Commentairen

Fusioun Arcelor-Mittal... nach Froen?

RTL - 28.06.2006, 15:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Marc Linster, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Och no den zousätzlechen Explicatiounen vum Arcelor-Management an der Déclaratioun gëschter Owend vum Statsminister Jean-Claude Juncker op der Chamber-Tribün huet den normal Stierflechen nach ëmmer grouss Problemer fir de risege Revirement an dësem Krimi ze verstoen.

Viru 5 Méint war de Lakshmi Mittal nach dee Béisen, elo ass heen deen ideale Partner fir d'Arcelor-Quantitéit a Qualitéit ginn op eemol Hand an Hand.

Firwat dës Fusioun elo déi optimal Léisung soll sinn, versteet den Otto- Normal-Bierger och haut nach net. Do sinn d'Häre Juncker, Krecké an eventuell nach Frieden an enger privilegiéierter Positioun. Si goufe jo sécher vun der Arcelor-Generaldirektioun um Lafende gehal.

A fir ween ass et déi optimal Léisung? Fir d'Actionären, fir déi nei Entreprise, fir d'Entwécklung um weltwäite Stolmaart oder fir de lëtzebuerger Stat, deemno fir eist Land.

Ech hu Vertrauen an eise Statsminister an gleewen him, dass aus der Siicht vun der Regierung Arcelor-Mittal dat bescht fir eist Land ass an ech zécken net ee Moment unzehuelen, dass säi Wiertschaftsminister säi mënscheméiglecht gemaach huet, fir dat ze rette wat nach ze rette war. De Siège bleift hei zu Lëtzebuerg, de Lakshmi Mittal well (mol op mannst an der Theorie) de lëtzebuerger Sozialmodell respektéieren, et heescht och de Site Lëtzebuerg wär ofgeséchert an et géife keng Leit entlooss ginn. Doriwwer eraus mécht de Stat bei dësem Deal och nach Suen. Dat ass wuel aus der Siicht vun der Regierung eng gutt Saach an de Maximum wat de Statsminister a säi Wiertschaftsminister Jeannot Krecké erausschloe konnten.... mä och an der Regierungs-Équipe zweiwelt wuel keen drun, dass eng Mega-Fusioun an Zukunft Personalofbau mat sech bréngt. Mä wéi sot mer e wichtege Minister, deen natierlech net genannt wëll ginn: wat interesséiert eis, wat a Polen oder soss entzwuesch geschitt, d'Haaptsaach bei eis behalen d'Leit hir Schaff.

Wat awer och am Premier Jean-Claude Juncker senger Interventioun um Krautmaart däitlech gouf, ass d'Tatsaach, dass d'Politik am Zäitalter vum Casino-Kapitalismus nach (wann iwwerhaapt) just e minimalen Afloss op ekonomesch Prozesser huet. An enger seelener Direktheet huet de Jean-Claude Juncker nämlech ervirgestrach, dass och heen net weess, ob dëse Match elo eriwwer ass oder ob et nach eng Verlängerung gëtt. Do muss ee mol ofwaarden, wat den Här Mordaschow Wëlles huet.

Et fält awer och op, dass mir hei zu Lëtzebuerg, sief et op Säite vum Arcelor-Management ass, wéi op Säite vun der Regierung den Androck vermëttelen, wéi wann d'Arcelor de Match gewonnen hätt, an der internationaler Press duergéint heescht et, Mittal géif d'Arcelor schlécken. Wéi et wierklech ass, kann ech als normal Stierflechen net jugéieren.

Egal wéi... deen neie Stol-Ris vu mar huet net méi vill mat der Arcelor vun haut ze dinn an den Afloss vum Aktionär Stat tendéiert géint Null.



18. Okt 18:30  Vollekspartei, CS
18. Okt 07:45  Eng Fro vu Gerechtegkeet
17. Okt 20:00  Der CSV hir Flucht no vir
17. Okt 12:30  CSV: A wat lo?
16. Okt 07:45  Walen 2018: Ee Gewënner an 3 Verléierer
15. Okt 18:00  Sky full of stars
12. Okt 20:00  5 Woche Walkampf, 18 Stonnen op der Télé
11. Okt 07:45  Firwat ass meng Stëmm manner wäert?
9. Okt 07:45  Lëtzebuerg am Joer 2068
8. Okt 07:45  Wat fäerte se?