Commentaire vum Jean-Marc SturmMir feieren géint d'Natioun, Monarchie a Kapital

Féck de Grand-Duc! Féck Lëtzebuerg! Féck de Kapitalismus! E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.

De Commentaire vum Jean-Marc Sturm



Eng Präzisioun virop:

De Grupp vu Jonker, dee sech op Facebook an op sengem Internetsite  "Jonk Lénk" nennt an den Ament fir déi Polemik suergt, ass net d'Jugendorganisatioun vun "déi Lénk".

Et ginn allerdéngs Kontakter, heescht et bei där Partei, déi an enger éischter Reaktioun sot, dass et sech hei ëm Jonker handelt an déi dierften och emol rebellesch sinn.

Kloer dierfe se dat, d'68er, wahrscheinlech Deel vun hire Virbiller, waren dat och, quitt dass der ganz vill vun deenen herno éischter am riets-konservativen Eck erëmzefanne waren oder sinn.

Et kann een natierlech d'Monarchie a Fro stellen. Et kann ee fir e Präsidialsystem sinn, och wann dee Posten hei am Land wuel e gëllen Endgleis fir Seniorpolitiker géif ginn.

Et gëtt jo och un enger Verfassungsännerung geschafft, och wann déi aus politeschem Calcul gebremst gëtt.

Mat esou Initiativen hunn déi „jonk Lénk" der ganzer Gauche ee Bierendéngscht geleescht. Déi Kredibilitéit, déi e Rhetoriker wéi den Änder Hoffmann um Krautmaart mat opgebaut huet, riskéiert mat Spréch wéi déi doten d'Baach ofzegoen. Da kann een esou vill verlaangen, wéi ee wëll, dass de Gruef tëscht Räich an Aarm méi kleng muss ginn, drop hiweisen,dass een zu Lëtzebuerg mam Mindestloun d'Enner quasi net beienee ka kréien, dass et u sozialem Wunnraum feelt, dass d’Leit den Androck hunn, hir Suerge géifen net eescht geholl ginn. Lauter zum Deel absolut berechtegt Fuerderungen a Standpunkten, awer net op déi Manéier.

Rebellesch sinn a provozéieren ass dat eent. Respekt dat anert. Ma dat läit zum Deel och un der Educatioun. Erwuesse ginn, heescht awer och gewise kréien, dass et Grenze ginn a wéi wichteg Respekt ass. E bësse méi Niveau wier och net vu Muttwëll. Mat dëser Provokatioun hu Dir et awer an e Commentaire gepackt. Do kann ech just een Zitat nennen. "Moien Du Arsch, bass Du och elo hei.....", och wann ech kee Bock drop hunn.

Sorry, mä ech kann Iech net fir eescht huelen.

Dann nach léiwer e Nuddelsift um Kapp an eng Spaghetti ubieden.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.