Commentairen

Stroum, Atomstroum, Cattenom,...

RTL - 16.05.2006, 08:36 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Danièle Weber, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

A senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Jean-Claude Juncker d´Diere wäit opgemaach, fir Atomstroum am grousse Stil op Lëtzebuerg ze importéieren. Op alle Fall kéint ee seng Aussoen iwwert d´Zukunft vun eisem Stroumréseau esou verstoen. Wat dat konkret bedeite soll, weess am Ablack keen esou genee. Mee et schéngt och déi, déi haart géint déi legendär Cattenom-Leitung protestéiert hunn, net weider opzereegen. Ass dann elo alles hallef esou wëll gewiescht?

Et géif Froen, déi ee léiwer hätt ewéi anerer, sot den Ëmweltminister Lucien Lux vrun zwou Wochen op enger Pressekonferenz. Gefrot gouf hien no senger Meenung iwwert déi puer Sätz, déi de Premier Jean-Claude Juncker zum Sujet Stroumversuergung gesot hat. 'Mir mussen eis Stroumrésauen mat allen dräi statt wéi bis elo nëmme mat zwee vun eise Nopeschlänner verbannen', sou de Jean-Claude Juncker, ouni ze präziséieren, wat dat genee heescht. Och de Wiertschaftsminister Jeannot Krecké huet e Samschden während senger Ouvertures-Ried fir d´Fréijorsfoire keng konkret Pläng vun der Regierung verroden.

Et muss een awer keen Expert sinn, fir ze wëssen, datt mat dëser Connectioun nëmmen déi legendär Cattenom-Leitung gemengt ka sinn. An anere Wieder: D´Regierung ass elo net méi dergéint Atomstroum am grousse Stil anzekafen. Esou eng Décisioun ass jo am Fong derwäert, e bësse méi breed, diskutéiert ze ginn.

Erstaunlecherweis ass awer bis elo déi grouss Opreegung ausbliwwen. Sief dat den Mouvement Écologique oder Greenpeace - ee Communiqué, an deem géint d´Déclaratioun vum Premier protestéiert gëtt, gëtt et bis elo net. Och um parlamentareschen Niveau halen sech déi traditionell Atomkraaft-Géigner zimlech zeréck. Virop déi Gréng, déi do op eng laang Anti-Nucléaire -Geschicht zeréckkucke kënnen - an déi mam Europa-Deputéierten Claude Turmes de ferventste Géigner vun der Cattenom-Leitung hunn. Mee och hei schéngt de Protest an der allgemenger Euphorie iwwert déi soit-disant gréng Ried vum Premier ënner ze goen. Ee Fraktiounspresident Francois Bausch, deen Owes nom Etat de la Nation am Radio vu 'mir' schwätzt, wann en eigentlech d´Regierung mengt, illustréiert vläicht ganz gutt, ëm wat et hei geet.

Positiv denken, schéngt de Message ze sinn - an elo, wou schonn esou onpopulär Moosnamen ewéi d´Autosteier décidéiert ginn, net zevill mam Fanger op aner désagréabel Sujete weisen. Taktéieren schéngt ugesot - dat och bei den Ëmweltorganisatiounen - déi schliisslech oft genuch an de Ministèren passéieren an do driwwer verhandelen, datt déi eng oder aner vun hiren Iddien an ee Programm mat erafléisst. Just - virdrun Gedäisch maachen, an dono net méi driwwer schwätzen ass vläicht eng gutt Taktik - glaawwierdeg ass et net onbedéngt.

Domat huet och den Ëmweltminister seng Problemer. Hie wär och weiderhin een décidéierte Géigner vun Atom-Energie, sou de Lucien Lux. Ëmmerhi wiert hie sech géint en Argument, wat säi Kolleg Jeannot Krecké gären an d´Feld féiert, mir krite souwéisou och schonn am Ablack Atomstroum aus Däitschland oder der Belsch. Eng Connectioun mat Frankräich huet, esou de Lucien Lux, eng aner Qualitéit - well dëst Land am Géigendeel vun deenen aneren eng kloer Pro-Atomstroumpolitik vertrëtt. Dat mécht Lëtzebuerg elo och, och wa mer keen eegent Atomkraaftwierk hunn - an och wann een dat léiwer net esou däitlech seet.



13. Dez 07:45  Keen Ewechkucken!
12. Dez 17:10  Mat enger Digitalsteier kréie mir digital Gilets jaunes
11. Dez 18:36  Op der Uewerfläch bliwwen
11. Dez 07:45  Frankräich a Belsch: Et geet drënner an driwwer
6. Dez 07:45  D'Oppositioun kéint et schwéier kréien
5. Dez 12:30  Géint een ass ni e gutt Zil
4. Dez 12:28  Eng politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass….
4. Dez 07:45  Sozialistescht Gepëspers
3. Dez 18:30  Mat neie Veräiner an innovativen Iddien deet d'FLA sech schwéier
3. Dez 18:00  Gilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?