Commentairen

D'Lag vun der Natioun : Vun der Theorie an d'Praxis

RTL - 09.05.2006, 08:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Commentaire:

Guy Kaiser, RTL Radio Lëtzebuerg

_________________________________

Op der Tripartite goufe vill Décisioune geholl, fir op déi eng oder aner Manéier, de Statsbudget fir déi nächst Joren an den Equiliber ze bréngen. Dat ass fir déi meescht vun eis net sonnerlech spannend, ausser, datt mer wëssen, datt mer e bësselche manner an de Beidel kréien.

Der Regierung blouf awer nach Sputt, fir deen een oder aneren Dram... besonneg a punkto Ëmwelt.

Den zoustännege Minister Lucien Lux huet gemengt, et géing keen um Sënn vum Kyoto-Accord zweiwelen... Perséinlech kennen ech der awer net vill, déi komplett dovunner iwwerzeegt sinn. Bal jidderee seet resignéiert: méi e groussen Accord war net dran.

Wann dat Ganzt eis tatsächlech sollt 500 Milliounen Euro kaschten, dann ass dat kee klengen Dreck: ëmmerhin 20 Milliarden där aler Frang. Et wier schéin, wann déi Suen net liichtfankeg géingen investéiert ginn, a Projeten, déi haut grouss sinn, a muer kee méi kennt.

D'Regierung kéint awer tatsächlech eis Energiepolitik revolutionéieren, mat der Biomass!

Dat ass nämlech alles anescht, wéi aus der Loft gegraff! Ee Land wéi Schwede wëll bis 2020 komplett onofhängeg si vum Pëtrol, a produzéiert säi schwaarzt Gold selwer: aus 4 Kilo Holz entsteet 1 Liter Benzin. Et kann een dorauser och Stroum maachen, mee, domatter eleng kënnen d'Atomwierker net ersat ginn. Pour la petite histoire: d'Schweden hu scho vrun iwwer 20 Joer décidéiert, aus der Atomenergie erauszeklammen, an hunn et bis haut net gemaach.

Dreem hunn eben och hir Grenzen!

Fir zréck op Lëtzebuerg ze kommen: Holz hu mer méi wéi genuch, mat 88.600 Hektar Bësch. Mir sinn houfreg drop, mee, déi Bëscher sinn net ëmmer esou an der Rei, wéi se dat sollten. Dat soen ech net, fir de Fieschter eng auszewëschen, ganz am Contraire; et feelt um néidege Personal, an déi nämlecht Feststellung gëllt iwweregens och fir esou munneche Privatbesëtzer.

Lëtzebuerg huet also déi néideg Matière Première. Et wier gutt, wann aus de Wieder vum Statsminister, ganz séier, Realitéit gëtt, datt et zu engem Ofkommes kënnt tëscht dem Stat, de Gemengen, de Bauren an de Bëschbesëtzer; a fir datt séier eng Fabrik ka gebaut ginn, wou geschwënn, klore Benzin erausgedrëppst kënnt...net CO2-fräi, mee dach, CO2-neutral. Dat internationaalt Diktat vun de Pëtrolspräisser hu mer eis 25 Joer gefale gelooss... jidderengem war et egal. Elo, wou et wierklech wéi deet, gëtt de Mënsch endlech innovativ. Esou gesinn, stëmmt de politeschen Axiom: Ekologie ass nëmme méiglech, wann d'Économie et zouléisst.

De Statsminister huet et ugekënnegt... de Mann sollt ee sérieux huelen, wéi d'ganz Regierung. Un hirem Dynamismus gëtt se gemooss, spéitstens bei den nächste Wahlen... déi Équipe muss sech bewosst sinn, datt se enorm gefuerdert ass. Vru Jore war d'Regierung enger Hexemaschinn op de Läim gaangen... aus Biomass Spritt zauberen, dat fonctionnéiert; dofir net laang gezéckt: de Projet muss nach dëst Joer um Dësch leien, ... och aus ekonomesche Grënn, well d'Onzefriddenheet wäert wuessen an den nächste Joren, wa mer all Kéier mussen 20 Milliarden iwwert d'Schëller maachen.



6. Dez 07:45  D'Oppositioun kéint et schwéier kréien
5. Dez 12:30  Géint een ass ni e gutt Zil
4. Dez 12:28  Eng politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass….
4. Dez 07:45  Sozialistescht Gepëspers
3. Dez 18:30  Mat neie Veräiner an innovativen Iddien deet d'FLA sech schwéier
3. Dez 18:00  Gilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?
30. Nov 12:26  Alldagssexismus anno 2018
30. Nov 07:30  Impressioune vun enger Presentatioun
29. Nov 07:45  D'Leit an der Lutte géint de Klimawiessel mat huelen
27. Nov 07:45  Brexit, snif