Commentaire vum Roy GrotzAlles an dréchenen Dicher

Wien alles an d'Regierung kënnt ass fixéiert, nach gëtt um Programm geschriwwen, deen d'Dräier-Koalitioun déi nächst 5 Jore wäert wëllen ëmsetzen. An och do steet scho vill fest. Eent ass sécher, d'Handschrëft vun der LSAP an déi Grénge wäerte mer musse mat der Lupp sichen, dat mengt de Moien de Radio-Chefredakter Roy Grotz.

Commentaire vum Roy Grotz



Well firwat sollt sech d'Premier-Partei, d'DP, vun hirem Wee ofbrénge loossen an ze vill Waasser an de Wäi schëdde loossen? Kee Grond! Absolut keen!

Nodeem ongeféier gewosst ass, wien déi 17 Käpp sinn, déi an der Regierung wäerten d'Soen hunn, nodeems d'DP de Chamberpresident zougestane krut an d'LSAP mam Nicolas Schmit wäert dierfen e gestanene EU-Politiker an der No-Brexit-Zäit an d'Bréisseler Kommissioun schécken, jo wat soll do nach grouss op rout oder gréng No-Go-Limitten opgepasst ginn?

D'LSAP kritt hir 100 Euro Hausse vum Mindestloun zougestanen, dat ass een der Basis, also dem Kongress schëlleg. An dat war et dann och schonn. Näischt méi iwwreg bleiwe wäert vun esou heroesch-soziale Fortschrëttsiddien, wéi der 38-Stonne-Woch, enger sechster Congéswoch oder och nach dem generaliséierten Tiers-Payant.

Pustekuchen och wat d'pousséiert Besteiere vu Kapital ugeet, d'Zréckgräifen op Expropriatioun fir Wunnraum ze schafen, d'Ofschafe vum pervertéierte System vun de Stock-Options a soss farvelue sozialistesch Iddien. Et hätt dem Land gutt zu Gesiicht gestanen, dës Weeër ze goen, mä an engem PACS zu Dräi musse Kompromësser gemaach ginn. Dat wäert och fir déi Gréng gëllen, déi u sech iwwert déi villbeschwueren Aenhéicht ewech kéinte Fuerderunge lancéieren, mä och Si hu gemierkt, datt net mat Allem ze punkten ass, a loosse schonn emol preventiv d'Hänn ewech aus dem Landwirtschaftsministère. Dëst wier dann awer ze vill mam elektorale Feier gespillt.

D'Erausklammen aus dem Tanktourissem wäert sech iwwer ganz laang Transitiounsperiode maachen an och déi ekologesch Steierreform wäert wuel éischter symbolesche Charakter kréien. Dat, wat d'Regierung Macron den Ament iwwert de Mouvement vun de "gilets jaunes" erlieft, well ee sécher net och hei am Land riskéieren, well d'Walresultat mam Succès vun de Piraten huet gewisen, wéi tockskäppeg an net parteikonform d'Wieler kënnen an der Walkabinn ginn, wann déi méi oder wéineger agesiess Parteien hire Wëllen net méi respektéieren an ofgehuewen an hire Sphäre schwiewen.

D'DP, déi sech bis ewell am rouegsten hält vun de gewëllte Koalitiounsparteien a schréi brav a konsequent hire Wee mécht an duerfir och net op Hëllef vun der CSV ugewise war, fir nees a Regierungsresponsabilitéit ze kommen, wäert genee esou konsequent déi liberal Handschrëft an de Regierungsprogramm abréngen an da wäert eng weider Steierreform mat Erliichterunge fir de Mëttelstand d'Kärstéck vun der nächster Legislaturperiod ginn. Besser dann och e Vizepremier wéi den Etienne Schneider Heiheem ze hunn an net zu Bréissel, well mat deenen aneren LSAP-Politiker eventuell net gutt rout Kiischten iesse wier. Och déi Gréng sinn zefridden a kruten déi Ressorten a Posten, déi se wëllen, a wäerten den MDDI-Tower nach esou bal net wëllen verloossen.

Vill waarm Eise ginn der sécherlech net méi ugepaakt, och wa Logement, Stauen an den Aarmutsrisiko besonnesch vun Elengerzéienden zu den akuutste Problemer iwwerhaapt gehéieren. An déi nächst Wirtschafts- a Finanzkris dierft och net op sech waarde loossen, mä och déi wäert mat Pragmatismus an Zesummenhalt geléist ginn, well wa sech d'Dräier-Koalitioun eppes net ka leeschten, dann ass et Sträit ënnerteneen oder Divergenzen, déi no bausse gedroe ginn. Datt do de klengen Bréisseler Clinch tëscht Schneider a Schmit iwwert d'Medien op eemol huet missten diskutéiert, war en Accident de parcours, där wäerte mer dach wuel sécher kee méi erliewen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.