'Englänner Brexit a Chaos maachen, datt et gutt ass, datt déi soss anarchesch Frenchien fir apparemment kloer Verhältnisser suergen.

Un déi ech net gleewen.

Virop emol well d'Basis vun deem Succès einfach ze kleng ass: 16 % - domat soll dann elo Frankräich regéiert ginn? 16 %? Genee. Ech war zwar an der Mathe ëmmer eng zimlech Null. Mä wann nëmmen eng 48% Wieler wiele ginn an dovunner kritt d'REM en Drëttel, da mécht dat ebe 16% vun de potentielle Wieler. Dat ass jo dat Frappantst un deene Walen: deen enormen Taux d'abstention. Déi Leit, déi net wiele gaang sinn, hunn eng enorm Majoritéit a sinn am Fong Daboen, well si egal wiem d'Majoritéit kampflos iwwerloossen. E Manktem u politeschem Civissem, deen ech wuel ni verstoe wäert. Mä herno soll dann och kee sech bekloen, wann d'REM an de Macron sech als Mogelpackung entpoppen. Déi et zwar fäerdeg bruecht hunn, déi traditionell Parteie vu Lénks a vu Riets ze zerstéieren, esouguer dem Mélenchon seng Lénk reduzéiert hunn. An d'Faschoe vum Front National kleng gehalen hunn, wéinstens dat. Trotzdeem kéint et emol sinn, datt deen neie Regime sech als hondsgewéinlechen Neoliberalissem devoiléiert. An déi eigentlech Oppositioun am Frankräich kéinten d'Gewerkschafte ginn, wann et da soss keng Oppositioun méi gëtt. Gëscht hunn emol schonn d'Zänndoktere gestreikt, autsch.

Mä d'Zännwéi an den Eck: Ech mengen, datt et guer net gutt ass, wa Wieler an hir Meenungen einfach verschwannen, wa keng Differenze méi do sinn. Et weess een zwar, wat am Midi an hei vir zu Hayange lass ass, mä et ass net méi ze gesinn a net méi ze héieren an der Assemblée nationale. An dreift säin Onwiesen an der France profonde.

Apropos: dee Mann, deen duerch dat soi-disant defavoriséiert Frankräich marschéiert ass, dat ass den Auteur Sylvain Tesson. Deen iwwer sech-en-marche e Buch geschriwwen huet, dat "sur les chemins noirs" heescht. An deen dat nëmme gemat huet, well hien e fierchterlechen Accident hat. Op engem - wuel arroséierte - Fest war hien op den Daach vun engem Haus geklommen, war 10 Meter déif erofgefall, louch am Koma, hat de Réck gebrach, huet d'Gesicht zerdätscht. A wéi se hien eenegermoosse retapéiert haten, dunn huet hien decidéiert, op de schmuelste Weeër duerch Frankräich ze trëppelen. Eng zimlech geckeg therapeutesch Iddi, mä hien huet et gemat.

An hien hat säin Accident schonn hannert sech an huet seng kromm Binette vun den Alpen bis un d'Manche gedroen.    

An dat ass wuel de Programm en marche fir déi nächst Méint a Joer: Realitéits-Choc a Chute a Gueule de bois.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.