Commentaire vum Claude ZeimetzWann een den Haarde spillt

D'Theresa May hat sech dat virun enger Woch alles ganz anescht virgestallt. No de verspillten Neiwalen steet si lo, ouni absolut Majoritéit, ouni Regierung an ouni kloert Mandat, virun der Herkules-Aufgab hiert Land aus der EU erauszeféieren. D'Rees sollt eigentlech e Méindeg ufänken. E Commentaire vum Claude Zeimetz

Eigentlech, well obwuel déi britesch Premierministesch nach no hirer Entrevue mam franséische President Emmanuel Macron gemengt hat, d'Verhandlunge géife wéi geplangt a 5 Deeg lancéiert ginn, dierft spéitstens zanter dem schroe Feier zu London jidderengem kloer sinn, datt deen Timing net méi ze halen ass.

Egal wéi determinéiert d'Theresa May un d'Saach erugoe wëll, egal wéi si sech dergéint strieft, hir Defaite anzegestoen. D'BBC huet gëschter gemellt, d'Annonce vum Koalitiounsprogramm vun der neier Minoritéitsregierung vun de konservativen Tories an den nordireschen Unionisten kéint wéinst der Brandkatastrophe  zu London bis d'nächst Woch no hanne verréckelt ginn. An ouni nei Regierung, keng Brexitverhandlungen mat Bréissel.

Ma dat dierft zu Bréissel kee wierklech stéieren.

Méi wéi een europäesche Politiker hat déi lescht Deeg Schwieregkeete fir ze verstoppen, wéi vill e sech eigentlech heemlech driwwer gefreet huet, datt déi britesch Regierungscheffin d'lescht Woch eng op den Deckel krut a mat de virgezunnen Neiwalen net nëmmen hir eege politesch Zukunft, mä virun allem d'Verhandlungspositioun vun Groussbritannien  vis-a-vis vun der EU geschwächt huet. Bréissel hëlt quasi Revanche fir de Brexitreferendum an huet direkt de Chrono rausgeholl. D'Brite sollten nëmmen net vergiessen, datt d'Zäit weiderleeft an d'Konditioune vun der Scheedung bis spéitstens den 29. Mäerz 2019 ausgehandelt musse sinn.

Bis et souwäit ass, mussen d'Brite sech awer fir d'éischt ënnerteneen eens ginn, ob se da lo wierklech en haarden oder léiwer dach e „softe“ Brexit gären hätten. De Brexitminister David Davis steet offiziell weider hannert enger kompletter Sortie. Een aneren aflossräiche Regierungsmember, de Finanzminister Philip Hammond dogéint oeuvréiert net nëmmen hannert de Kulissen, fir déi geplangte Linn dach nach opzeweechen. An hien ass net eleng. Wéi et an der britescher Press geheescht huet, hätte sech verschidden héichrangeg Ministere mat Vertrieder vu Labour zesummegesat, fir ze kucken wéi London a Bréissel no der Trennung awer nach Frënn kéinte bleiwen. Groussbritannien also an der Zollunioun oder dem Bannemaart bleiwe kéint. Eppes wat besonnesch vill jonk Wieler op der Insel begréisse géifen, déi zejoert géint de Brexit an d'lescht Woch géint d'Tories gestëmmt haten. Fir d'Europäer gëtt et offiziell dogéint nëmmen entweder dobannen oder dobaussen. Et sollt jo eriwwer sinn mat den Extrawurschten. Duerfir ass et och net weider verwonnerlech, datt de franséische President Emmanuel Macron der britescher Premierministesch dës Woch ze verstoe ginn huet, déi europäesch Dier géif bis den Ofschloss vun de Verhandlungen opstoen.

Ob déi aktuell Premierministesch dann nach un der Regierungsspëtzt steet? Dat steet op engem anere Blat. Den Ament op alle Fall gëtt fatzeg un hirem Stull geseet.

D'Theresa May steet net nëmmen wéinst hirem enttäuschende Walresultat, mä och wéinst hirer Allianz mat der DUP aus Nordirland staark an der Kritik. Rassistesch, homophob a sexistesch. Verschidde Memberen vun där Partei sinn der Meenung, d'Welt wier 6.000 Joer al. Donieft d'Angscht, de Konflikt an Nordirland kéint nees opflamen. De fragile Fridden tëscht Protestanten a Katholiken kéint duerch de politesche Poids, deen d'Unionisten solle kréien, a Fro gestallt ginn.

Alles dat hätt beileiwen net misse sinn. "Politik, Madame ass kee Spill", sot an der Zäit den heitege Kommissiounspresident. Vun deem liest ee lo a verschiddenen briteschen Zeitungen, hien hätt d'Theresa May dozou gedréckt, d'Neiwalen duerchzeféieren. Wann een d'Resultat gesäit, kann ee sech denke wisou.

De Commentaire vum Claude Zeimetz

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.