Commentaire vum Carine LemmerPappecongé

D'Regierung reforméiert déi speziell Congésdeeg...Congé, deen een zum Beispill ze gutt huet, wann e Kand krank ass. De Congé fir d'Mamm no enger Gebuert – an de Pappecongé! 5 Deeg waren ausgehandelt ginn, e bemol sollen et der 10 ginn. D'Carine Lemmer wonnert sech doriwwer de Moien a sengem Commentaire...

Commentaire vum Carine Lemmer



Ouni Zweiwel, déi aktuell zwee Deeg, déi een zegutt huet, wann ee Papp gëtt, sinn e Witz. De Staatsbeamte kritt der duebel sou vill, also 4, och immens.

Am CPTE, am Comité permanent du travail et de l'emploi, wollt een déi vereelzte Congéen op de Leescht huelen an et gouf verhandelt. D'Resultat ass e Kompromëss. Eng Verbesserung. Och wann natierlech nach méi dra gewiescht wär.

D'LSAP an och den zoustännege Minister Nicolas Schmit wëllen elo méi wäit goen – elo wou d'Aarbecht an der Kommissioun ugefaangen huet. D'CSV fënnt e bemol och, datt déi 10 Deeg Lëtzebuerg gutt zu Gesiicht giffe stoen. Dat och well et eng Propositioun fir eng Europäesch Direktiv gëtt vun der EU-Kommissioun.

Éiweg näischt an elo soll also d'Roll vum Papp vill méi Bedeitung kréien, méi Gläichberechtegung gelieft ginn. Iwwerfälleg ass dat an déi 10 Deeg wären och näischt ze vill. Och wann ee mam Ausland vergläicht. Mä bis ewell waren se net am Gespréich. Frankräich huet zum Beispill am Ganze 14 Deeg fir d'Pappen, d'Belsch 10. Finnland souguer 54. Fir d'Plënnere kritt een och zwee Deeg, fir d'Hochzäit als Eltere vum Kand och...Papp ginn ass eng aner Liga, mä gouf ebe bis ewell vernoléissegt. Firwat ee 6 Deeg (net nëmme 5) brauch, wann ee bestuet gëtt, respektiv gepacst, ass mir e Rätsel. Mä och dat gëtt jo adaptéiert: 3 wann ee bestuet gëtt, ee wann ee gepacst gëtt, missten duer goen. Fir d'Hochzäitsrees gëtt et jo och nach den normale Congé.

D'LSAP an de Minister Schmit wëllen also elo beim Pappecongé méi wäit goen...d'DP an d'Familljeministesch wëllen, datt de Package, deen ausgehandelt gouf, ëmgesat gëtt. Also elo mol net déi 10 Deeg upeilen. Datt elo mol déi 5 Deeg kommen an een duerno nach weider kann u Verbesserunge schaffen. Et geet am Gesetz jo net nëmmen ëm de Pappecongé, mä zum Beispill och ëm dee fir no senge kranke Kanner ze kucken, dee méi flexibel gëtt.

Den Nicolas Schmit ass zanter 2009 Aarbechtsminister, zanter 8 Joer also. Eréischt mat der Familljeministesch, där déi Congésreform um Häerz läit, wat se iwwerall a vun Ufank u sot, ass dat Ganzt viru gaangen. De Congé postnatal geet fir all Mamm op 12 Wochen erop. Och dat war iwwerfälleg. Keng Fra muss an Zukunft méi de Beweis bréngen, datt se niert, fir nach 4 Woche méi laang doheem beim Bebe ze bleiwen. Muss net méi vum Fraendokter an ebe vum Nieren ofhängeg sinn.

D'Corinne Cahen wëll déi Verbesserungen elo sou séier wéi méiglech ëmgesat gesinn. A si wëll den Accord respektéieren. Als fréier Patronne versteet si, datt d'Patronen, d'UEL, sech wéineg begeeschtert weisen, datt den Accord elo wackelt a méi kéint op si duer kommen.

Wa mer elo dann awer enger Europäescher Direktiv wëlle virgräifen, wou ee mol nach guer nees weess, ob se iwwerhaapt kënnt, da soll een sech och de Rescht ukucke vun de Propositioun. De Congé Parental soll ee kënnen huele bis d'Kand 12 Joer al ass. Et geet ëm méi Sozialschutz an d'Recht op méi flexibel Aarbechtszäite fir Elteren.

Am Hierscht soll et jo an der Chamber e groussen Debat ginn iwwer d'Aarbechtszäitorganisatioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.