Commentaire vum François Aulner"Tailspin"

An den USA sinn no de Midterm-Walen d'Checks and Balances – de Pouvoir a Géigepouvoir - rëm bësse besser drun, soen Analysten. Dat ass schéin a gutt, mä dat geet net duer, mengt de François Aulner am Commentaire.

"Tailspin": Commentaire vum François Aulner



Sinn d'Vereenegt Staaten no de Midterms nees vereenegt? Ass et no de Midterms eriwwer mat der Divisioun? Nee. An dat wäert och net direkt änneren. Onofhängeg dovunner, ob Demokraten oder Republikaner um Rudder waren, huet sech d'Land emmer méi auserneegelieft.

Wéi et zur gespléckter Gesellschaft koum, resuméiert den US-Affekot a Journalist Steven Brill gutt a sengem Buch "Tailspin". "Tailspin" ass, wann e Fliger eroffält a sech dobäi em seng eegen Achs dréint. D'Metapher beschreift d'Versoe vum "American Dream" - d'Chance, déi jiddereen huet, fir erfollegräich ze ginn a säi Liewe selwer ze gestalten. Eng Chance, déi ëmmer manner Leit hunn an déi – laut Auteur – d'Babyboomers selwer deenen aneren ewechgeholl hunn.

"Le chemin de l'enfer est pavé de bonnes intentions": Iwwer d'Joerzéngte goufen d'Fundamenter vun der amerikanescher Gesellschaft ausgenotzt, an dat grad vun deene Leit, déi dank dëse Fundamenter konnten erfollegräich ginn. Déi Intelligentst a Privilegéiertst konnten d'Gesetzer besser beaflossen an hir Positioun ëmmer besser protegéieren an d'Finanzmäert esou gestalten, datt et hinnen am beschten an d'Kaarte spillt.

Den Ecart tëscht den Erfollegräichen an de manner Erfollegräichen huet sech esou ëmmer weider vergréissert. Déi Protegéiertst goufen ëmmer méi protegéiert an déi manner Protegéiert ëmmer manner. D'Chance, datt e Jonke vun haut sou gutt wäert do stoe wéi seng Elteren, gëtt ëmmer méi kleng.

Den Donald Trump – an ëmmer méi Leaderen op der Welt – ënnerstëtzen dee Modell, obwuel grad si doduercher un de Pouvoir komm sinn, datt e gudden Deel vun der Mëttelschicht d'Flemm mam Establishment hat. Ënnert dem Virwand, et géing een de Leit méi Fräiheet ginn, ginn de Staat an de Sozialstaat ofgebaut, iwwerdeems déi Schwächst ee géint deen aneren ausgespillt ginn.

Elo ass d'Representantenhaus rëm an den Hänn vun den Demokraten an dem Trump seng Politik ka gebremst ginn. Fir d'Divisiounen am Land ze behiewen, misst allerdéngs wéi gesot den "Tailspin" gestoppt ginn, mä dat geschitt och net ënnert den Demokraten. Et sief dann, d'Mëttelschicht gëtt sech hirem gemeinsamen Interessi bewosst. Dann zitt d'Politik am Joer 2020 vläicht rëm an eng Richtung ...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.