Commentaire vum Nadine GautierDonald Trump an d'Sondagen

D’Uspanung ass grouss. Firwat géif den amerikanesche President Donald Trump soss esou kuerz virun de Kongresswalen nees op Attacke setzen, säi Liiblingsthema - illegal Migranten - opkachen...

An esouguer mat Gewalt dreeën, mengt d’Nadine Gautier. Mee eppes huet eis geléiert: och wann den Trump eng ganz Partie ënnert eis schockéiert, a Sondagë nees hoffe loossen : et kéint ee politeschen Revirement ginn, misst den 8. November 2016 eis enges bessere beléiert hunn. Fënnt d’Nadine Gautier a sengem Commentaire.

Commentaire vum Nadine Gautier



Op d’Sondagë kann ee sech nämlech net verloossen, fir d’Walresultat virauszesoen. Ech mengen, dat misst mëttlerweil jidderee bekäppt hunn, mee awer kroopt ee sech u se, wéi wa se de leschten Anker wieren. Wann ee gesäit, datt eppes net esou leeft wéi ee sech dat wënsche géif, si ginn engem de leschte Fonken Hoffnung. Ech weess nach, wéi ech den 8. November Mueres fréi an engem Hotel zu Dummeldeng souz, d’amerikanesch Ambassade zu Lëtzebuerg hat dohinner invitéiert, fir d’Presidentschaftswalen ze suivéieren. An ëmmer méi hat sech erauskristalliséiert, datt den Donald Trump géint all Previsioun vun de Sondagen d’Nues vir hat. D’Mënner vun de Journalisten an och den aneren am Raum bloufen op: dat war net dat Resultat, wat virausgesot war. Jo, mee wat konnt ee scho viraussoen: et sinn Sondagen, keng definitiv Resultater an awer solle se engem een Indice ginn, wéi ee Wee Wale kënnen aschloen... Op alle Fall sollten déi grouss Polls sech dee Moment iren.

An elo dat selwecht Spill: Ëmfroe ginn dovunner aus, datt muer bei de Kongresswalen d’Republikaner hir Majoritéit am Representantenhaus kéinte verléieren, d’Demokraten deementspriechend géifen dobäi gewannen. Ob um Site vun der Financial Times, engem Sondage vun NBC News an dem Wall Street Journal oder engem Poll vun FiveThirtyEight no: iwwerall hätten d’Demokraten d’Nues vir.

Mee firwat maachen d’Leit hir Hoffnungen u Sondagë fest? Wéi dat an d’Box gaangen ass, dofir brauche mir net ganz wäit kucken ze goen, mee kënnen direkt virun der eegener Dier kieren. Mat de Sondagen, déi der CSV 26 Sëtz am Parlament virausgesot hunn.

Wou sinn déi Sëtz? Misste mir net einfach mat esou Sondagen ophalen, déi net esou hypen? An da circuléieren do jo och net ëmmer seriö Sondagen, an engem Zäitalter, wou alles séier d’Ronn mécht. Fir Leit, déi express déi traditionell Medien ëmginn , oder déi, déi carrement hir Sourcen net verifizéieren, si Fake-Sondagë natierlech, wéi een op däitsch seet, “gefundenes Fressen”.

Nach ee Beispill, wou Sondagen absolutt falsch Previsioune gemaach hunn: beim Brexit. Do haten Ëmfroen nämlech eng ganz knapp Victoire fir d’EU-Supporter gesinn. D’Realitéit sollt aneschters ausgesinn. 51,9 Prozent vun de Leit ware fir de Brexit.

Zeréck bei déi amerikanesch Kongresswalen. D’Demokraten hoffen dorobber, datt den Trump seng Partei mat sengen rezenten Aussoen an Aktiounen geschwächt huet. Enger Gallup Ëmfro no huet de President nämlech Plomme gelooss, wat seng Popularitéit ugeet. Zanter senger Vereedegung ass déi vun 44 op 40 Prozent erofgaang.

Mee, wéi gesot, virun 2 Joer hat den Trump och keng gutt Wäerter.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.