Commentaire vum Pit EverlingD'Oppositioun kéint et schwéier kréien

D'Confirmatioun vun der blo-rout-grénger Allianz war zwar Millimeter-Saach, ma trotz ultra-knapper Majoritéit huet d'Dräier-Koalitioun de Wand am Réck, anescht ewéi nach 2013. D'Oppositioun kéint et déi nächst 5 Joer jiddefalls schwéier kréien, mengt de Pit Everling.

De Commentaire vum Pit Everling



Zu hirer 17 stounge se e Mëttwoch am Palais, bei beschter Laun – bei deenen enge war se nach besser ewéi bei deenen aner – jiddefalls prett fir déi nächst 5 Joer. Och wa vill Gesiichter déi selwecht sinn, ass d'Situatioun net déi selwecht ewéi 2013.

Deemools goufen et vill Mais an eng Kaz, d'Chef-Mais vu Blo, Rout a Gréng wollten à tout prix déi grouss schwaarz-orange Kaz aus dem Hotel de Bourgogne eraus hunn. No bausse gouf dat natierlech e bëssen anescht verkaaft.

Dës Kéier ass alles anescht, aus 32 Sëtz goufen zwar 31 Sëtz, ma datt Gambia – sou wéi een d'Regierung net méi soll nennen – virufiert, dat gëtt awer net wierklech vun iergendengem a Fro gestallt, souguer net vun der CSV. E Wielerwëllen, deen net géing respektéiert ginn, dat héiert ee kaum éierens. Datt déi stäerkste Kraaft net consideréiert gouf, doriwwer gouf sech eréischt am zweeten Ulaf - loosse mer soen - e bëssen opgereegt.

D'Dräier-Koalitioun Nummer zwee sëtzt fest am Suedel an huet de Moment déi bescht Viraussetzungen, fir beim Wieler gutt unzekommen déi nächst Joren. D'Oppositioun kritt et schwéier, fir un der Majoritéit ze krazen, dat aus méi Grënn:

D'Konjunktur dréint. Et geet dem Land am Moment relativ gutt an et ass Kaddos-Zäit. D'Kritiken um Koalitiounsaccord hale sech bis ewell a Grenzen. De Wieler ass mat deem Dokument op alle Fall net aus der Rou ze bréngen.
Dat och, well déi richteg waarm Eisen an deem Ofkomme feelen, gesellschaftspolitesch Reformen, déi fir riseg Diskussioune gesuergt hätten, déi sinn duerch.

Wéi ass et mam politesche Géigewand?

D'CSV kiert hir eege Schierbelen zesummen, wäert versiche sech personell an inhaltlech ze erneieren. Fir dat bannent den nächste 5 Joer hinzekréien, wäert e schwieregen Exercice ginn. Nei kompetent a charismatesch Leadere falen net vum Himmel. Derbäi kënnt, datt chrëschtdemokratesch Parteien et an enger ëmmer méi säkulariséierter Gesellschaft allgemeng ëmmer méi schwéier kréien, fir mat hiren Iddien ze iwwerzeegen, zemools déi Jonk orientéiere sech politesch éischter anescht.

Och fir déi aner politesch Acteuren dierft et keng Selbstverständlechkeet ginn, fir dobausse bei de Leit Punkten ze sammelen déi nächste 5 Joer.

D'Komponent "Lëtzebuergesch", déi fir d'ADR e wichtegt Standbeen war, schéngt net méi sou ze gräifen. Déi Lénk decke sech inhaltlech vläicht ze vill mat der LSAP an deene Gréngen. Bei de Pirate muss een ofwaarden, ob se et fäerdeg bréngen, fir sech iwwer d'Legislaturperiod eraus ze etabléieren.

D'Zeeche fir Gambia 2 sti jiddefalls gutt, soulaang bei kruzialen Themen, ewéi zum Beispill Logement a Mobilitéit geliwwert gëtt, soulaang aus methodologesche Feeler aus der Vergaangenheet geléiert gouf, soulaang de Bierger net d'Gefill huet, virun de Kapp gestouss ze ginn, datt dat séier geet, léieren déi aktuell Biller aus Frankräich.

Mä loosse mer net ze vill an d'Glaskugel kucken: a 5 Joer ka vill geschéien. Mat der Kris 2008 oder mat der Geheimdéngschtaffär hat och kee gerechent.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.