Commentairen

TNS-ILReS RTL Sondage

RTL - 12.05.2006, 09:07 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Perceptioun vun der Ried iwwert d'Lag vun der Natioun an de Resultater vun der Tripartite

D'Regierung huet d'Situatioun net esou immens am Grëff, de lëtzebuerger Modell vun der Tripartie ass awer trotzdeem och haut nach efficace. Um Index ass manipuléiert ginn, och wann en erhalen bleift, an um Niveau vum Wunnengsproblem gëtt sech ganz vill vum Staat a vun de Gemengen erwaart...dat sinn nëmmen e puer Resultater aus engem neien TNS-ILReS-Sondage iwwert dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun an d'Décisiounen vun der Tripartite, déi RTL an Optrag ginn hat.

590 Persounen, iwwer 15 Joer, goufen fir dee Sondage gefrot, an 82% soten sech interesséiert un der Ried vum Premier an der Tripartite an 71% och informéiert.

Dem Premier seng Analyse gëtt gréisstendeels gedeelt. Eng Majoritéit vun de Leit mengt, datt beim Staat zevill verdéngt gëtt, d'Nullronn fir d'Staatsbeamten fir déi nächst zwee Joer fënnt Versteesdemech.

D'Mesuren am Beräich vun der Aarbecht schéngen de Leit am wichtegsten. Mat den 1000 neie Léierplazen, den 10.000 zousätzlechen Versuergungsplaze fir Kanner sinn d'Leit zefridden. Am Beräich 'Bauen a Wunnen' muss och onbedéngt eppes geschéien.

D'Hausse vun der Autosteier gëtt da gemëscht opgeholl. Datt d'Cotisatioun fir d'Flegeversécherung erop geet, gëtt majoritär toleréiert, de Kyotobäitrag mam méi deiere Petroll fënnt awer manner Frënn an och d'Gefréckels um Index ass net sou beléift.

Allgemeng ass e Gros vun de Leit mat den eenzelne Moosnamen averstanen, mä begeeschtert sinn d'Leit net!



6. Dez 07:45  D'Oppositioun kéint et schwéier kréien
5. Dez 12:30  Géint een ass ni e gutt Zil
4. Dez 12:28  Eng politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass….
4. Dez 07:45  Sozialistescht Gepëspers
3. Dez 18:30  Mat neie Veräiner an innovativen Iddien deet d'FLA sech schwéier
3. Dez 18:00  Gilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?
30. Nov 12:26  Alldagssexismus anno 2018
30. Nov 07:30  Impressioune vun enger Presentatioun
29. Nov 07:45  D'Leit an der Lutte géint de Klimawiessel mat huelen
27. Nov 07:45  Brexit, snif