Commentairen

Kyoto

RTL - 13.06.2006, 08:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Guy Kaiser, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Zënter 5 Joer warnt déi europäesch Ëmweltagence : d'Pollutioun huet zougeholl !

Éischt Konklusioun : deen ale Kontinent, deen dem Rescht vun der Welt wëll Lektiounen erdeelen, ass net grad e Beispill, fir nozemaachen.

Dann : d'68ger Generatioun, déi et net fäerdeg bruecht huet, d'Gesellschaft ze verbesseren, wëll elo wéinstens d'Ëmwelt retten. Dat Politescht an dat Soziaalt ass egal... et gesäit ee grouss, souzesoen, planetaresch. Dat totalitärt Denken huet se allerdéngs net opginn : ween eng aner Meenung huet, gëtt als Irresponsabelen ofgefäerdegt.

Kyoto kascht eis de Spaass vun 20 Milliarde Frang.

Ween ass Schold dorunner?

Do musse mer mol fir d'éischt d'Fro stellen, wee mécht dee meeschte Knascht? Ganz kloer, d'Privatpersoun virum Betrib.

Huet déi Persoun an de leschten 20 Joer vill Alternativen offréiert krut?

Mir hunn: duebel Verglasung, Katalysateur, hunn zimlech massiv vu Mazout op Gas ëmgestallt, mir kréie fir den Diesel, e Russpartikel-Filter.

Wat soss?

Näischt, et sief, sou klengbiergerlech Saachen wéi de Pabeier recycléieren, wat fir vill Leit éischter eng ekonomesch Iwwerleeung wäert ass, wéi eng ekologesch.

De Container, esou léif en geduecht ass, geet net duer, fir dëse Planéit ze retten.

An de leschte 25 Joer hu sech 5 Regierungen ofgewiesselt, dovunner 17 Joer eng grouss Koalitioun. Wär d'Saach eis schonn deemools wichteg genuch gewiescht, bräichte mer haut net mam Finanzknëppel bestrooft ze ginn. Et blouf, wéi sou dacks, bei de Sonndesrieden.

Dobäi ass et tatsächlech liewenswichteg, eppes fir d'Ëmwelt ze maachen... an et soll een d'Déclaratioun vum Statsminister am Mee duerchaus fir boer Mënz huelen: do goung sou vill Rieds vun Ëmwelt, datt ee gemengt huet, déi Gréng géingen hire Fonds de Commerce verléieren. Et soll een dat ganz eescht huelen a bei den nächste Legislativ -Wahlen als Critère benotzen, déi ablécklech Regierungsparteien erëmzewielen, oder awer an den Exil ze schécken.

Nach eng Kéier 20 Milliarden bezuelen ech net... et ginn ze vill aner Problemer, fir déi mer dës Suen bluttnéideg hunn... fir eis Économie, oder, fir déi wierklech aarm an eiser Gesellschaft...mä, schickimicki wéi mer sinn, schwätze mer an der Groussgaass léiwer iwwer „fit a gesond“ wéi iwwer „aarm a krank“.

D'Diskussiounen iwwer Ëmwelt a Gesondheet si beléift... d'Regierung ënnerschätzt dat a schéngt de gudde Score vun de Grénge bei den zwou läschte Wahlen vergiess ze hunn. Oder ass et just eng Moude-Saach? Oder gi mer eis engem Denkfeeler bewosst?

Déi Erwuessen erliewen deen nämlechte Pisa-Débakel wéi d'Jugend. Et mécht een, ier een et weess... et gehäit een net méi alles an d'Poubelle, wat just als wahrscheinlech gëllt, ma et hëllt ee scho Moossnahmen, ier eng Gefohr wëssenschaftlech définitiv feststeet.

Kyoto ass e gutt Beispill: well déi verschidde Ministeren an hiere Sonndesrieden agenäipt woren, koum d'Rechnung no. Mir bezuelen Kyoto, an zwar, andeems mer Auto fueren, nom Motto:

De Benzin ass net gesond fir d'Ëmwelt, en ass et duerchaus fir d'Staatsfinanzen.

Der Regierung bleiwe keng 3 Joer méi, sech eppes méi Gescheites afalen ze loossen, ewéi d'Leit zur Oder ze loossen.



18. Okt 18:30  Vollekspartei, CS
18. Okt 07:45  Eng Fro vu Gerechtegkeet
17. Okt 20:00  Der CSV hir Flucht no vir
17. Okt 12:30  CSV: A wat lo?
16. Okt 07:45  Walen 2018: Ee Gewënner an 3 Verléierer
15. Okt 18:00  Sky full of stars
12. Okt 20:00  5 Woche Walkampf, 18 Stonnen op der Télé
11. Okt 07:45  Firwat ass meng Stëmm manner wäert?
9. Okt 07:45  Lëtzebuerg am Joer 2068
8. Okt 07:45  Wat fäerte se?