Commentairen

Fussball-Nationalismus

RTL - 22.06.2006, 08:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Danièle Weber, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Datt d'Fussballweltmeeschterschaft ass, ass och zu Lëtzebuerg, op mannst plazeweis, net ze iwwersinn.

Do probéiert alt jiddereen säi klenge Faibel fir Fändelen op seng Aart a Weis auszeliewen; gutt dass elo Nationalfeierdag ass, dann däerfen d´Lëtzebuerger wéinstens och endlech matmaachen.

Als Symbol vun der Net-Integratioun sinn déi sëllechen auslännesch Fändelen, déi plazeweis uechter d'Land d'Heiser dekoréieren , an engem Commentaire am Tageblatt bezeechent ginn. An d´Editorialistin war sech esou guer net ze schued, fir ze behaapten, dës Dekoratioune wären illegal... wa schonn, da misst een niewent all auslännesche Fändel och ee Lëtzebuerger rout -wäiss-bloen hänken.

Ee Message, iwwert deen een nëmmen de Kapp rësele kann, esouguer wann een am allgemenge kee Fändelsfan oder esouguer ee richtegen Anti-Nationalist ass.

Eng Fussballweltmeeschterschaft ass ëmmer eng gutt Geleeënheet fir säi klenge Faibel fir Fändelen a soss National Gefiller auszeliewen. Dat weist sech dëser Deeg och an Däitschland - hei kann ee scho bal vun engem nationalen Opotme schwätzen. Endlech kann een ongenéiert matmaachen, endlech muss een net méi op déi leideg Vergaangenheet Récksiicht huelen. Nach ni zënter der Nazi-Zäit, war schwaarz-rout-gold esou omnipresent an Däitschland.

Genee ewéi déi däitsch Nationalhymne, mee wann een ewéi de President vun der Educatiounsgewerkschaft GEW drop opmierksam mécht, datt dës Melodie bei deenen, déi ënnert dem Nationalsozialismus gelidden hunn, nach ëmmer net gutt ukënnt, gëtt hien just ausgepaff.

Sou Téin wëll an Däitschland kee méi héieren, et wär awer, vu d'Realitéit, duerchaus ubruecht.

Dat nämlech, de Slogan vun der Fussballweltmeeschterschaft 'Die Welt zu Gast bei Freunden' nach laang net ëmmer den Nol op de Kapp trëfft, huet vrun e puer Wochen ee Beispill vun engem afrikanesche Spiller an Ostdäitschland gewisen. All Kéier, wann de Mann mat der schwaarzer Hautfaarf op den Terrain koum, hunn d´Spectateuren am Chouer Afen nogemaach. Well hien es sat war, huet e sech enges daags vrun d'Tribüne gestallt an mam Hitlergruss op de Pöbel reagéiert. Eng Provokatioun, déi him eng Plainte vum Parquet abruecht huet. Datt se eng Woch dono nees falegelooss gouf, mécht d´Saach net vill besser - dem rassistesche Mob op den Tribünen ass op alle Fall näischt geschitt. Dobäi ass dëst keen Eenzelfall.

Dogéint ass d'Gedeessems zu Lëtzebuerg ronderëm de Futtball natierlech harmlos, trotzdem sinn awer och d'Lëtzebuerger net ganz flexibel, wat national Symboler ugeet - aus lauter Mat-Freed mat senge Matbierger zum Beispill mam portugisesche Fändel duerch d'Stroossen zéien, fällt kaum engem Lëtzebuerger an.

Do kënnt et éischter emol vir, datt ee Stacklëtzebuerger säi roude Léiw tëscht italienesch Fändelen hänkt, fir ze weisen, wou mer dru sinn. Wuelgemierkt laang vrun Nationalfeierdag - dee jo lo jidder méi oder manner nationalistesch ugehauchten hei am Land eng gutt Geleeënheet bitt , fir bei der Fändel-Folklore matzemaachen.

A propos Flexibilitéit a Fändelen - déi ass anscheinend och am Fussball net ubruecht - wéi ee Fussballspiller vu Ghana nom Mätch géint d'Tscheschesch Republik mam israelesche Fändel iwwert den Terrain gelaf ass, war D'Opreegung grouss - de Fussballist spillt zu Tel Aviv, trotzdem schéngt säi Geste als Affront empfont gi sinn - Ghana huet sech entschëllegt. Firwat am Fong ass net esou kloer - mee et ass eben net egal wien wéi ee Fändel an d'Luucht hält.

Gutt, dass et hei am Land genuch Plaze gëtt, wou een esouwuel Nationalfeierdag a virun allem och de Fussball ouni dat Gefändels an nationaalt Gedeessems genéisse kann - a wou et net vu vir eran kloer ass, wien zu weem hält.



18. Okt 18:30  Vollekspartei, CS
18. Okt 07:45  Eng Fro vu Gerechtegkeet
17. Okt 20:00  Der CSV hir Flucht no vir
17. Okt 12:30  CSV: A wat lo?
16. Okt 07:45  Walen 2018: Ee Gewënner an 3 Verléierer
15. Okt 18:00  Sky full of stars
12. Okt 20:00  5 Woche Walkampf, 18 Stonnen op der Télé
11. Okt 07:45  Firwat ass meng Stëmm manner wäert?
9. Okt 07:45  Lëtzebuerg am Joer 2068
8. Okt 07:45  Wat fäerte se?