Commentaire vum Luc MartelingGambia vun Orangen iwwerrannt?

Kann ee 24 Stonnen no de Gemengewahle scho Konklusioune fir déi national Parteielandschaft zéien? Et kann een, wann ee virsiichteg ass, mengt de Luc Marteling, Chefredakter vun RTL.lu, well "Totgesagte leben länger" ...

Anescht ausgedréckt: "Noch ist Gambia nicht verloren" – dat wéilt ech de Politiker vun aller Couleur an d'Stammbuch schreiwen, um Dag 1 no de Gemengewahlen. Well no de Wahlen ass bekanntlech virun de Wahlen an eng Legislaturperiod, eng national, dauert 5 Joer. Et kann also nach vill geschéien, vu Pressing bis Konterattacken, vu krasse Foule bis geschenkten (Steier-)Eelefmeter a just, well et elo an der Stad op Blo-Schwaarz erausleeft, muss dat nach laang keen Omen fir d'Land sinn. Éischtens ticke Stad a Land net ëmmer am Gläichtakt an zweetens duerf een de rationale Facteur bei de Wahlen net ënnerschätzen.

Gewëss, villes kënnt op Emotiounen, op Gefiller, op Associatiounen un, wann een en Numm liest, eng Binett gesäit, e Parteielogo erbléckst. Trotzdeem spillen heiansdo och objektiv Critèren eng Roll an do muss sech Gambia bis elo net iwwer de Mond fuere loossen. Gemooss un internationale Standarde steet Lëtzebuerg net schlecht do an d'Land krut sécher vun der Dräi-Faarwe-Koalitioun eng Moderniséierung verpasst, op Plaze wierklech méi wéi just e Facelift, well a puncto Gesellschaft, Kierch, Image, fir just si ze nennen, ware Reformen néideg - och wann een iwwert de Wee sécher gedeelter Meenung duerf sinn, ma wéini duerf een dat net? Streiden duerf een deemno och iwwer (wahlentscheedent?) Progrèsen, wat e Paradigmewiessel am Transport ugeet, ma ëmmerhin ass eppes geschitt - a wien näischt mécht, deen näischt brécht.

Ma hannescht bei eis Koppel Wahlen a Rationalitéit: Och e schwaarze Succès zu Esch made by Mischo an en "Achtungserfolg" an der Stad made by Wilmes genee esou wéi staark Optrëtter vun ë.a. Saubesch Fränz zu Walfer, Eichesch Emile zu Clierf, Rodesch Toni zu Rammerech an Eischens Félix zu Kielen duerfen net täuschen – am Minett ass et eng minimal Avance, an der Stad eng Avancée, keng Percée an dat anert si lokal Phänomener. Geet dat wierklech duer, fir vun engem nationalen Trend ze schwätzen?

Um Enn kéint bei enke Resultater dach villes op d'Interpretatioun vum ominéise Wielerwëllen ukommen – eppes, wat genee esou gutt geet, wéi e Pudding un d'Mauer ze neelen. Am Idealfall bleiwen do e puer Optiounen op, der Demokratie déing et gutt. Ma de Wieler huet e bekannte Problem: Wéi kann e strategesch wielen? Wann ech Gambia supportéiere wëll oder wann ech eng orange Majoritéit, awer keng absolut, gutt fanne géif - que faire? Et ass net einfach an 12 Méint si laang.

Wieler, bleif um Ball, informéier dech objektiv, jugéier fair. An Dir, léif Politiker, et ass nach näischt verluer, et ass nach näischt gewonn, also strengt Iech un.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.