Commentaire vum Claude ZeimetzGemengefloskelk(r)ampf

Et ass den Ament, zwou an eng hallef Woch virun de Wahle schwéier laanscht se ze kommen, déi sëllech Wahlplakater laanscht de Bord vun der Strooss. Leit, déi nu guer näischt mat Politik um Hutt hunn, kréien op d'mannst iwwert dee Wee mat, datt se geschwënn an d'Wahlkabinn mussen. Konkret politesch Inhalter gi via déi national Wahlcampagne awer nëmme wéineg vermëttelt. Vill méi verlafe sech d'Parteien an engem eenzege "Floskelbësch", mengt d'Claude Zeimetz a sengem Commentaire.

Gemengefloskelk(r)ampf / E Commentaire vum Claude Zeimetz



E Bësch, dee sech vu Partei zu Partei, mat verschiddenen Ausnahmen natierlech, esou gläicht, datt et fir de Wieler richteg schwéier gëtt an deem ganzen Eenheetsbräi säi Kräizchen ze maachen. Géif een d'Sloganen an d'Plakater ouni de Numm vun der Partei niewenteneen leeën, et wier scho ganz schwéier auszemaachen, wat zu wiem gehéiert. Mä wéi soll et och anescht sinn? Natierlech trëtt jidderee fir eng besser Mobilitéit, eng breetgefächert Offer an der Kannerbetreiung, méi e grousse Mateneen, eng besser Liewensqualitéit a Wunnraum fir jiddereen an.  Alles Themen déi kommunalpolitesch relevant sinn, se dowéinst explizit an engem Wahlprogramm als Schwéierpunkt duerzestellen, ass allerdéngs kee gréissert Konschtstéck, mä just den absolute Minimum, deen een als Bierger vu senge Verantwortlechen an der Gemeng erwaarde kann.

An deem Sënn muss een och d'Plus-value vun de Kaderwahlprogrammer fir d'Gemengewahle kloer hannerfroen. D'Gemengewahle sinn natierlech fir d'Parteien e Gradmiesser fir hir Beléiftheet beim Bierger. Wann een déi national Wahlprogrammer awer esou iwwerflächlech hale muss, datt se allgemenggëlteg vun Ëlwen bis op Diddeleng sinn, mussen och déi Responsabel an de Parteie sech froen, a wéi wäit se domadder iwwerhaapt beim Wieler ukomme kënnen.

Wat d'Bierger nämlech intresséiert ass dacks méi wéi déi politesch Faarf, bei de Gemengewahle virun allem konkret Propose fir hir spezifesch Situatioun. Ze héieren, datt d'Partei X an Y sech derfir asetzt, datt ee moies fir op d'Schaff gutt virukënnt, ouni z'erkläre wéi se dat areeche wëll, dovunner kann ee sech näischt kafen.

Sech näischt dovunner kafen, kann ee sech och vum beléifste Wahlversprieche vun dësem Joer, deem vum bezuelbare Wunnraum. Dat Thema, wat viru Joere vun engem Jean-Claude Juncker schonn zur Chefsaach deklaréiert gouf, ma bis haut keng Koalitioun efficace an de Grëff krut. Dat Thema zitt sech an dëser Wahlcampagne wéi e roude Fuedem duerch d'Wahlaffichen an d'Deplianten. A wéi wäit sech de verbalen Engagement während der Campagne duerno an der Wierklechkeet erëmspigelt, dat steet natierlech op engem ganz anere Blat.

D'Taxen op Wunnengen, déi eidel stinn zum Beispill, déi verschidde Gemenge mediewierksam agefouert hunn, gëtt bis ewell vu kengem  applizéiert. De Retard un abordabele Wunnengen ass op Gemengenniveau an dem nationalen Niveau esou enorm, datt mëttelfristeg keng Berouegung um Marché ze erwaarden ass. Ma da kënnen déi Plakater dat anert Joer op mannst fir d'Chamberwahlen nees recycléiert ginn.

Natierlech verspriechen d'Parteien engem a Wahlkampfzäiten dat Blot vum Himmel. De Bou iwwerspane maachen allerdéngs verschidde quasi Contenu fräi, déi Däitsch géife soen "nichtsagend" Sloganen, déi jiddereen an all Liewenslag uschwätze wëll. Wa sech eng Partei a 24 Sekonne fir Leit mat oder ouni Kanner, Mupp oder Kaz, um Land an der Stad, al oder  jonk, Fra oder Mann, aarm oder räich, an ech kéint sou weider fueren asetzt, pardon, dann huet ee Schwieregkeeten dat serieux ze  huelen.

Net ganz credibel och eng Adr, déi op nationalem Niveau déi blo-rout-gréng Familljepolitik massiivst a Fro gestallt huet an éischter de Käschtefacteur vun de Betreiungsstrukturen hannerfreet, a sech elo op eemol bei de Gemengewahle fir genuch Plazen an der Crèche staark mécht.

Penibel och, dat wat Editpress dës Woch gemellt huet. Den net ganz kreative, liberale Slogan mat "Häerz a Séil" gouf zejoert vu kengem aneren wéi dem populisteschen FPÖ-Kandidat Norbert Hofer am Kader vun de Wahle fir de Posten vum Bundespresident an Éisträich an d'Feld gefouert. Spéitstens elo dierften dann och déi Lénk de Bloe wuel net méi reprochéiere beim Häerz bei hinne geknäipt ze hunn. Anerer wierke just.

An deem Sënn loosse mer se bis den 8. Oktober zu 100% engagéiert, mat Häerz a Séil, fir haut a fir muer als Alternativ fir är Gemeng,  modern, fair an transparent d'Leit d'staark maachen, well et wierkt. Et ass duerno wou et drop ukënnt. En attendant den nächste Rendez-vous an engem Joer...


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.