Commentairen

Nationalfeierdag

RTL - 15.06.2006, 09:11 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Nico Graf, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Ech hat emol eng Kéier en Turnproff, deen hat eppes Wëlles mat eis. De Mann war vu Formatioun e Beruffszaldot an hie wollt seng Sportsklass in Rei und Glied marschéiere loossen, zwee an zwee, gauche-droite, gauche-droite. Mee dat goung net, well d'ganz Klass huet rebelléiert, ass duerchernee gelaf wéi en Trapp Hénger, dat war e puer Joer no 1968, mir Schüler wollten a konnten net wéi Zaldoten dorëmmer lafen. Scho guer net a kuerze Boxen a mat Turnschlappen.

D'Natioun awer, déi bréngt dat Joer fir Joer fäerdeg, sech militäresch opzestellen, wa se sech feiert. An d'Uniforme sinn dobäi iwwerhaapt keng Niewesaach, stellt Iech déi Uniforméiert alleguer a kuerze Boxen an Turnschlappe vir, da wësst Dir vu wat ech schwätzen. An d'Uniformen, déi hunn hiren Zweck, se maachen anonym, eben uniform; wien esou eppes unhuet, dee follegt, wann et muss si blannemännerchers - je, just all dat, wat mir Lëtzebuerger haassen un den Nazien, déi fir eist Nationalgefill gesuergt hunn, genee dat si mir dann och e bëssen: nämlech uniforméiert Preneur d'Ordres, Befehlsempfänger. An dat op deem Dag wou mir esou äerdeg feieren, datt mer si wat mer bleiwen an datt mer d'Herremënschen aus dem Land gehäit hunn, Groussherzoginsgebuertsdag, vive d'Charlotte.

Op Nationalfeierdag misst eist Vollek dans le désordre mam Grand-Duc dorëmmer trëppelen an drénken an iessen a Spaass hunn. Diskutéiere mat der Grand-Duchesse, potere mam Grand-Duc, danze mam Premier, mee och mat Jenni a Menni - Mä wat kéint do net alles geschéien, gell Dir, do sinn eis Paafen an d'Sécuritéit vir.

A wann een dat esou denkt, da mierkt een, datt mier e ganz penible Géigesaz tëschent Fête Populaire an offizielle Feieren hunn.

Well wann d'Plebs fäerdeg ass mat Gesëffs a Freedefeier a Musek, da gëtt et Eescht, deen Dag drop, da feiert d'Natioun sech als Stat. Dat ass irgendwéi richteg, well nobäi 100% vun de lëtzebuerger beim Stat schaffe wëllen, an nobäi 100% vun eisen Auslänner a Frontalieren an der Privatwiertschaft schaffe mussen. De liberale Claude Meisch, dee jo alles ass, me kee queesche Virdenker, deen huet dëser Deeg gesot, de lëtzebuergesche Stat kriit e Legitimatiounsproblem, wann d'Auslänner net den duebele Pass kriiten, si misste kënne matwiele goen. En hätt och kënne soen, datt mer lues a lues en Apartheids-Stat - o, en agreabelen - mee awer dach en Apartheids-Stat ginn. 460 000 Mënschen am Land an 217 000 Wieler soe wou et hi geet. A wa mer keng Wahlpflicht hätten, da wieren et der vill manner.

Wie feiert sech dann elo op Nationalfeierdag - déi 460 000 oder déi 217 000 an hier Kanner?

Nationalfeierdag, dat war en uniforméiert an e kathoulescht Gefeiers, bis ewell.

An elo geet d'Regierung, oder ass et de Premier eleng, dee gauche-droite gauche-droite haasst, elo gi se dorunner fréckelen. Bon, net ganz couragéiert. D'Giischtercher, d'Protex, d'Pompjeeën, d'Roud Kräiz a verschidde Museks-Corpsen sollen elo um Rousegäertche matmarschéieren, also kéipweis uniforméierter, kéipweis Forces de l'Ordre, kéipweis Leit déi hëllefen a flécken, wann eppes zolitt schief gaang ass. Je, ëmmer nach de Stat als Uerdnungsmuecht.

Feele nach just d'Bréifdréier - an d'Pompisten - déi, wéinst dem Statsbudget.

De Premier denkt verschäerft driwwer no, wéi een d'Zivilgesellschaft - am Géigesaz zum paafegen Deel vun Nationalfeierdag, net am Géigesaz zu de Forces de l'Ordre - wéi een d'Zivilgesellschaft kéint an d'Feierlechkeeten abannen. Et kënnt ee jo an enger Multi-Partite mat Amnesty, mat der FEDIL, mat de Gewerkschaften, mam Gaart an Heem, mat den Auslänner, mat den anonymen Alkoholiker, mat de Basketball-Spiller, mat de Leit quoi schwätzen, wéi esou eppes kënnt organsiéiert ginn - oder sollt een d'Fest chaotesch laafe loossen?

Eng Utopie - jo.

En attendant steet also eise Grand-Duc mat senger vun der Groussmamm a vum Papp geierfter, geléinter Autoritéit virun engem Gebei, wou ee vläit anzwousch nach ARBED entziffere kann, wou geschwënn Mittal oder Severstal dra stëcht, a vis-à-vis schafft de Biltgens Fränz um Chômage.

An d'Rouse bléien op der Place des Martyres a gi roud, schumme sech wéinst deem gauche-droite.

An d'Giischtercher, si kënnen net dersonner, bewaachen de Parking an d'Museken halen de gudden Toun.

Nomëttes um véier.

Well virdrun, gell Dir, luewe mer eiser Här, te deum, an eis Madame, an der Kathedral.

Fir iessen an drénken - därs offizielle Gefréiss - héieren ech, ass dëst Joer manner gesuergt.

Et gëtt gespuert, keng Dépassementer méi beim Ravitaillement.

Wann dat keng Revolutioun ass, zu Lëtzebuerg.



13. Dez 07:45  Keen Ewechkucken!
12. Dez 17:10  Mat enger Digitalsteier kréie mir digital Gilets jaunes
11. Dez 18:36  Op der Uewerfläch bliwwen
11. Dez 07:45  Frankräich a Belsch: Et geet drënner an driwwer
6. Dez 07:45  D'Oppositioun kéint et schwéier kréien
5. Dez 12:30  Géint een ass ni e gutt Zil
4. Dez 12:28  Eng politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass….
4. Dez 07:45  Sozialistescht Gepëspers
3. Dez 18:30  Mat neie Veräiner an innovativen Iddien deet d'FLA sech schwéier
3. Dez 18:00  Gilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?