Commentaire vum Nico GrafScho Vakanz?

Silvester, soe se ëmmer, wier de Schluss vum ale Joer an deen Dag drop géif dat neit ufänken. Wat jo Quatsch ass. D'Joer geet dëser Deeg op en Enn. E Commentaire vum Nico Graf.

Dat nennt een da wuel drôle de guerre, phoney war, wéi d' Amerikaner soen, koppege Krich kéint een op Muselfränkesch lautmalereien.

Et ass, wéi wann näischt méi wier. D'Trëttoire ginn eropgeklappt. An dat ouni Récksiicht drop ze huelen, datt elo esouvill Touristen iwwer déi Trëttoiren trëppelen, sollen déi eben op hir Féiss oppassen. Mir ginn an d'Vakanz, an déi ganz Grouss Vakanz. An egal wat geschitt, dat ass da fir am September, ne.

Oder am Oktober. Déi Gemengewahlen zum Beispill. Et mengt ee jo grad, do misst elo de Wahlkampf schonns toben, wéi se déisäit soen. Quetschen och, Kierfechtsrou hu mer. Bon, deen een oder anere geet e bëssi méi op Dëppefester dorëmmer, d'Equippe gi presentéiert, och Programmer. Mä soss? Skandaler, Kamméidi, conflits d'intérêt, Diskussioun, Debat – nö, kënnt alles eréischt. Komesche Kampf quoi.

Net emol déi elementaarst Saache klappen nach:

De Wollef ass do, zu Leideleng - a wie schéisst op en? Kee Mënsch an och kee Jeeër. Esou geet dat awer net, dee Béischt frësst all eis Routkäppercher a mir loossen e gewäerden. Wehret den Anfängen, soen ech do, net datt et geet wéi mam Rénert, deen elo d'Gewan onsécher mécht. An net nëmmen d'Gewan, dat Véi ass och tëschent den Haiser ënnerwee a wullt an eisem Dreck. Hu mir da keng Clocharden, déi dat maachen?

An iwwerhaapt. Déi Belsch, déi gewannen op der Cour des droits de l'homme an däerfen de plein droit elo d'Burka verbidden. A wat ass bei eis? De Laurent Mosar hält Rou, ech sinn enttäuscht, an net nëmme wéineg, wou bleift den orangë Block, wou bleiwen dem Lauri seng Reflexer. An e bëssi méi Feminissem géif der CSV awer gutt goen, déi missten dach och elo jiddwer Voile a Bok verbidden. Suivez-le-Belsch.

Néné, mir ass dat hei vill ze roueg. Am Tour de France chutéiere se à gogo an eis Trëllerten, déi fueren net méi oder gondelen am Giro.

An Teutonien fache se sech an d'Käpp, wien dann elo schold drun ass, datt dat esou gutt geklappt huet mat der grousser Hamburger Koalitioun vu Cops a Chaoten. An? Hate mir eng Delegatioun dohinner geschéckt, wéi deemools op PEGIDA zu Kölle? Net datt ech wéisst.

Wien elo d'Rou massiv gestéiert huet, dat ass of course dee Muller, deen ouni Tëppelcher. Wat deen ugeet me-nothing-you-nothing den Nadal ze klappen – huet deen dat dierfen? Hat deen dat ugemellt? An da schreift d'Süddeutsche gëscht och nach e seriöen Artikel iwwer deen. D'Süddeutsche, Dir wësst jo, wat dat fir eng Zeitung ass. Wann déi de Fokus net op de Looser Nadal leeën, mä op de Mulles a säi geheelten Ielebou an op säi villen Training - jo dann ass mäi Weltbild op der Kopp, absënns wann an deem Artikel matzen am Juli dat Wuert Dopping feelt, einfach feelt. Geet guer net.

Apropos Mulles. Ech weess aus sécherer Source – an ech hunn deeër dann ëmmer zwou – datt se an der DP an och an der CSV scho Parteibicher preparéiert hu fir dee Mann. Deen huet jo schonn e gewëssen Alter a wann e net méi an der kuerzer Box dorëmmer lafe wëll, da muss dee mat an d'Wahle goen, et geet net dersonner. Egal wéi eng Walen iwwregens, Haaptsaach, d'Popularitéit drainéieren, wou se higehéiert. Hien ass vu Schëffleng, héieren ech, majo, da muss d'Arbëterpardei wuel och e Buch preparéieren. Déi brauchen dat nach méi wéi déi aner.

Dee Mulles huet et wierklech fir dräi Deeg fäerdegbruecht, dat Land hei aus der Torpeur, aus der Pre-Vakanz ze huelen, wou mer eis all scho gemitterlech ageriicht haten. An dat alles nëmme wéint der Marque nationale, LETZ serve riets, rout-wäiss-bloe Logo lénks um Aarm. Do huet d'Francine awer gutt geschafft. A wier dat esou weidergaang, dann hätt dat nach eng Surchauffe ginn, aus dem Nation-Branding wier eng Nation-Braderie ginn. An der Redaktioun wollte se scho Wues planzen, 8 Millimeter héich.

D'Land hat sech kollektiv excitéiert gerëselt. An elo brauche mer – wéi soe se do iwwer – new balls.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.