Commentaire vum Jean-Marc SturmBlock vun den Onzefriddenen

Däitschland huet gewielt an eppes steet fest: Et huet sech e Sonnden vill an eisem Nopeschland geännert. E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.

Dat Eenzegt, wat bliwwen ass, dat ass eng Angela Merkel weider un der Spëtzt vun der Regierung. Et gëtt hir 4. Amtszäit, héchstwahrscheinlech déi Lescht.

D'Unioun ass zwar weider stäerkste Kraaft, ma se gouf gerëselt. Se riskéiert eng Erosioun, wéi se bei der SPD schonn agesat huet. Derbäi kënnt eng CSU, déi doheem a Bayern d'nächst Joer viru Landtagswahle steet an de Profil riets wëll schäerfen. Den CSU-Chef Seehofer hat een Ament schonn d'Fraktioungemeinschaft mat der grousser Schwësterpartei am Bundestag a Fro gestallt a wäert bei de Koalitiounsverhandlunge mat FDP a Gréng och emol mat der Fauscht op den Dësch schloen.

Eenzeg Satisfaktioun fir d'CDU ass, dass géint si keng Regierungsformatioun méiglech ass.

Dat war et awer och schonn. D'CDU muss sech froen, wéi si der riets-populistescher AfD Stëmmen ofhuele kann. An do kënnt een net laanscht d'Flüchtlingsfro.

Mat der AfD wäerten d'Debatten am Bundestag eng nei Nues kréien, sécher keng schéin.

Et kann ee gespaant sinn op d'Populisten sech drop limitéieren, nëmmen op Protest a bëlleg Polemik setzen. Si sëtzen egal wéi komplett isoléiert do, wann och zu iwwer 90 . Et ginn awer um Beispill Petry schonn éischt Unzeechen, dass d'Partei sech selwer kéint opreiwen.

E klengen Trouscht.

D'SPD hat erschreckend séier gesot, si géif an d'Oppositioun goen. De Martin Schulz ass sou wéi sou éischter wéi en Oppositiounspolitiker opgetrueden wéi een aus der Majoritéit. Fir d'Sozialdemokrate geet et ëm eng strukturell Kris. Si muss de Wee no lénks erëmfannen a sech bewosst sinn, dass rout-rout-gréng net vum Wieler gewënscht ass.

D'FDP feiert ee Comeback als Alternativ an der Mëtt, oder vun der Mëtt.

Déi Gréng sinn hirersäits definitiv an der Realpolitik ukomm a musse bei den Jamaika-Gespréicher iwwerzeegen, hir Leit an hir politesch Partner.

Mat CDU/CSU an FDP ass et en anere Mätsch wéi an der Zäit mat der SPD. Schwaarz-giel-gréng léist awer och hoffen. Et kéinten op alle Fall interessant nei Impulser an eisem Nopeschland ginn. Bleift ze hoffen, dass deen Dräier klappt. Am anere Fall bléif nëmmen nach emol schwaarz-rout, oder Neiwahlen. An déi, esou mengen ech, wëlle weder déi Schwaarz nach déi Rout. Déi grouss Bléck op déi d'Volleksparteien gesat hunn, ginn et esou och do net méi. Dofir awer een neie Block, an dat ass dee vun den Onzefriddenen.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.