Commentaire vum Carine LemmerAmerika bréngt sech selwer ëm

Zu Las Vegas huet en Attentäter 59 Mënschen op engem Concert erschoss, iwwer 500 goufe blesséiert. D’Welt ass geschockt. D’Waffegesetzer an den USA stinn alt nees eng Kéier an der Kritik - an nawell wäert sech näischt änneren, mengt d’Carine Lemmer de Moien a sengem Commentaire…

A kengem anere westleche Land stierwen esou vill Mënschen duerch Waffegewalt wéi an den USA. „Mass shootings“ gehéieren zum amerikaneschen Alldag. An all anerem Land giff no sou engem Massaker wéi zu Las Vegas reagéiert ginn - an den USA geschitt zimlech sécher - näischt. Et wär net de richtege Moment fir sou eng Diskussioun, sot d’Spriecherin vum Donald Trump leschte Méindeg.

An den USA ginn all Dag an der Moyenne 89 Mënschen erschoss. Dat sinn der knapp 33.000 pro Joer. D’lescht Joer goufen 383 Virfäll registréiert, wou op d’mannst 4 Mënsche blesséiert goufen oder gestuerwe sinn. Vill vun deenen Amokleef packen et mol net an d’Noriichten. De Massaker zu Las Vegas war den 272. Virfall fir dëst Joer an den USA - um 273. Dag. Dee selwechten Dag sinn am Kansas 3 Mënschen op der Strooss erschoss ginn. An de Medie war dat kee Sujet.

Beim Attentäter vu Las Vegas sinn am Hotelszëmmer an an zwee Haiser 47 Waffe fonnt ginn. Hien huet tëscht 9 an 11 Minutte laang aus dem Hotelszëmmer op Mënsche geschoss; an den éischten 30 Sekonnen 280mol. Hien hat eng hallefautomatesch Waff zu enger automatescher ëmgebaut - mat legale Mëttelen.

An eenzelne Bundesstaaten däerf een eréischt mat 21 Joer an e Café goen, mä mat 16 däerf ee schonn eng Waff kafen. Am Nevada brauch ee keng Lizenz, d’Waff muss net registréiert sinn. Et kann een der sou vill kafe wéi ee wëll: Hallefautomatesch Waffen, Krichswaffen. Och bei der Munitioun gëtt et keng Limitten.

An den USA geet d’Waffefräiheet den Ament esou wäit, datt souguer Leit kënne Waffe kafen, déi wéinst Terrorverdacht net an e Fliger dierfe klammen. Och Leit, déi a psychologescher Behandlung sinn, dierfen ouni Restriktiounen sech eng Waff kafen.

 En Artikel aus der amerikanescher Verfassung, deen op 1791 zréck geet, garantéiert den Amerikaner d’Recht op eng Waff. Déi Waffe vun haut hu mat deene vun deemools näischt méi ze dinn.

Fir e „bad guy“ mat enger Waff ze stoppen, brauch et de „good guy“ mat enger Waff. Seet d’NRA, d’Waffelobby an den USA. Déi 5 Millioune Memberen huet. An déi den Donald Trump mat Milliounen am Wahlkampf ënnerstëtzt huet. Den Trump weess, weem e Loyalitéit schëlleg ass. Den Attentäter war „very, very sick“, sot den amerikanesche President. Kee Grond fir iwwerstierzte politesch Reaktiounen. Et gëtt elo fir d’Affer gebiet, mä déi nächst net verhënnert.

Amerika bréngt sech selwer ëm, hunn déi lescht Deeg direkt e puer Zeitunge weltwäit geschriwwen.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.