Commentairen

Home a Car Jacking: Angscht zu Lëtzebuerg!

RTL - 26.09.2003, 13:50 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29

Abriecher, déi et op den Auto ofgesinn hunn. Autoklau am hellen Dag, matzen op der Strooss: den Home a Car Jacking ass och ewell zu Lëtzebuerg en Thema.

Wat ass e Car Jacking?

E Car Jacking ass näischt anescht wéi ee klasseschen Autoklau, mam Ënnerscheed dass den Auto net opgebrach gëtt, mais de Chauffer an eventuell Passagéier present sinn an dass d'Täter den Auto mat Gewalt oder Menacen an hiere Besëtz bréngen.

An 2 vun 3 Fäll geschitt de Car Jacking op der Strooss, nom Modell vum amerikanesche Street Jacking. Déi meeschten Iwwerfäll geschéien nuets, een drëttel an de Parkhaiser an op de Parkingen.

Zu Lëtzebuerg bleift de Car Jacking zwar nach e marginale Problem, mais trotzdem réit d'Police fir virsiichteg ze sinn. 2002 goufen 10 Car Jackingen zu Lëtzebuerg enregistréiert, an den éischten 8 Méint vun dësem Joer goufe 5 Autoen iwwert dee Wee geklaut. Berouegend ass, dat d'Police alle 5 Gefierer erëm fonnt huet.

Wéi schützt ee sech géint Car Jacking?

Hei si 7 gutt Rotschléi vun der Police :

• Wann Dir um Wee bei Ären Auto sidd, sollt Dir d'Schlësselen an Ärer Täsch halen an se eréischt eraus huelen , wann Dir virum Auto stitt, fir kengem ze weisen, dat Dir wëlles hutt an en Auto ze klammen.

• Oppassen op suspekt Persounen, déi Iech nogeet oder an der Géigend vum Auto steet. Wann dat de Fall ass, gitt net op d'Persoun zou, mais maacht en Ëmwee, gitt an e Geschäft oder soss anzwousch. Wann Dir zeréck kommt an déi Persoun steet nach ëmmer bei Ärem Auto, an Dir fillt Iech menacéiert, kontaktéiert d'Police um 113.

• Maacht op kee Fall d'Schlëssele vun Ärem Auto a vun doheem op dee selwechte Schlësselbond.

• Wann Dir am Auto sidd, späert am beschten d'Diere vu bannen. Dir kënnt d'Späer nees eraus maachen, wann Dir ënnerwee sidd a mat enger acceptabeler Vitesse fuert. Am Stadverkéier a bei roude Luuchte sollt Dir Är Dieren ëmmer späeren .

• De Guert protégéiert Iech am Fall vun engem Accident, mais mécht et och méiglechen Täter och méi schwéier, fir Iech aus dem Auto eraus ze zéien.

• Wann eng Persoun probéiert Är Dier opzemaachen, sollt Dir tuten an d'Blénkluuchten umaachen.

• Bleift wa méiglech ëmmer op Distanz, virun allem hannert engem Auto deen d'Strooss blockéiert.

Wat soll ee maache bei engem Car Jacking?

• Op kee Fall soll ee probéiere fir sech ze wieren oder dem Täter Angscht ze maachen.

• Et soll ee souvill wéi méiglech speziell Kennzeeche vum Täter mémoriséieren, wa méiglech ouni dat den Täter et mierkt.

• Direkt soll ee sech an engem Police Büro mellen oder der Police uruffen.

Wat ass en Home Jacking?

Ënnert Home Jacking versteet een allgemeng, wann an en Haus agebrach gëtt fir d'Schlëssele vun engem Auto ze klauen. Dat ka geschéien, ouni dass d'Täter d'Victime menacéieren oder mat Gewalt virginn , mais de Géigendeel ass awer och heiansdo de Fall. Zu Lëtzebuerg gouf 1 Home Jacking mat Gewalt bannen den 2 leschte Joer enregistréiert.

2003 ass bis elo d'Zuel vun den Home Jackingen drasteg erof gaang, virun allem well d'Police d'lescht Joer eng Band gepëtzt hat. 19 Vole goufen an den éischten 8 Méint 2003 gemellt (58 am Joer 2002). 15 Autoe goufe fonnt, déi meescht an der Belsch an am Frankräich.

Wa virun e puer Joer nach haaptsächlech deier Autoe geklaut goufen, ass d'Situatioun haut awer anescht. All méiglech Marken an all méiglech Kategorie vun Autoe sinn haut gesicht, dachs als Transportmëttel fir Iwwerfäll oder Drogentransporter.

Wéi schützt ee sech géint en Home Jacking?

Och hei, 7 gutt Rotschléi vun der Police :

• Et soll een, wa méiglech, den Auto an eng Garage stellen. Wann dat net méiglech ass, soll den Auto op enger Plaz stoen, wou net den direkten Zesummenhang mat der Wunneng gemaach ka ginn.

• Et soll een op verdächteg Persounen oppassen, déi am Quartier Haiser observéieren. D'Erfahrung seet dass d'Homejacker am viraus d'Autoen an d'Haiser kucke ginn.

• Wa méiglech soll keen an eng Garage kënnen erakucken. Wa Fënsteren an enger Garage sinn, sollen se mat Rideauen zougehaang ginn.

• Wann nuets Abriecher am Haus sinn, soll ee sech sou séier wéi méiglech bemierkbar maachen, dat heescht d'Luucht umaachen an ëm Hëllef ruffen. An de meeschte Fäll lafen d'Abriecher direkt fort.

• D'Alarm Anlag soll ëmmer ageschalt sinn. Wann d'Anlag e puer mol ugeet ouni dass en Abroch festgestallt ka ginn, heescht dat net onbedéngt dass se futti ass. D'Police hat scho Fäll, wou Abriecher e puer mol Alarm ausgeléist hunn, fir eng Pann virzetäuschen.

• Et soll ee sech ënnert Noperen hëllefen a matenee schwätzen iwwert méiglech verdächteg Persounen. Am geréngste Fall, och wann en Zweiwel besteet, soll een d'Police ruffen um 113.



6. Dez 07:45  D'Oppositioun kéint et schwéier kréien
5. Dez 12:30  Géint een ass ni e gutt Zil
4. Dez 12:28  Eng politesch Erausfuerderung, déi ze meeschteren ass….
4. Dez 07:45  Sozialistescht Gepëspers
3. Dez 18:30  Mat neie Veräiner an innovativen Iddien deet d'FLA sech schwéier
3. Dez 18:00  Gilets jaunes: Ass d’Léisung erwënscht?
30. Nov 12:26  Alldagssexismus anno 2018
30. Nov 07:30  Impressioune vun enger Presentatioun
29. Nov 07:45  D'Leit an der Lutte géint de Klimawiessel mat huelen
27. Nov 07:45  Brexit, snif