Commentaire vum Eric EwaldImmobilitéit

Mat op d'mannst engem Lycée, dee séng nei Schüler haut eréischt bei sech geruff huet, ass se definitiv ofgeschloss, d'Rentrée 2017/2018. Mat hir huet de ganz normale Wahnsinn nees ugefaangen, bedauert den Eric Ewald haut a sengem Commentaire.

An domat mengen ech natierlech d'Mobilitéit, respektiv d'Immobilitéit op eise Stroossen...

Wat war dat dach de Gros vun de leschten zwee Méint e Genoss, sief et op de Stroossen hei am Land, sief et an der Vakanz, virausgesat et war een op der richteger Plaz. An enger sécherlech an den nächste Joren opkommender Vakanzendestinatioun (Kroatien, fir se net ze nennen) krut ech eppes iwwer 2.000km mam Auto gemaach, mat, wann et héich kënnt, 25km Stau! Kee Verglach mat der Côte d'Azur oder der italienescher Riviera, e Genoss. Heiheem, dono, och e Genoss; vun doheem aus a 15 Minutten um Kierchbierg: Et war, wéi wann een nuets ënnerwee wär.

Gëschter dunn, en anert Bild. Op der Diddelenger goung et nach erstaunlech gutt, ma dat war d'Rechnung ouni de Stater Contournement a Richtung Kierchbierg gemaach! Do war et dat aalt Bild, dat ee vu virum 15. Juli kannt huet: Gedold matbréngen, vill Gedold, an hoffen, dass net en Automobilist e Motocyclist iwwersäit oder dass net en Automobilist beim SMS-Schreiwen engem aneren hannendrop rennt, well dann ass de Verkéiersinfarkt direkt nees do!

Wat kann een dofir maachen, dass et eppes besser am Stroossentrafic geet? Nun, et kann een et maache wéi d'hollännesch Stad Rotterdam, déi Automobiliste Sue gëtt, fir se dozou ze bréngen, a Spëtzestonnen hiren Auto am Schapp ze loossen. D'Resultat léisst sech weisen: An der Stad huet den Trafic ëm 5 bis 10% oder ëmgerechent bal 4.000 Trajeten nogelooss. Dee positive Péage, wéi e genannt gëtt, fonctionnéiert sou: Den Automobilist, dee seng Fuerzäite verréckelt, aner Leit mathëlt, de Vëlo oder den ëffentlechen Transport hëlt, kritt 3 € guttgeschriwwen oder 3 an en hallwen Euro op eng Transportkaart gelueden. Woubäi net jidderee matmaache kann: D'Sociétéit, déi de Projet duerchféiert, wielt déi, déi matmaachen däerfen, aus, an zwar andeems se déi identifizéiert, déi regelméisseg op den iwwerfëlltene Stroossen ënnerwee sinn. Wann de System deenen hir Autosplacken dono net méi feststellt, da gëtt et Goss. Resultat: 85% vun de Leit, déi matmaachen, bleiwe bei hiren neie Gewunnechten. Dat alles kascht e puer Milliounen € d'Joer... Eventuell kéint een dat jo mol probéieren, woubäi de Patron dann natierlech bei den aneren Zäite matspille muss, wat alles anescht wéi sécher ass!

Et kéint een donieft beim Ausbau vun der Diddelenger Autobunn op 3 Spueren nach vläicht un eppes anescht denken; Iwwerleeungen an déi Richtung huet d'Regierung och schonn ugestouss, ma Widderhuele schued näischt! Wann ee moies do sou ënnerwee ass an an déi aner Gefierer erakuckt, da fält engem op, dass am Gros vun den Autoe just eng Persoun sëtzt: Dat ass d'Wuert Individualverkéier wuertwiertlech geholl! Fir deem entgéintzewierken, kéint ee jo dat aféieren - an do kéim déi 3. Spuer da wéi geruff -, wat d'Kalifornier scho laang hunn, de sougenannte Carpool. Do ass eng Spuer fir déi Autoen, Minibussen a Busse reservéiert, déi 3 oder méi Leit transportéieren. Amplaz vun 3 Ween mat all Kéiers enger Persoun also ee Won mat 3 Leit (oder méi), spréch op d'mannst zwee Autoe manner. Wann dat an d'Gewunnechte géif iwwergoen, da krit een d'Autobunnen eventuell eppes méi fräi. Woubäi e Fuere wéi an der Summervakanz, souzesoe wéi Gott a Frankräich, op eisen Autobunne wuel op déi puer Woche wäert reduzéiert bleiwen!



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.