Commentairen

Staarken Tubak, dat Antifëmm-Gesetz.

RTL - 04.07.2006, 09:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Guy Kaiser, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Et gëtt gestëmmt, an dann hunn d'Restaurateuren 1 Mount Zäit, fir sech ëmzestellen. En plus ass et dee Mount, wou d'Handwierk am Kollektiv-Congé ass. Et gëtt gehofft, datt d'Leit an der Vakanz sinn, an datt d'Akzeptanz grouss ass, wa se erëmkommen. Ëmmerhin awer och 1 Mount Zäit fir de Statsminister, sech drun ze gewinnen, a sengem Bureau an engem ëffentleche Gebei opzehalen, mat Dämpen. E bréngt seng Matbierger mat a Gefor. Déi nämlecht Persoun huet zejoer als Finanzminister mam Tubak - sécher net säin eleng- eng hallef Milliard Euro als Accisen akasséiert... 20 Milliarden där aler... a se houfreg sengem Budgetsminister weidergereecht. Fir e gutt Gewëssen ze hunn, mécht de Gesondheetsministère op enger Pancarte de Vergläich mat den Nazi... an dann huet et sech : d'Tubak-Suen sinn am Budget... hoffentlech si se wéinstens gutt ugeluecht, zum Beispill fir déi europäesch Politik vun der Tubaksubventioun z'ënnerstëtzen.

Identesch mat Kyoto. Mir maachen ze vill Knascht... ënner anerem duerch den Auto. Mam Benzin awer kritt de Stat ronn 40 Milliarden aler Frang Joer fir Joer eran... dat géing duergoen, fir Kyoto ze berappen, ëmsou méi, wou d'Certificaten, fir sech fräi ze kafen, zënter Wochen an der Chute libre sinn... mä nee, soe sech d'Häre Juncker a Frieden, d'Leit zu Lëtzebuerg si gedëlleg... an Hex, Hex, Hex, ass eng nei Steier décidéiert.

Ganz bosseg, de Statsminister, dee sech, zesumme mam Wiertschaftsminister, iwwert den Accord tëscht Arcelor a Mittal gefreet huet an deen am Parlament ukënnegt: d'plus-value aus den Dividende geet duer, fir datt d'Solidaritéits -Steier net brauch ropgesat ze ginn, sou wéi dat hätt solle sinn. Doriwwer freet sech d'Patronat. War do nach een engem eppes schëlleg? Et sief. D'Gewerkschaften LCGB an OGBL hu sech op alle Fall zu Wuert gemellt an drun erënnert, datt d'Décisiounen aus der Tripartite als eppes Ganzes ze bewäerte sinn. Wann also iergendeppes réckgängeg gemaach gëtt, misst d'Tripartite nees aberuff ginn. Dat huet de Statsminister net gemaach...hin ass ganz einfach frou iwwert den Accord, Enn Abrëll, wou et duerchaus hätt kéinten zu engem Éclat kommen... tëscht Gewerkschaften a Regierung, an esouguer zu engem Sträit an der grousser Koalitioun.

Dobäi versteet de Stat nach ëmmer net, ze spueren. Ech sinn houfreg op de Pei-Musée... an déi geplangte 5 Milliarde ware mir dofir net ze schued. Mä, wéi all Projet gouf en net nëmme méi deier, e gouf vill méi deier. Schonn haut wësse mer, datt mer a spéitstens a engem Joer vill ze laache kréien, wann et ëm déi nei an ëm déi fuschnei Bréck iwwert der Péitrus geet. Idem mam Tram duerch d'Stad. Dobäi weess d'Regierung, datt dat net um zoustännege Minister läit, mä, um Gesetz. Et bräicht een et just z'änneren.

Mä, firwat soll een dat maachen... mir hunn et jo... d'Situatioun erënnert mech un déi al Réimer: ween am Senat dra war, wollt net méi géint de Stroum schwammen... en huet jo mat profitéiert.

Oder, fir e méi modernt Bild: mir sinn op der Titanic... a spillen op der Gei... sou laang, bis et net méi geet.



6. Dez 07:45  D'Oppositioun kéint et schwéier kréien
5. Dez 12:30  Géint een ass ni e gutt Zil
4. Dez 12:28  Eng politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass….
4. Dez 07:45  Sozialistescht Gepëspers
3. Dez 18:30  Mat neie Veräiner an innovativen Iddien deet d'FLA sech schwéier
3. Dez 18:00  Gilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?
30. Nov 12:26  Alldagssexismus anno 2018
30. Nov 07:30  Impressioune vun enger Presentatioun
29. Nov 07:45  D'Leit an der Lutte géint de Klimawiessel mat huelen
27. Nov 07:45  Brexit, snif