Commentaire vum Pit EverlingLescht Chance fir Frankräich

"Veni, vidi, vici." Och wann d'Manéier eng aner war ewéi déi vum Caesar, passt dëst laténgescht Zitat iergendwéi och bei den neie franséische President Emmanuel Macron. Hien ass komm, en ass du kuerz erëm gaangen, fir ze kucken, hie koum erëm an huet gewonnen. Déi grouss Suerg, datt et mat der Majoritéit am Réck net géing klappen, gëtt et zënter Sonndeg definitiv net méi, oder? Déi gëtt et wuel nach, mengt de Pit Everling.

Commentaire vum Pit Everling



D'Sondagen haten nach e bessere Score fir den zweeten Tour virausgesot, um Enn gëtt et keng ecrasant, ma awer eng stabel absolut Majoritéit. Mat 351 Deputéiert vu 577 a mat villen neie Gesiichter a frëschem Wand am Réck misst et sech regéiere loossen.

D'Zäit, fir ze raschten, gëtt et keng, dofir och d'Decisioun vum Emmanuel Macron, fir elo am Summer net op de franséische Plagen ze defiléieren, mä fir direkt mat 100 à l'heure unzerappen.

Den neien Haushär am Elysée huet vill wëlles: D'Steieren erofsetzen, d'Aarbechtsrecht änneren, d'Assurance chômage verstaatlechen an e Rentesystem mat Punkten aféieren. Dat ass just en Deel vum décke Programm, engem Programm, deen awer net evident an d'Praxis ëmzesetzen ass. Op der Lee stinn e puer däreg Dossieren, déi Risike mat sech bréngen.

Un der Reform vum Aarbechtsmaart an och un där vum Rentesystem kéint de President sech zum Beispill d'Zänn ausbäissen. Enorm wichteg ass et, fir bei de Sozialpartner de richtegen Toun ze fannen a fir se net scho beim éischte Reformprojet virun de Kapp ze stoussen. Déi franséisch Gewerkschafte sinn net grad derfir bekannt, datt mat hinne gutt Kiischten iessen ass.

Derbäi kënnt, datt de franséische President net vill Zäit huet an d'Saache séier mussen "en marche" gesat ginn. D'Reforme mussen ëmgesat sinn, iert iwwerhaapt e richtege Widderstand kann opkommen, spéitstens an der Halschent vum Quinquennat mussen déi déck Dossieren duerch sinn, ouni datt d'Popularitéitswäerter vum President am Keller sinn. Senge Virgänger war dat net gelongen, si hate vill versprach, hunn net vill konnten halen. D'Konsequenze kenne mer: Si si politesch ënnergaangen an hir Parteien zum Deel mat.

Wat och eng Inconnue ass, ass wéi dës traditionell Parteie sech wäerte verhalen a wéi se wäerten evoluéieren déi nächst 5 Joer. Dat selwecht gëllt awer och fir déi eege Reien, et ass net kloer, wéi d'Partei "La Répubique en Marche" mat ville politesche Newcomeren op de Parlamentsbänken an 3, 4 oder 5 Joer wäert ausgesinn.

Den allergréisste Problem vum Emmanuel Macron ass awer en aneren: Déi wichtegst Fro ass déi vum reelle Support vum Vollek.

Et däerf net vergiess ginn: Hien ass e Kompromësskandidat a gouf vu ville Leit just gewielt, fir d'Marine Le Pen ze evitéieren.

D'Victoire bei de Presidentiellen a virun allem elo déi an de Parlamentswahlen ass ëmsou méi ze relativiséieren wéinst der niddereger Participatioun. Enorm vill Fransousen si virgëschter net an d'Wahlkabinne gaangen. Mat engem Taux d'abstention vu ronn 57 % ginn all d'Rekorder an der Ve République gebrach. Et sinn zu engem groussen Deel déi Leit, déi d'Flemm mat der Politik hunn, déi schonn déi lescht Joren Äntwerte versprach kritt haten an déi aus Frust déi Kéier guer net oder eben extrem gewielt hunn.

De Quinquennat vum Emmanuel Macron ass déi lescht Chance, fir kee Frankräich ze hunn, wat vun engem wäit lénksen oder wäit rietse Bord aus regéiert gëtt. Et wäert net einfach sinn déi Chance ze notzen.

Den Emmanuel Macron muss Äntwerte liwweren, soss gëtt aus "En Marche" ganz séier "Marche arrière".

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.