Commentairen

Eise Premier krut de Karlspräis

RTL - 30.05.2006, 08:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Guy Kaiser, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Eise Premier huet de Charel, sou wéi mir och de Charel hunn... ech schwätzen natierlech vum Karlspräis. Heen huet ville vun der Séil geschwat, och deenen, déi net en Adepte vum CSV-Stat sinn.

Wat mech perséinlech am meeschten dobäi erstaunt, sinn d'Echoen an der auslännescher Press, virun allem an där däitscher. De Lëtzebuerger Premier gëtt an den allerhéchsten Téin gelueft, virun allem, well e kee Blat vrun de Mond hellt. Dat ass an dësen Zäite vum „politesche Correct' eng absolutt Raritéit... mir hunn eis zu Lëtzebuerg un de Jean-Claude Juncker gewinnt... u seng Launen, u seng Momenter, wou e sech seng Suerge vun der Liewer schwätzt, déi Däitsch par conter kënnen där Sätz net genuch ze héiere kréien. Souguer e fréiere Kanzler, wéi den Helmut Kohl, huet eng ganz aner Sprooch geschwat, zwar sachlech, mä, nëmmen net aus der Zeil gesprong... Korrekt eben.

Chapeau also fir den europäeschen Optrëtt... mir dinn nees vun eis schwätzen.

Mä, well mer eis un de Jean-Claude Juncker gewinnt hunn, an hie sech wuel och un eis, gehéiert et bei eis éischter zum gudden Toun, fir de Premier méi genee ënnert d'Lupp ze huelen, an och ze kritiséieren.

Fir haut wëll ech et bei Europa beloossen.

Den Asaz vun der Persoun Juncker ass net ze leegnen, grad esou wéineg, wéi seng enorm Experienz a säi Fläiss. Domatter ass dacks Lëtzebuerg gehollef - zum Beispill Steier-Diskussiounen, TVA, Bankgeheimnis- allerdéngs net Europa.

Et heescht, ween um Enn vu senger Carrière an der nationaler Politik ukomm ass, gëtt an den europäesche Wanderzirkus tëscht Bréissel a Stroossbuerg geschéckt. Dat gëtt direkt dementéiert, entsprécht awer der Realitéit. Minister kandidéieren op deenen zwou Lëschten, wat scho mol eng éischt Farce ass. Déi zweet kënnt direkt drop: ween heiheem net méi op d'politesch Bühn passt, zum Beispill well e puer Brieder hu mussen ausgetosch ginn, gëtt an déi europäesch Prépensioun geschéckt.

Et geet mir net drëm, ze beuerteelen, op dës Leit eng gutt oder schlecht Aarbecht maachen, awer ëmsou méi, fir ervirzesträichen, datt duerno all d'Fiedem gerass sinn: e fréiere Minister, deen elo zu Stroossbuerg siégéiert, huet quasi ni, offizielle Kontakt mat den abléckleche Minister, vum Krautmaart net ze schwätzen.

Ass dat net en Hohn, respektiv, déi drëtt Farce?!

Do siégéieren déi eng heiheem, déi aner dohannen, a kee schwätzt matenaner... an niewebäi gëtt sech gewonnert, dat de Fiduz an Europa ofhëlt.

Ech proposéiere fir déi nächste Wahlen: eng eenzeg Lëscht. Mir wiele keng 60 Deputéierten, ma 66, a vun deene ginn der eben 6 op Stroossbuerg geschéckt. Dës 6 kënnen awer och am lëtzebuerger Parlament siégéieren: op dës Manéier hu se d'Méiglechkeet, déi national Politik enk ze suivéieren a kënnen zugläich an europäesche Punkten intervenéieren... zum Beispill an deenen 150 Direktiven déi mer hannendra sinn.

Dat héiert sech den Ament utopesch un... mä, Europa war jo och eng viru 50 Joer. Wéi gesot, mir sinn all, e Charel, an dowéinst hätte mer gären, datt mer méi an europäesch Diskussiounen agebonne ginn.

Mir sinn Europa.



6. Dez 07:45  D'Oppositioun kéint et schwéier kréien
5. Dez 12:30  Géint een ass ni e gutt Zil
4. Dez 12:28  Eng politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass….
4. Dez 07:45  Sozialistescht Gepëspers
3. Dez 18:30  Mat neie Veräiner an innovativen Iddien deet d'FLA sech schwéier
3. Dez 18:00  Gilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?
30. Nov 12:26  Alldagssexismus anno 2018
30. Nov 07:30  Impressioune vun enger Presentatioun
29. Nov 07:45  D'Leit an der Lutte géint de Klimawiessel mat huelen
27. Nov 07:45  Brexit, snif