Commentairen

De Bier Bruno... zu Gast bei Freunden...

RTL - 29.06.2006, 09:52 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Pierre Reyland, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

De leschte Méinde gouf a Bayern de Bruno erschoss. De Bruno wor e bronge Bier, deen éischten a Bayern, zënter 170 Joer. Mee de Bruno huet ee kapitale Feeler gemaach : hee koum de Mënschen ze vill no....

« Zu Gast bei Freunden”, ass de Slogan vun der Fussballweltmeeschterschaft. Däitschland als oppent, frëndlecht Land, also, wou jidderee wëllkomm ass. Dat duecht och de Bruno, deen zwee-Joer-alen, bronge Bier, deen am italieneschen Trentino gebuer gouf a vun do weidergezunn ass, iwwert déi artifiziell Grenzen, an den éisterräicheschen Tirol a vun do a Bayern, wou de Bruno de 17te Mee fir d'éischt gesi gi wor.

Eng Sensatioun: 170 Joer laang hat et kee Bier méi ginn a Bayern, d'Politiker an d'Ëmweltschützer hu sech op d'Schëller geklappt, endlech wier och Bayern nees e “Bärenland”, wéi schéin dat dach wier, wéi gutt se dach géife funktionéieren, déi Programmer fir d'Bieren, nodeems se ausgerott goufen, nees an Europa anzeféieren, wéi naturbewosst d'Mënschen dach hautzedags wieren, de Bruno, e Pracht-Exemplar, gouf mat oppenen Ärm emfaangen, just zur Zäit fir d'Fréijoer a fir de Fussball.

Mee eppes gouf séier kloer : de Bruno huet dat Spill net matgespillt. Déi sëlleg Bieren-Experten hunn explizéiert : normalerweis wieren d'Biere schei a géifen d'Leit vermeiden. Dat kann ee verstoen, mee de Bruno hat dat wuel net geléiert oder net verstan. Well de Bruno blouf net am Bësch setzen fir sech vun Touriste mat digitale Kameraen fotograféieren ze loossen, de Bruno koum nuets bei d'Häff an huet do Schof an Hénger gerass an aus Beiestäck den Hunneg erausgeleckt.

Wat de Bruno wuel maache géif, wann en engem Grupp vu Nordic Walkers géif begéinen ? Net auszedenken - duechten d'Autoritéiten, an dee léiwe Bruno gouf, iwwer Nuecht, zum grousse Problem. Ëmmer nach zu Gast, awer net méi bei Freunden.

Pakt Är Flënten aus, soten d'Autoritéiten a Bayern an am Tirol hir Jeeër - wéini kritt ee schonn d'Geleeënheet, e Bier z'erschéissen - mee déi hu sech gedëllege mussen : aus Norwege goufen nach Experte geruff, fir de Bier ze fänken. Zwou Woche laang hu se probéiert. Mee de Bruno wor eben e Bier an huet sech an den Alpen a och soss besser auskannt wéi déi norwegesch Experten.

D'Jeeër, par conter, haten en direkt. Knapps wor d'Autorisatioun fir den Ofschoss nees eraus, gouf de Bruno mat enger eenzeger Kugel erschoss, aus enger Distanz vun 150 Meter, op enger Alm iwwert dem Spitzingsee. E wier direkt dout gewiescht, sot deen anonyme Jeeër. E Betäubungs-Schoss wier, errr, net méiglech gewiescht.

Tjo, sot de bayreschen Ëmwelt-Statssekretär Otmar Bernard, wéi een op d'Kritik reagéiert huet : « En normale Bier ass bei ons häerzlech wëllkomm », sot heen, mee de Bruno wor net normal, de Bruno wier e Risiko-Bier.

E Bier ouni Risiko ass wéi e Bësch ouni Beem oder e Mier ouni Fësch, kéint een do soen. D'Mënschen hätte gären d'Natur - awer nëmme kontrolléiert, nëmmen ziviliséiert Natur. Ouni Risiko, ouni dass ee sech d'Fanger knaschteg mécht. Eng Vue op d'Alpen vun der Brenner Autobunn aus dem klimatiséierten Auto, eng Visite Guidée um Mount Everest, e Bier dee keng Schof räisst a weess, wéi ee sech behëllt.

Mee keng Angscht : de Bruno ass zwar dout, mee e bleift Gaascht an deem frëndlechen Däitschland. De Bruno gëtt elo opgestoppt a kënnt an d'Schlass vu Nymphenburg, an de Musée “Mensch und Natur”.



6. Dez 07:45  D'Oppositioun kéint et schwéier kréien
5. Dez 12:30  Géint een ass ni e gutt Zil
4. Dez 12:28  Eng politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass….
4. Dez 07:45  Sozialistescht Gepëspers
3. Dez 18:30  Mat neie Veräiner an innovativen Iddien deet d'FLA sech schwéier
3. Dez 18:00  Gilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?
30. Nov 12:26  Alldagssexismus anno 2018
30. Nov 07:30  Impressioune vun enger Presentatioun
29. Nov 07:45  D'Leit an der Lutte géint de Klimawiessel mat huelen
27. Nov 07:45  Brexit, snif