Tëscheruff vum Marc BurelbachAlles leeft am Volleyball zu Lëtzebuerg! Oder och net?

D’Coupe ass gespillt, de Championnat geet op säin Héichpunkt duer an eis National-Spiller a Spillerinnen am Ausland di vu sech schwätzen.

Am Resumé:  En Tëscheruff vum Marc Burelbach.

Leeft wierklech Alles?

Zënter dem 1. Mäerz steet déi Lëtzebuerger Volleyballfederatioun elo och formell ouni techneschen Direkter do. Dem Burkhard Disch säi Kontrakt war jo leschte Summer gekënnegt ginn a wéi dat esou üblech ass, gouf hien och vu sengen Aufgabe fräigestallt bis de legale Preavis ofgelaf ass.

Tëscheruff vum Marc Burelbach



Zënterhier gëtt geréiert, wat ze geréieren ass. En neien Nationaltrainer fir d'Damme gouf engagéiert an deem säin éischten Optrëtt um Novotelcup Enn Dezember war ganz an der Rei. Wiessel gegléckt!

Nach op deemselwechte Novotelcup huet den FLVB President am RTL Interview confirméiert, datt een nees en techneschen Direkter wéilt astellen. Gutt zwee Méint duerno ass awer nach ëmmer keen en vue. Doriwwer eraus dierf ee sech Froe stellen, wéi et mam Volleyball zu Lëtzebuerg soll weidergoen:

•    Weder Trainer, - nach Arbitterformatioune si geplangt.
•    Gëtt et nach e Volleyballcamp? D'Camp huet an de leschte Joren ëmmer nees vill jonk Volleyballer an hirer Entwécklung weiderbruecht.
•    Déi sozial Netzwierker ginn nëmme sporadesch, fir net ze soen zoufälleg genotzt, fir op sech Opmierksam ze maachen.
•    Et ass och schonn eng Zäitchen hier, datt FLVB nei Sponsore presentéiert huet.

An dat :
•    obwuel den Niveau vum Championnat an alle Kategorien geklommen ass,
•    obwuel gläich 4 Lëtzebuerger a professionellen Ekippen um héchste Niveau integréiert sinn. Net ze vergiessen, all déi, déi sech nieft der Uni an de verschiddene Championnater an Däitschland oder Frankräich beweisen.

Gutt Viraussetzungen also, fir nei Recetten ze generéieren. Geschitt ass awer näischt. Ëmmerhi gëtt bäi den Depensë gespuert.  
Op eng Participatioun vun eiser Härennationalequipe bei der European League gouf verzicht an dat obwuel dës Competitioun eng excellent Virbereedung op d'EM-Qualifikatioun am August gewiescht wier.

A wéi ass et eigentlech mat den Dammen? Hu si 2016 nach un der Qualifikatioun fir d'EM dierfen deelhuelen, sou gëtt och hei dëst Joer gespuert.

Ob dës Austeritéitspolitik déi richteg Strategie ass, fir de Volleyball zu Lëtzebuerg weiderzebréngen?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.