Commentairen

Manner ass méi, och an der Schoul

RTL - 13.07.2006, 08:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Guy Kaiser, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Op der Verpakung vum Lycée steet geschriwwen 'Ass gëeegent fir Kanner vun 12 Joer un!'

D'Professer ginn, an der grousser Majoritéit, hiert bescht.

D'Studenten, idem.

An awer klappt et net richteg.

Ech wéilt d'Schoul an déi nämlecht Kategorie stiechen, wéi d'Zigarett, also an de Gesondheetsfimmel, oder wéi aner Aktualitéits-Sujeten, déi eng Saach en commun hunn: de Mënsch huet enorm vill Fräiheeten, en huet awer keng Repère méi, an esou entsti ganz grouss Onsécherheeten. An der Educatioun liest sech dat, esou : De Professer mécht sech Suergen ëm de Jugendlechen hir Zukunft, an esou kënnt ëmmer nëmme Matière dobäi. Do ginn et dann Enseignanten, déi et gutt mengen an déi Kanner vu 16 Joer fir eng Prüfung 70 Säiten ze béckse ginn. D'Resultat ass néfaste. De Professer wëll de Kanner eng Chance ginn, a mécht nach just Prüfunge bis 20 Punkten... d'Matière awer, déi ze knuppen ass, bleift déi nämlecht... de Rhytmus tripléiert sech... ganz dovunner ofgesinn, datt et fir den nämlechte Schüler nach eng Dozen aner Proffe ginn... den Élève erstéckt an der Matière, an tëschenduerch de Sproch, dee sech unhéiert, wéi déi al Tirelatäin: net bécksen, verstoen, a w.e.g. autonom sinn. Dofir bleift dem Schüler net déi néideg Zäit. Herno ass en méiglecherweis mat Griechesch a Latäin vollgefriess an ass am Liewen nawell, Dir entschëllegt, domm wéi Bounestréi.

Dat also ass de Mérite vun eisem System: 50 Ongenügender an enger eenzeger Klass, dat ass hautdesdaags keng Raritéit... et sief, d'Professere maachen um Enn vum drëtten Trimester allméiglech Rechenhexereien, fir d'Resultat awer nach opzepoléieren. Datt ee ka kompenséieren ass schéin a gutt, et weist awer, datt mer dem Elève ze vill zoumudden. Ech schwätzen hei net vun deene Schüler, déi sech groussherzoglech futtéieren, grad esou wéineg wéi vun de Professeren, déi op hir Pensioun schaffen. Ech schwätze vum Schoul-Normalverbraucher.

D'Professere missten eng Kéier déi nämlecht Prüfungen an all de Fächer vun enger Klass matmaachen... da géinge se verstoe wat gemengt ass. Vläicht eng Idee fir e Schoulprojet.

Den Desaster fänkt jo schonn an de Kommissiounen un, wou Bicher an Inhalt fir déi verschidde Fächer festgeluecht ginn... de Ministère léisst et gewärden, a weess um Enn, am mannsten, wat an der Schoul passéiert. An esou gnin et Jugendlecher, déi an de Prüfungen zesummebriechen a kräischen wéi eng Maddeléin. An esou ginn et Enseignanten, déi loosse sech erwéchen, well se vun der Schoul vum Liewe geléiert hunn, datt et op deen een oder anere Punkt méi op der Zensur net ukënnt. Et gin där anerer, och nach haut, déi stur bleiwen, an déi d'Schüler 1 Stonn laangop d'Knéie schécken, sou wéi fréier den Här am Duerf.

D'Ganzdaachs-Schoul ass jo näischt aneschters wéi en Aveu, datt een

A) ze vill Matière huet an net fäerdeg gëtt a

B) datt d'Matière net setzt.

Méi ass et net.

Iwwer d'PISA-Generatioun soll een net laachen, et sief, d'68ger Generatioun wéilt sech selwer op de Kënn späitzen. Grad si gëtt net eenz mat de ville Fräiheeten, an also mat de grad esou villen Incertituden... an der Schoul, an am Liewen: mir fäerten, net genuch ze léieren, esou wéi mer d'Sonn an de Poulet fäerten. Fir d'Schoul gëtt et nun eemol keen Tamiflu, dofir, manner ass méi.



13. Dez 07:45  Keen Ewechkucken!
12. Dez 17:10  Mat enger Digitalsteier kréie mir digital Gilets jaunes
11. Dez 18:36  Op der Uewerfläch bliwwen
11. Dez 07:45  Frankräich a Belsch: Et geet drënner an driwwer
6. Dez 07:45  D'Oppositioun kéint et schwéier kréien
5. Dez 12:30  Géint een ass ni e gutt Zil
4. Dez 12:28  Eng politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass….
4. Dez 07:45  Sozialistescht Gepëspers
3. Dez 18:30  Mat neie Veräiner an innovativen Iddien deet d'FLA sech schwéier
3. Dez 18:00  Gilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?