Commentaire vum Nadine GautierMat wiem hu mir et bei der AfD eigentlech ze dinn?

94 Deputéiert soll d’AfD-Fraktioun am Bundestag kréien, elo sinn et der just nach 93. D’Parteichefin Frauke Petry wëll jo net méi. Ma fir wien hunn 12 Prozent vun den Däitschen do iwwerhapt gestëmmt. Fir Leit, déi net just speziell politesch Iddien hunn, mee déi an der Vergaangenheet et och net ëmmer esou mam Gesetz haten oder den Ament hunn. Nadine Gautier huet der puer erausgepickt.

Commentaire vum Nadine Gautier



Maache mir eis näischt vir, an den etabléierte Parteie ginn et och schwaarz Schof. Denke mir do un de Karl-Theodor zu Guttenberg oder un d'Annette Schavan mat hire Plagiatsreprochen oder un den CDU-Spendeskandal 1999. Ma d'AfD schéngt besonnesch vill Memberen ze hunn, déi op gutt Däitsch gesot "Dreck am Stecken" hunn. Kuckt ee sech just un, wéi eng Deputéiert an Zukunft fir d'Alternative für Deutschland am Bundestag sëtzen, dann ass do rieds vu Persounen, déi wéinst schwéiere Kierperverletzunge viru Geriicht stinn, also wou nach de Prozess leeft, zum Beispill géint de Sebastian Münzenmaier, deen als Spëtzekandidat vun der AfD a Rheinland Pfalz an d'Parlament zitt. Anerer dementéieren den Holocaust, wéi de Wilhelm von Gottberg, engem fréieren CDU-Member, an et gi Memberen déi kréie virgehäit Suen verontreit ze hunn, do zum Beispill de Spëtzekandidat a Niedersachsen, den Armin-Paul Hampel. Ma net nëmmen datt déi Leit keen onbeschriwwent Blat sinn, si zerfleesche sech intern an der Partei. Do gi sech d'Käpp ageschloen, Plaintë gemaach, wéi zum Beispill an dësem leschte Fall, wou de Bundestrésorier vun der AfD och wéinst Beleidegung an Diffamatioun eng Plainte géint den Hampel gemaach huet.

An deene Leit kënnen 12 Prozent vun den däitsche Wahlberechtegte vertrauen? Leit déi behaapten, datt d'Mandataire fir Integratioun vun der Bundesregierung, Aydan Özoguz, soll Zitat "an Anatolien" entsuergt ginn, wëlle fir d'Bierger Decisiounen huelen? Dat Zitat koum iwwregens vum Alexander Gauland.

Wéi ech mir d'Profiller vu verschiddenen AfD-Deputéierten ugekuckt hunn, ass mir eent opgefall, do si Philosophen dobäi, Juristen, Economisten an esouguer ee Riichter, deen ëmmer nees opdaucht. Ee Riichter soll jo u sech fir Gerechtegkeet an Objektivitéit stoen, beim Jens Maier kann een allerdéngs dorunner zweiwelen. Géint hie gouf et dann och en Disziplinarenquête. Ënnert anerem well hien am Januar eng Ried virun der Deklaratioun vum Björn Höcke gehal hat, dee fir dee ganz rietsen Eck vun der Partei steet. De Jens Maier schwätzt vun engem Enn vun den Zitat "Mischvölker", a weist Versteesdemech fir ee Massemäerder: de Norweger Anders Breivik, dee wier aus Verzweiwlung zum Massemäerder ginn.

Ech stellen d'Fro nach emol: An deene Leit kënnen 12 Prozent vun den däitsche Wahlberechtegte vertrauen?

Enger Spëtzekandidatin Alice Weidel, déi als Opportunistin ofgedoe gëtt, déi sech ëmmer deem Camp grad uschléisst, wou et fir si vu Virdeel ass? Dat ass mol dat wat se reprochéiert kritt. Och datt hir Karriär a Liewenswee net mat de Wäerter vun der Partei iwwereneestëmmen. Si ass homosexuell, huet eng Partnerin aus Sri Lanka an huet bei der Investmentbank Goldman Sachs geschafft. Valeure fir déi d'AfD net steet. Hypokrite also?

12 Prozent vun den Däitsche vertrauen der AfD, mee wat erhoffe se sech? Dacks fält do d'Flüchtlingskris als éischt Thema. Mee ech froe mech: gesinn déi déi der AfD hir Stëmm ginn hunn net, datt si do eng Partei gewielt hunn, wou haaptsächlech den eegene perséinlechen Interessi Prioritéit huet? Do muss ee just op d'Frauke Petry kucken. Hiren theatraleschen Optrëtt den Dag no de Bundestagswahlen, wou si annoncéiert huet net fir d'AfD an de Bundestag sëtze wëllen ze goen. Dat war a mengen An un Egoismus net z'iwwertreffen: Egoismus, am Sënn vun de Parteikollegen de Réck dréinen, wann ee bis dat erreecht huet wat ee wëll, an deem Fall ee Sëtz am Parlament hunn. Elo wëll si och nach aus der Partei austrieden. Dat ass jo jidderengem seng Decisioun, ganz kloer, wann ee sech net méi mat enger Partei identifizéiere kann. Ma dat awer just 1-2 Deeg no de Wahlen ze maachen, iwwerrascht da schonn.

Vun engem Zitat "gäriger Haufen" huet dunn den Alexander Gauland geschwat an do gesäit een et. Bannent der AfD si se am gaange sech selwer ze zerfleeschen. Déi gëtt et jo eréischt zanter 2013. Scho virun de Wahlen huet sech schonn emol dee méi moderaten Deel an dee rietsen Deel missen zesummerappen, fir kënne weider ze bestoen. Ass dat den Ufank vum Enn vun esou enger jonker Partei also?

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.