Commentaire vum Nico GrafMidterms

Iwwert déi amerikanesch Midterm-Walen elo e Commentaire vum Nico Graf.

Et gëtt Vainqueure bei dëse Midterm-Walen, déi ganz wichteg sinn: Dat sinn den US-amerikanesche Wieler an d'Wielerin u sech. Eng Participatioun vun iwwer 40 Prozent, dat hu si seelen doiwwer, an et ass eng immens gutt Saach, well et jiddwereen, dee gewielt ginn ass, zolidd legitiméiert, op Demokrat oder Republikaner. Et gëtt sech gewiert, mam Stëmmziedel, an dat ass gutt.

Deen zweete Constat, deen ee maache muss a gär mécht, dat ass deen, datt dat Land vill méi lieweg, demokratesch, liberal, komplex an tolerant ass, wéi een denke kéint, wann ee nëmmen dem Trump seng Tiraden héiert. Beispiller? Ma gär: Zu New York gëtt eng hispanesch-stëmmeg jonk Fra vu 29 Joer gewielt, am Colorado gëtt e schwule Mann gewielt, a Kansas gëtt eng lesbesch Fra gewielt, déi uewendrop och nach indigen also indianesch Wuerzelen huet an dann, de Summum vun allem, ginn och nach zwou Muslimae gewielt, eng huet esouguer den islamesche Foulard un. Alles Fäll, wou ee sech seet, ass dat da méiglech an deem Land, wou en Trump géingt alles wuddert a rost, wat de déviant ass, wat friem ass, wat net primitiv America First ass.

Woumat mer beim eigentlechen Thema sinn. Wann een op d'Landkaart mat de Resultater kuckt, also op déi zwou Faarwen, no deene sech d'USA dividéieren, da mierkt een, datt Blo lénks a riets ganz staark ass, dat heescht ganz graff, d'Atlantikküst riets an d'Pazifik-Côte lénks, nach méi graff gesot: New-York a Kalifornien wielen d'Demokraten iwwerdeems dat faméist overfly-land, also d'Staaten dertëschent, d'Prairie, d'Republikaner wielen. Ech hunn et am Fong ëmmer fir eng Karikatur gehalen, mä et schéngt eng Wourecht ze sinn: wien wäiss an al an e Mann an aarm ass an um Land wunnt, dee wielt Trump. Wie liberal an eng Fra an aus der grousser Stad ass, dee wielt d'Demokraten. An dat heescht, datt d'Land gespléckt ass, genee wéi et an der Lescht ëmmer gesot ginn ass. An et heescht, datt de Republikaner hir Wieler no a no ausstierwen, d'Demokraten hunn soziologesch à la longue déi besser Chancen.

An et heescht, datt den Trump, esou wéi e gebaut ass, mat senger Aggressivitéit a senge Ligen, an Zukunft nach méi dra schléit, wéi bis ewell. Seng Wielerreserv ass kleng an hie muss se mat senge rhetoresche Connerien a säin Eck zéien. All déi aner sinn de Feind.

Ugefaangen, oder vill méi wéi gewinnt weidergaangen, ass dat jo elo schonn dermat, datt den Trump sech fir seng Pyrrhus-Victoire am Senat gratuléiert a feiert. Et däerf ee gespaant sinn, wéi vill Pyrrhus wierklech dra stécht. Ob d'Demokraten an Zukunft an der Chamber seng schlëmmste Gesetzer verhënnere kënnen, ob se mat hirem Budgets-Recht d'Mauer géingt Mexiko verhënnere kënnen, ob se den Trump forcéiere kënnen, seng Steier- a Verméigensverhältnisser op den Dësch ze leeën.

Aussepolitesch ännert sech wuel näischt. Dat heescht, datt d'USA hott an har sprangen, Peitsche und Zuckerbrot jee no Twitter-Laun vum President. Well soen: dee mat senger nationalistescher Ideologie ass nach ëmmer déi gréisste Noutwendegkeet, a Chance, fir d'Europäer, sech wierklech eng eeneg Aussepolitik a Verdeedegungspolitik ze ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.