Commentaire vum Nadine GautierHomo-Mariage an Däitschland

E Freideg votéiert de Bundestag an Däitschland den Homo-Mariage. D’SPD, déi Gréng an déi Lénk hunn et also erreecht, datt de Sujet a leschter Minutt op den Ordre du Jour vum Parlament stoe kënnt. Vläicht alles Taktik am Wahlkampf, vläicht bedeit et awer och ee Mentalitéitswiessel, deen awer wierklech néideg ass. D’Nadine Gautier hofft op dat zweet.

De Commentaire vum Nadine Gautier



Si hu sech laang Zäit dofir gelooss. Bis elo huet et ëmmer geheescht: Homo-Mariage: Neen. Op jiddwer Fall mol vun der Unioun. Och d’Bundeskanzlerin Angela Merkel hat sech géint d'Bestietnis tëscht gläichgeschlechtleche Koppele gewiert. Elo Ufank der Woch op eemol den Ëmschwong.

D’Angela Merkel ass Invité an der Ronn „Brigitte im Gespräch mit“, engem Interview bei deem ee Spëtzepolitiker kuerz virum Wahlkampf op den Zant gefillt kritt. An do kënnt dann aus dem Publik d’Fro vun engem Här, dee sech freet wéini hie säi Frënd da „säi Mann“ duerf nennen. D’Äntwert vun der Kanzlerin iwwerrascht: si géif sech an den Diskussioune wënschen, et géif Zitat „eher in Richtung einer Gewissensentscheidung“ goen. En Dënschden dunn hieft si de Fraktiounszwang op. Mir géif d’Reaktioun vun der Angela Merkel jo richteg gutt gefalen, wier do net dat klengt Wuert „eher“. Domadder hunn ech d’Gefill hir Decisioun kéim net vun Häerzen oder Iwwerzeegung, mä éischter, datt se wéi ëmmer taktesch handelt. Ënnert anerem d’SPD jubelt iwwert d’Ausso. Och déi Gréng an d’FDP versiche vun der Gonscht vun der Stonn ze profitéieren. Wëllen et direkt nach dës Woch diskutéieren.

Et gëtt natierlech déi eng oder aner Explikatioun firwat d’Däitschland beim Mariage pour tous esou spéit nozitt. Zum enge stoung deen net am Koalitiounsvertrag tëscht Unioun an SPD. D’Unioun, an do virun allem Spëtzepolitiker, hänkt un hire konservative Valeuren. D’Sozialdemokraten wollte kee Broch vun der Fraktioun provozéieren, ma elo schénge se hir Virsätz an de Wand ze schéissen. Se traue sech esou kuerz virun de Wahlen endlech e Risiko anzegoen, a bréngen d’Unioun a Bedrängnis. Bei engem Sujet, deen de Bierger wichteg ass.

An d’Angela Merkel leet sech wichteg Jalone fir d’Wahlen mat hirer Ausso. D’SPD, déi Gréng an déi Lénk haten als Viraussetzung fir eng nächst Koalitioun mat der Unioun de Mariage fir jiddereen als Konditioun gestallt. D’Kanzlerin weess also, datt si elo mat hirem Schratt, sech selwer Diere fir Koalitiounen opgemaach huet.

Däitschland, eng vun den wirtschaftlech ganz staarke Natiounen, dat sech oppe wëll ginn, den Inbegrëff vun engem westleche Land ass, mat westlecher Kultur a Valeuren… grad dat Land ass wann et ëm den Homo-Mariage geet, ee Spätzünder… Virreider wëlle se op alle Niveaue sinn. Ma bei esou engem Sujet wéi d’Bestietnis fir jiddereen, huet sech d’Land et déi lescht Jore schwéier gedoen ee méi moderne  Wee anzeschloen.

Bis ewell duerfen déisäit der Musel Homosexuell Partner just eng Lebenspartnerschaft androen, dat zanter 2001. An och wann do d’Erbrecht, an d’Ënnerhaltsflicht domadder gereegelt sinn, ginn et bei wichtege Froe wéi Adoptiounsrecht nach Diskriminatiounen.

Esouguer Irland, een erzkonservatiivt Land, mécht de Mariage fir jiddereen 2015 op. Holland… do brauch ee weider keng Wierder ze verléieren. Viru 16 Joer gi si op dee Wee. An esouguer d’USA, wou a verschiddenen Deeler vum Land d’traditionell Valeuren héijgehal ginn, koum de Changement scho virun 2 Joer. Et gëtt also héich Zäit, datt Däitschland, wéi och 13 weider europäesch Länner et gewisen hunn, weist, datt et wierklech oppen ass, an net nëmmen esou mécht wéi wann. Iwwerhaapt kann ech net novollzéien firwat d’Bestiednis fir Homosexueller nach eng Diskussioun wäert ass. Mir misste jo awer méi wäit si wéi dat. Et sinn zwee Mënschen déi sech gär hunn a fäerdeg. Datt mir an eise Kulturkreeser iwwerhaapt nach mengen et mussen duerzeknaen, weist einfach wéi gefaange verschidde Leit an hire Muster sinn. Dofir sinn ech ëmsou méi houfreg, datt Lëtzebuerg dat schonn hannert sech huet. Datt et bei eis normal ass, datt Homosexueller déi sech gär hunn, ee Bond fir d’ Liewen kënne agoen. Ech kann och déi Leit net verstoen, déi sech dogéint wieren. Wéi ee Recht huelen déi sech raus, fir iwwert d’Liewe vun aneren z’entscheeden, wéi deenen hir Zukunft oder Liewensplanung ausgesäit? Jidderee soll deen anere maache loosse wéi e wëll, a sech mol op säin eegent Liewe fokusséieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.