Commentairen

Marc Lafontaine - Géosproff

RTL - 01.06.2006, 08:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Marco Goetz, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

An eisem Commentaire haut de Moien huet de Marco Goetz sech vun enger E-Mail inspiréiert gespuert, déi no eisem Interview gëschter am Mëttesjournal mam Géos-Proff Marc Lafontaine um Bureau vun der Redaktioun geland ass.

Ech si schockéiert driwwer, datt Dir 15 Minutte laang engem Perversen de Mikro dohinner haalt“, sou steet et texto an där Mail.

Ofgesinn dovunner, datt de reellen Interview mam Marc Lafontaine méi laang gedauert huet an deen, deen, um Radio diffuséiert gouf manner laang war, geet et ëm de Begrëff „Perversen“.

Ech kennen de Marc Lafontaine perséinlech net, weess also och net op hee pervers Tendenzen huet. Mä, ech kennen awer och keen, deen dat behaapten a virun allem beweise kann.

Zum Gléck ass een an engem Rechtsstat awer onschëlleg bis ee veruerteelt ass.

Wann een also net veruerteelt ass, ergo onschëlleg ass, sech awer Konsequenzen ausgesat gesäit, déi schlëmmer wéi ee Geriichtsuerteel sinn, dann ass eppes faul.

Datt de Marc Lafontaine an der E-Mail als pervers bezeechent gëtt, weist eigentlech, datt iergend engem seng Rechnung opgeet, nämlech déi, fir een Zäitgenossen aus iergendwellech Grënn, vläit sinn et jo déi ominéis Noexamen oder e Manktem u Respekt der Hierarchie vis-à-vis, auszeschalten, monddout ze maachen.

Zënter Dezember 2004 ass de Marc Lafontaine suspendéiert, zënter 3 Woche weess heen, datt heen a kenger ëffentlecher Schoul méi enseignéieren duerf.

Wann ee sech probéiert virzestellen, wat do alles passéiert muss sinn, fir datt een Enseignant esou behandelt gëtt, da geet d'Fantasie mat engem duerch.

Ass heen als Proff besoff an d'Schoul komm, huet hee mat mannerjärege Schüler Kanabis gefëmmt an huet heen hinnen an engem Bistro e Patt Alkohol spendéiert, huet heen ieren heemlech faschistoid Ideeën ënnert seng Schüler bruecht, huet hee vläit souguer d'Ofsetze vum Grand-Duc gefrot?

Neen, dat ass et net wat him reprochéiert gëtt.

Heen huet Fotoe gemaach. Fotoe vu Schüler. An déi Fotoe vun him, déi ech gesinn hunn, weise Portraiten. Op Fotoen, déi ech net gesinn hunn, waren d'Meedercher, wéi et schéngt, plakeg. Ganz oder nëmmen zum Deel, Frozeechen.

Et waren Aktfotoen, heescht et.

Et war vläit net ganz gescheit, sécher awer eng Grëtz ze naiv, vum Marc Lafontaine fir als Proff esou Fotoen vu Schülerinnen, vu senge Schülerinnen ze maachen. Klammer, wéi wier et gewiescht wann hee Fotoe vu Jonge gemaach hätt?

Et war also vläit net ganz gescheit. Ma firwat eigentlech, froen ech mech?

Wéi muss een denken, fir vu vireran an esou Fotoen eppes Schlechtes, jo eppes perverses ze gesinn an dem Proff Hannerhältegkeet a Berechnung ze ënnerstellen an him dann d'Recht ofhuelen an enger ëffentlecher Schoul ze enseignéieren

heescht et net: Am Zweiwel fir den Ugekloten? Woubäi ee präziséiere muss datt de Marc Lafontaine net ugeklot ass, et gëtt net eng eenzeg Plainte vun Elteren, Schüler oder Enseignanten.

A gëschter koum dunn d'Fuerderung vum Parquet, fir datt den Non-Lieu gesprach gëtt an dëser Affaire, déi deemno, aus Mangel u Beweiser, fir d'Justiz keng ass.

Keng riets méi vu Pornografie, Pädophilie an der ganzer Panoplie vu schlëmme Wieder, déi largement fir eng Virveruerteelung duerch d'Vox Panoplie duer ginn.

A genee dat ass dem Marc Lafontaine geschitt.

E Wee zeréck an dat Liewen, dat hee virdrunner hat, gëtt et fir heen net méi.

Dat ass dat wat revoltéiert an dëser Affaire.

An dorunner ass net de Marc Lafontaine Schold.



6. Dez 07:45  D'Oppositioun kéint et schwéier kréien
5. Dez 12:30  Géint een ass ni e gutt Zil
4. Dez 12:28  Eng politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass….
4. Dez 07:45  Sozialistescht Gepëspers
3. Dez 18:30  Mat neie Veräiner an innovativen Iddien deet d'FLA sech schwéier
3. Dez 18:00  Gilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?
30. Nov 12:26  Alldagssexismus anno 2018
30. Nov 07:30  Impressioune vun enger Presentatioun
29. Nov 07:45  D'Leit an der Lutte géint de Klimawiessel mat huelen
27. Nov 07:45  Brexit, snif