Commentaire vum Nico GrafLe temps de la justice

Le temps de la justice – huet de Roby Biever dat emol eng Kéier genannt, wëll soen, d'Zäit, déi d'Justiz braucht, ier se Recht schwätzt. An et huet liicht resignéiert geklong, säin Temps de la justice. E Commentair vum nico graf

Commentaire vum Nico Graf



Et dauert eben déi Zäit, déi et dauert. Muss ee wuel resignéiert soen, wann ee kuckt, wéi laang et dauert bis beim Hellege-Geescht eppes geschitt.

Huelt d'Bommeleeër-Affair. Ofgesinn dervun, datt d'Enquête gewollt a gesteiert lamentabel war, huet awer och dat, wat duerno komm ass, einfach ze laang gedauert. 2007 seet de Roby Biever a senger memorabler Sonndespressekonferenz, zwee Memberen aus der fréierer Brigade mobile missten als Bommeleeër ugeklot ginn. An da geet d'Spill – oder villméi: - de juristeschen Eescht geet lass. D'Chambre du conseil decidéiert, datt e Prozess soll sinn. Dogéint geet d'Defense an Appell an nom Appell kënnt eng Cassatioun. Mat ëmmer deemselwechte Resultat: Prozess. Mee et huet gedauert bis an de Februar 2013, ier de Prozess wierklech ugefaang huet. Deen dunn ugangs Juli 2014 ausgesat ginn ass – well weider fréier Gendarme sech esou a Contradictiounen verwéckelt haten, datt si als zukünfteg Ugekloten hu misse consideréiert ginn. A vu datt - zu Recht - iwwer allem ëmmer d'Rechter vun der Defense stinn – dauert et eben. Wiem dat alles ze laang ass, dee soll kucken, wat an anere Länner juristesch lass ass, soe mer an der Türkei, dann appreciéiert een erëm, datt wat fir Rechter en Ugekloten bei eis huet. An trotzdeem: E Sonndeg waren et geschloen 3 Joer, datt een op d'Fortsetzung vum Prozess waart – ça doure, quoi. Tëschenduerch hu mer ëmmer erëm emol gefrot, wéini et weidergeet. Secret de l'instruction war ëmmer d' Äntwert. An et kritt ee jo mat, wéi wichteg Zeien ëmmer méi al ginn, wéi d'Amnesien zouhuelen, wéi Defense-Affekoten ausgewiesselt ginn.

Eng Affaire, déi jo als Sous-Affaire vum Dossier Bommeleeër ugefaang huet, war d'SREL-Affaire. Geschitt waren déi wesentlech Saachen 2006 an 2007. Wéi de Loris Mariotto d' Informatioun – oder d'Rumeur oder whatever - an Ëmlaf bruecht hat, de Grand-Duc an de Premier Juncker wieren enregistréiert ginn, wéi se iwwer de Prënz Jean an den Eugène Beffort geschwat hunn, e Gespréich dat am November 2005 war.

Erauskoum dat alles awer eréischt am November 2012, wéi de jcj huet missen zouginn, datt säi Geheimdéngscht-Chef hien geheimdéngschtlech mat der Spionage-Auer behandelt hat. Et war den Ufank vun der SREL-Affaire, déi ganz vill Voleten huet an nach iwwerhaapt net opgeschafft ass. A wou elo e butzegen Deel an e Prozess komme soll. Nämlech well Beamten Enregistrementer – Frisbeeën an hirem Jargon - aus dem SREL sollen erausgeholl hunn a well den Elektronikfachmann Loris Mariotto heemlech um Telefon opgeholl ginn ass. Okay, ech hunn hei e bësse resüméiert a verkierzt, mä vill méi ass et net.

Woubäi d' Enquêteure vun der Police judiciaire awer séier reagéiert haten: am November 2012 huet d' Affär ugefaang z'explodéieren, Enn Dezember schonn waren d' Police-Interrogatoiren an der Këscht. De Juge d'instruction awer huet wuel ganz genee suivéiert, wat am Bommeleeër-Prozess lass war, well eréischt Méint nom Enn vun deem Prozess defiléieren erëm Zeien a futur Ugekloten bei him, do si mer schonn am Joer 2015. An elo si mer am Summer 2017 – an d'Preliminairen fir e Prozess sinn nach ëmmer net erduerch. Alles an der Rei, wéi gesot, Droits de la défense obligent. An awer giff een esou villes gär wëssen: nämlech wat de Grand-Duc an de Premier da wierklech beschwat haten, wat déi méi déif Grënn sinn, firwat de Marco Mille säi Chef enregistréiert hat a wat fir eng Roll de Loris Mariotto bei der ominéiser kryptéierter CD wierklech gespillt huet. Selwer opgeholl? Selwer manipuléiert? Reng Erfindung? Oder awer méi derhannert? An dees méi. Hoffnungen op Opklärung huet een do. Vläicht sinn et naiv Hoffnungen.

An de realer Welt hat d'SREL-Affaire kéipweis Repercussiounen - de Marco Mille bei Siemens, de Frank Schneider bei sengem Sandstone, den André Kemmer versat a suspendéiert, Neiwahlen, Regierungswiessel, de jcj op Bréissel.

Déi juristesch Welt awer huet hir eege Vitesse. Wou nach net vill geschitt ass. A mat e bësse Chance kommen Informatiounen a Revelatiounen matzen an den nächste Wahlkämpf. Alles eng afrikanesch Intrigue. Gambia. Jeejee.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.