Tëscheruff vum Nico GrafImpressioune vun enger Presentatioun

Déi sommaire Presentatioun vum Regierungsprogramm huet eng dräivéierel Stonn gedauert, an engem proppevoll Sall am Kooperatiounsministère. Hei Impressioune vun deem Event vum Nico Graf.

Impressioune vun der Presentatioun: Tëscheruff vum Nico Graf



Do komme se also, an et kann ee jo guer net anescht, wéi ze kucke wéi déi ausgesinn, déi et elo gepackt hunn. Aha, de Felix Braz huet eng gréng Krawatt un, okay, d'Corinne Cahen, wéi langweileg, huet déi liberal Uniform un, e blot Kleed an de Formateur natierlech eng blo Krawatte, re-langweileg an et lafe Wetten, op den Etienne Schneider eng rout Krawatt unhuet.

Am Raum si bal 3 Dose Journalisten, wou kommen déi all hier? An d'Corinne Cahen an de Felix Braz, déi maachen emol direkt e Selfie a se hunn éischtens Problemer, dee Snapshot ouni Journalisten am Bild fäerdeg ze bréngen, an zweetens weise se genee deenen, datt dat hei en historesche Moment ass, déi zweet Legislaturperiod ouni d'CSV an der Regierung, dat kann ee schonn emol fir d'Éiwegkeet arrêtéieren, knips, knips.

An d'Fotografen, déi halen och iwwerhaapt net méi op mat fotograféieren, d'Spigele vun hire Reflexapparate klapperen eng Véierelsstonn laang, och dat huet ee seelen hei am Land.

An da schwätze se. An et ass zum Deel, wéi wa se nach net bekäppt hätten, datt de Walkampf eriwwer ass. Geschloe véier Mol zitéieren déi vun der DP hire Walslogan, datt et de Leit misst gutt goen, wann et dem Land gutt geet. Do gaapst een da schonn e bëssen a wëll hinne soen, de Wecker huet scho laang gerabbelt.

An et fält op, datt den Etienne Schneider deen eenzegen ass, dee seet, do uewen um Dësch, do géife gläichberechtegt Partner sëtzen. Notéiert, hien huet et wuel néideg dat ze soen. An da kënnt hien och direkt mat den dräi roude Linne vun der LSAP gefuer, ganz houfreg, datt déi gezunn an agehale bleiwen. Déi aner dräi, déi maachen dat méi diskret mat hire Linnen.

A se sëtzen do niefteneen a kënne net dersonner sech iergendwéi ze behuelen. Déi liberal Cheffin huet alles am Bléck, schreift heiansdo en Ziedel, deen approuvéiert dann de Formateur, an de Felix Braz an den Etienne Schneider werfen do ëmmer vun der Säit erbäi e laange Bléck drop. A mir aner wëssen net, wat drop steet.

De Felix Braz sëtzt do seriö a konzentréiert a pëspert emol mam Corinne Cahen. An de Formateur, deen ass iergendwéi fort, verdreemt, meditativ, wéi e Papp wann d'Kanner brav spillen, an heiansdo gëtt et en och dynamesch. Gutt gelaunt sinn der 3, just een net, opfälleg net, den Etienne Schneider kuckt, wéi wann eppes wier, eescht, no bannen, liicht genervt, liicht queesch, e bësse verluer, an déi aner sinn esou gutt gelaunt.

Alle 4 hu se eng Vitesse drop an hire Presentatiounen, wéi wann ee se manu militari forcéiert hätt, an den zougestane sechs Minutten méiglechst vill ënnerzebréngen, oder wéi wa se jonk Leit wieren, déi méiglechst séier weiderschaffe wëllen... a sech nach ëmmer wonneren, datt se däerfen.

Wéi se fäerdeg sinn a goe wëllen, gi se natierlech gefrot, wien da gewonnen huet a wien da verluer huet. An natierlech huet kee gewonnen an et huet kee verluer. Och den Etienne Schneider net, ech hale wuel jo. A wéi mer esou do stinn an dat froen, kënnt de Felix Braz, dréckt den Etienne Schneider a kusst en op de Kapp.

Wéi wann dee misst getréischt ginn.

En hat keng rout Krawatt un.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.