Commentaire vum Joël DetailleSozialistescht Gepëspers

6 Ministere stellt d’LSAP an der neier Regierung. Si deele sech 13 Ressorten op. Eenzelner dovunner ware sou ze erwaarden, anerer éischter manner. Derbäi kënnt en zolitten Duercherneen an der Partei. Dozou e Commentaire vum Joël Detaille.

De Commentaire vum Joël Detaille



Dass d’Lompe bannent der LSAP sténken, ass net eréischt zanter der Demissioun vun der Ost-JSL kloer.

Scho vill méi laang gëtt et partei-intern Reiwereien, déi och elo, wou de Koalitiounsaccord steet, nach laang net schéngen opzehalen.

Dass d’Tess Burton beim Verdeelen vun de Ministesch-Posten iwwergaange ginn ass, schmaacht ville Komerode guer net.

Et hätt Drock vu ganz uewe ginn, héiert een. Vun engem Minister, deen ze verstoen ginn hat, dass déi Zweet-Gewielt op der LSAP-Ostlëscht net kompetent genuch wier, fir Regierungsaarbecht ze leeschten, gëtt gepëspert.

Also bleift fir déi jonk Mamm, vun 33 Joer, de Wee an d’Chamber – Vläicht... Eréischt sollt en Nicolas Schmit op säin Deputéierte-Stull verzichten.

Dass den Dan Kersch de Weekend an eisem Background sot, dass d’Tess Burton jo Zitat: "eng jonk Fra, déi viru kuerzem Mamm ginn ass, och nach aner Flichte wéilt erfëllen" – léisst déif blécken... Sous-entendu also: Bleif ewech Kand, a looss déi grouss Jongen dat reegelen.

An de grousse Jong Kersch huet sech duerchgesat, a mam Paulette Lenert seng première conseillère am Inneministère mat an di nei Regierung bruet. Per force, gëtt gepëspert...

Mer halen also fest, eng kompetent Fonctionnairin, déi elo fir de Konsumenteschutz an d’Kooperatioun wäert zoustänneg ginn, kritt de Virtrëtt virun engem, wat mat an d’Wale gaangen ass, a Stëmme gesammelt huet.

Iwwregens, d’Wuert Konsumenteschutz sicht een am LSAP-Walprogramm ëmsoss.

Zanter 94 huet d’LSAP all Wal verluer, an awer gëtt weider regéiert, op mat oder ouni jonke Leit aus der Partei.

Ah dach, mam Taina Bofferding huet e Jonkt et gepackt. Zwar net gewielt, mä eng Fra, a kompetent, am Domaine vun der Aarbecht, schliisslech war Si Gewerkschaftssekretärin.

Aarbechtsministère hätt also logesch erschéngt, ma den Inneministère ass et ginn. An den Inneminister, dee gesäit sech méi als Aarbechtsminister… dat versto wee wëll.

D’Santé an d’Wirtschaft, bekanntermoossen zwee Ressorten, déi ganz enk liéiert sinn - Ironie off - gi vum Etienne Schneider geréiert. De Verhandlungsleader, dee grad sou gär als Kommissär op Bréissel gaange wier, gëtt gepëspert, mä dee Match huet hie géint den Nicolas Schmit verluer... deen, dee keng Loscht méi op Regierung huet, a wahrscheinlech och net op Chamber.

Dass partei-intern laangjäreg Memberen hir Partei-Kaart ofginn, wéi di fréier Fraktiounssekretärin Myriam Schank, iwwerrascht net méi wierklech. D’Glafwierdegkeet vun der Aarbechterpartei steet op der Kipp.

Eng Erneierung muss hir, gëtt gepëspert... Just wéi?, kann ee sech froen. Wann et wierklech driwwer hiergeet, gëtt sech net méi drëms gekëmmert, seet et en demissionäre JSL-Member.

Inhaltstechnesch schéngt et jo alt emol, wéi wann d’Sozialiste sech op ville Punkten konnten an de Koalitiounsverhandlungen duerchsetzen. An der Spillschoul, wéi en involvéierten LSAP-Mann et an engem Bistrosgespréich gepëspert huet.

Obwuel... à propos duerchsetzen: de Logement ass, bei Regierungsresponsabilitéit, dat grousst Uleies vun eis, sot et den 21. September, an der Walcampagne, nach de Generalsekretär Yves Cruchten. Abbé, de Logement gehéiert net zu den 13 roude Ressorten.

Et kann ee gespaant sinn, wéi de Kongress um Dënschdeg den Owend wäert verlafen, a wat d’Basis zu deem ganze Geméchels seet...

Vläicht geet een och einfach ënner, wéi de Walslogan et schonn ugedeit huet – Zesummen....

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.