Commentaire um Joël DetaillePolice-Gewalt géint eege Vollek en Hohn

Den Onofhängegkeet-Referendum a Katalounien war net legal, an et vertraut een drop, dass déi spuenesch Regierung ronderëm de Premier Rajoy d’Situatioun wäert an de Grëff kréien. Dat ass d’Reaktioun vun der EU-Kommissioun op d’Wahl-Resultat vun e Sonndeg. Wahlen, déi alles, wéi kee gutt Bild ofginn hunn, vun der Autoritéit vun der Zentralregierung, mengt de Joël Detaille a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Joël Detaille



Et kéint kaum e méi trauregt Bild ginn, dat Spuenien dëse Sonndeg vu sech an d’Welt eraus konnt vermëttelen.

D’Motivatioun vu Katalounien fir wëllen seng Onofhängegkeet vu Spuenien ze proklaméieren, an d’Legitimitéit dovunner, wëll ech op dëser Plaz guer net kommentéieren, an iwwerloossen et do jidderengem selwer, sech seng politesch Meenung dozou ze bilden.
Um Pabeier war d’Ofstëmmung jo illegal, ok, et sief.

Wat awer därmoossen inacceptabel ass, ass d’Manéier, wéi d’Police e Sonndeg géint Dausende vun Demonstrante virgaangen ass, a mat wéi enger Brutalitéit den Uerder vu Madrid ausgefouert gouf, fir déi Wahlen per force ze ënnerbannen.
Iwwer 800 blesséiert Zivilisten schwätze fir sech.

800 Blesséierter, an engem EU-Memberstaat, vun der landeseegener Police zerklappt, mat Bengelen gebeetscht,  jo souguer mat Gummi-Geschosser maltraitéiert, oder mat iwwerdriwwener Brutalitéit iwwert de Buedem geschleeft.

Et si Biller déi international d’Ronn gemaach hunn, sief et op den Televisiounen oder an de soziale Medien.
E reegelrechte Krich vun de Biller ass entstanen, an déi hu Biergerkrich-ähnlech Zeene gewisen.

Gutt 10.000 Poliziste goufe mobiliséiert, an hu sech vu moies 9 Auer un, hire Wee an déi eenzel Wahl-Lokaler fräigemaach, fir d’Wahl-Urnen an d’Stëmm-Ziedelen ze confisquéieren.

Ob Kanner, oder Senioren, gouf keng Récksiicht geholl.

Vill eeler Leit, déi d’Diktatur vum Franco-Regime nach gutt am Kapp hunn, musse sech un ellen Zäiten zeréckerënnert hunn ...

Eng EU, déi vëlleg zu Recht d’Virgoe vum Erdogan géint säi Vollek schaarf veruerteelt, huet a Spuenien elo Vertrauen an de Premier Rajoy, deen den Uerder ginn huet, fir dës Doten ... an déi de Gruef tëscht Katalounien a Madrid nach méi grouss maachen.

Wéi gesot, vu Legitimitéit oder net vun deem Referendum wëll ech hei guer net schwätzen ... Ech froe mech just wéi eng Angscht zu Madrid muss ëmgoen, fir dausende vun schwéiergepanzert Poliziste lasszeschécken, déi sech opféiere wéi wann et géint Hooligans géif goen, déi sech virum Fussballsmatch Fenerbace géint Galatasaray an d’Hoer kruten, fir e weidert tierkescht Beispill hei ze nennen.

Eng absolut iwwerproportionéiert Gewalt kann net d’Léisung sinn an engem politesche Sträit. Scho guer net wa se géint déi eege Landsleit geet, déi u sech jo basis-demokratesch wollte sinn - Se wollte wiele goen ...

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.